Physik ass relax
Am 12 Stonnerhytmus an ëmmer pënktlech: Ebbe a Flut
12 min
Op der ganzer Welt kann ee bei Küsten an op Plagë beobachten, wéi d’Mier sech iwwer eng sechs Stonnen zeréckzitt an dann erëm a sechs Stonnen zeréckkënnt. Et entstinn Ebbe a Flut. Dëst léisst sech duerch e vereinfachte Modell mat zwee physikalesche Phenomeener verstoen. All néng Joer kënnen d'Welle besonnesch héich ginn, wéi och dëst Joer: e fantastesche Spektakel! Bei engem Tsunami kann een observéieren, datt d'Waasser sech zeréckzitt an erëm Richtung Küst rullt, awer dëse Phenomeen ass net a reegelméissegen Ofstänn, esou wéi bei Ebbe a Flut. D’Physikerin Carol Eicher erkläert.
Presentéiert vum
- Angie Maquil