Musek, Geroch, Temperatur: alles gëtt bewosst agesat. Wa mir an de Supermarché ginn, solle mir do och sou vill wéi méiglech kafen, a sougenannt Akafsfalen verleeden eis dozou.
Dat geet vum Opbau vum Supermarché, bis bei d'Positioun vun de Liewensmëttel. Souguer de Caddie spillt eng Roll, seet eis Invitée, d'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin. Et ass keen Zoufall, datt een oft mat vill méi rausgeet, wéi een eigentlech kafe wollt.