Radioen

On air

Spektrum  |  Bodega - Tarkovski

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Desert Blues

Desert Blues

headphones

61 min

Lauschteren play_arrow

“Tamotaït’ ass dee fënnefte Studioalbum vun der Touareg Band Tamikrest, en Disk, dee si dësen Donneschdeg 23. Mee zu Wolz um 8 Auer am Brandbau virstellen. De Serge Tonnar ass mat senger Gittar am Virprogramm. E Rendez-vous, deen e flotten Owend versprécht!

Decouverte vun dëser Woch ass déi pakistanesch Sängerin Arooj Aftab. Si ass schonn a jonke Jore vill gereest an huet um bekannte Berklee College of Music studéiert. Den neien Album “Night Reign” ass ënnerwee, hei e klenge Virgeschmaach.

De franséischen Hadouk Trio gouf 1996 vum Didier Malherbe a Loy Ehrlich gegrënnt mam Perkussionist Steve Shehan.
Den Numm Hadouk kënnt vun den Haaptinstrumenter, déi den Ehrlich an de Malherbe spillen, den Hajouj en afrikanesche Bass an den Doudouk eng armeenesch Oboe.

Mir maachen och e Sprong an den Norde bei 9bach, en alternative Folk-Ensembel mat der schéiner Stëmm vun der Lisa Jên. Hiren Album “Anian” werft e kritesche Bléck op eis Welt vun haut, heescht et.

Weider Etappe si Lissabon a Kuba …

Playlist:
1. Tamikrest - Azawad - Tamotaït
2. Tamikrest - Amzagh - Tamotaït
3. Serge Tonnar & Legotrip - Bommeleeër Buddha - Deng Mamm!
4. Zita Swoon Group - Sababu - Wait for Me
5. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
6. Hadouk Trio & Malouma Mint Meidah - Tourneblues (Live) - Baldamore (Live At Cabaret Sauvage)
7. 9bach - Heno - Anian
8. Merryn Jeann - See Saw - Merryn Jeann
9. Dead Combo & Marcia - Visões Ficções - Voz e Guitarra 2
10. Marc Ribot y Los Cubanos - No Me Llores Mas - Marc Ribot Y los Cubanos Postizos

Musek
Rock a Pop

Episoden

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Spring is coming!

Artiste mat Perséinlechkeet a Bëss!
headphones

56 min

play_arrow

Enjoy

Spannend Nei-Verëffentlechungen, e puer Latino Pärelen, e Folk Super-Grupp aus England an e Bléck duerch d'Fënster op d'Strooss mat hire Geschichten, déi laanscht ginn ...

Vanity Vanity All Is Vanity

D'Rhythmen aus Südamerika revisitéiert, spoken Word an Éiere vun den Ausgegrenzten, Poesie an Noute gefaasst an eng speziell Ukuklele

Weltbierger

Nei Verëffentlechungen, eng Decouverte mat Museken aus dem 18. Joerhonnert an e Mann, dee Gittar gespillt huet wéi e Gott.
headphones

57 min

play_arrow

Weltbierger

Nei Verëffentlechungen, eng Decouverte mat Museken aus dem 18. Joerhonnert an e Mann, dee Gittar gespillt huet wéi e Gott.
headphones

57 min

play_arrow

One from the Heart

Nei Disken, dorënner e Manifest vum Indofurismus, Mafia a Gangsterfilmer als Inspiratioun fir en Album, e puer Klassiker, an déi eng oder aner kleng Pärel

Winter Sun

Waarm Kläng aus dem sonnege Süden, Session-Museker, déi eege Weeër ginn, an eng villverspriechend nei Stëmm vun Toronto.
headphones

56 min

play_arrow

Winter Sun

Waarm Kläng aus dem sonnege Süden, Session-Museker, déi eege Weeër ginn, an eng villverspriechend nei Stëmm vun Toronto.
headphones

56 min

play_arrow

Arômes Complexes

Nei Verëffentlechungen, Klassiker aus dem Cynthia senger Kollektioun, "La Môme Piaf" op brasilianesch revisitéiert, eng Léift fir d'Musek, déi zu enger laanger Karriär geféiert huet.

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

World Citizen

Den algeeresche Chaâbi op der Rees, e jonken Duo aus Tunesien, eng Frae-Grupp vu Paräis an eng Slide Gittar, ënnerwee vun Hawaii bis op Kalkutta
headphones

55 min

play_arrow

Best of 2022

Jonk Touareg Nowuess-Talenter, Refugiéen zesumme fir en Dialog ouni Grenzen, eng surrealistesch Ästheetik aus Italien an eng Fieder aus puerem Gold

A Certain Trip

Ganz harmonesch an duuss Kläng héiere mir haut, reng Instrumental oder schéi Stëmmen, déi op eng Rees invitéieren ...
headphones

56 min

play_arrow

A Certain Trip

Ganz harmonesch an duuss Kläng héiere mir haut, reng Instrumental oder schéi Stëmmen, déi op eng Rees invitéieren ...
headphones

56 min

play_arrow