arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Kommissioun enquêtéiert géint Internet-Risen
headphones
0 min
Lauschteren
play_arrow
Eng Informatioun vu Bréissel ass an der Lescht kaum vun de Medien opgegraff ginn: d’EU-Kommissioun huet déi grouss Internet-Konzerner déi lescht Zäit ënner Drock gesat. Géint X - fréier Twitter - ass eng Enquête opgemaach ginn. Dat selwecht ass der Verkafsplattform Ali-Express geschitt. Zil ass et, datt och déi grouss Betriber aus dem World Wide Web déi europäesch Reegelen respektéieren. Dozou d’Europachronik vum Sandro Calderon vun der belscher RTBF
Politik a Gesellschaft
Europa
Wirtschaft
mic_none
Presentateur
- Christiane Kleer
Episoden
Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur
De portugisesche Wäin-Secteur ass an der Kris. De Konsum geet erof an d‘Präisser erop. Déi concernéiert Wënzer am Douro probéieren ze reagéieren.
Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?
D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?
Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn
D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen
A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
Deen Alen ass deen Neien
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Minsiterpresident zeréckgewielt.
Belsch a Spuenien: Méi Flësseggas aus Russland
D'EU huet dëst Joer fir iwwer fënnef Milliarden Euro Flësseggas aus Russland akaf, dat ass méi wéi virum Ukrain-Krich. Spuenien huet am meeschte russeschen LNG importéiert. Duerno komme Frankräich an d'Belsch.
Eurodreams: Spill mat Aussiicht op Fréipensioun
Den Erléis vun der Lotterie Eurodreams ass fir ee gudden Zweck - mee d‘Konkurrenz mat anere Spiller ass grouss. An et gëtt och Kritik.
