Klassik Album vun der Woch
E Prënz op der Gei
5 min
Ee jonke Geiist voller Vivaldi-Energie
Théotime Langlois de Swarte – hannert deem laangen Numm verstoppt sech een 28-Joer jonke franséische Geiist, dee voller Energie stécht. Net nëmmen op Concertsbüne, mee och op sengen Opnamen. Op sengem ganz neien Album spillt hien zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”, e Grupp voller jonker Musekerinnen a Museker. E perfekte Match also fir dem Vivaldi seng Musek ze spillen.
Net nëmmen e Prënz vun der Barockmusek
An de franséische Medie gëtt den Théotime Langlois de Swarte dacks als ee vun de “Prenzen vun der Barockmusek” ugesinn. Dat passt och gutt bei säin aussergewéinlechen Numm, deen och nobel klengt. Dee Prëzentitel huet hien awer och wierklech verdéngt, well hie bréngt et fäerdeg, Barockmusek erëm zum Liewen ze bréngen, a gläichzäiteg d’Energie an och d’Rou vun der Musek aus där Zäit verbreet.
Ee grousse Kandheetsdram ass an Erfëllung gaangen
Beim Théotime Langlois dee Swarte ass den éischte Kontakt mat Musek a spezifesch Barockmusek ganz natierlech geschitt. Seng Elteren are Gesangsprofesseren, an dofir huet de jonke Geiist schonn als Kand ganz vill Barockmusek an zemools Vivaldi doheem héieren. An hien hat och selwer matgesongen an engem Chouer deen seng Mamm dirigéiert huet – an och an deem Chouer gouf vill Musek vum Vivaldi gesongen. Et war och ëmmer schonn säin Dram, eemol d’Concertoe vum Vivaldi op en Album opzehuelen.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
Véier Hänn, puer Liewensfreed
Wann d’Schwësteren Danae a Kivali Dörken zesummen um Piano spillen, heescht dat 100 Prozent Energie!
Klassik Album vun der Woch
De Pianist Oliver Triendl huet schonn iwwer 100 Albume mat Musek vun onbekannte Komponisten a Komponistinnen aus der Romantik opgeholl.
Dem Bruckner seng Welt
Als grousse Sinfoniker bekannt, mee als Kierchemuseker ugefaangen.
Analytesch, kohärent a mat enger grousser Transparenz
Deen éischten Album vum Pianist Tingshuo Yang
Kloer Stëmmen an der Däischtert
De Kammerchouer Skylark huet en Album mat enger hautzedaags ganz aktueller Thematik erausbruecht.
Minimal Music fir Sträichquartett
Deen neien Album "Ascension" vum italieenesche Komponist Filippo Cosentino mam Quartett Speranza
Liewegkeet mat engem Hauch vun Nostalgie
De Josep Vicent an den ADDA Simfónica Alicante hunn dem Alexander Scriabin seng drëtt Sinfonie mam Titel "Le Divin Poème" opgeholl.
D'Braatsch am Mëttelpunkt
De Braatschist Mathis Rochat presentéiert säin Instrument an dräi verschiddene Wierker: engem Arrangement, engem Concerto an an engem Concertante zesumme mat enger Solo-Gei.
authentique
Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
Musek iwwert d’Krokodillen an d’Natur vu Florida
Den neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
Mozart, You Drive Me Crazy!
D'Sopranistin Golda Schultz begeeschtert mat hirer renger Stëmm voller Kraaft.
Suitte vum Dieupart a Bach
Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
Wann d'Feier brennt
Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
Jonken Duo voller Feier a Flam
De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
Folias Americanas
Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: De neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez.
Entdeckungen
De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
The Guitar Player
De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
Eklektesch, an awer vereent
Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
E Prënz op der Gei
Den neien Album vum jonke Geiist Théotime Langlois de Swarte zesumme mam Kammerorchester “Le Consort”
- 1
- 2