Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Incipit

Episoden

Der Spieler

Dem Dostojevski säi Romanass eng Radiographie vun de psycheschen a gesellschaftleche Mechanismen, déi den Haaptpersonnage dozou bréngen e süchtegen Casino-Spiller ze ginn.
headphones

9 min

play_arrow

The Great Gatsby

Am Francis Scott Fitzgerald sengem Kultroman geet et ëm d'Liewen an den Doud vum enigmatesche steeräiche Gatsby an eng Radiographie vun de Joren nom Éischte Weltkrich.
headphones

9 min

play_arrow

Intruders in the Dust

E Roman vum gréissten nordamerikanesche Schrëftsteller vun der éischter Hallschecht vum 20. Joerhonnert, de William Faulkner.
headphones

9 min

play_arrow

Schachnovelle

E Bléck op déi éischt Sätz vum Stefan Zweig seng "Schachnovelle". Hei ginn zwee speziell Schachspiller virgestallt. Déi zwee begéine sech op engem Dampschëff.
headphones

10 min

play_arrow

Pervaja Ljubov

E Bléck op déi éischt Sätz vum russesche Schrëftsteller Ivan Tourgueniev sengem bekanntste Roman, wat op franséisch mat "Premier amour" iwwersat gouf.
headphones

9 min

play_arrow

The Fall of the House of Usher

Déi éischt Sätz vum Edgar Allen Poe senger bekanntster Kuerzgeschicht, an där d'Madeline Usher op eng geheimnisvoll Aart a Weis vun den Doudegen opersteet.
headphones

10 min

play_arrow

Kapitanskaya Dodschka - La fille du capitaine

E Bléck op déi éischt Sätz vum A. Pouchkine sengem historeschen Roman, an deem hien, ee Joer viru sengem Doud, den Opstand vum Rebell Pougatchov géint d'Zarin Katarina II erzielt.
headphones

9 min

play_arrow

Ivanhoe

E Roman vum Walter Scott
headphones

9 min

play_arrow

Odyssee

Dat Buch, dat, ausser der Bibel, vläicht am meeschten d'Weltliteratur influenzéiert huet, Enn vum aachte Joerhonnert virun eiser Ära vum Homer, wéi gemengt gëtt, geschriwwen.
headphones

9 min

play_arrow

La peste

De Klassiker vum Albert Camus, deen all déi, déi duerch eise Lycée gaangen sinn, kennen, huet eigentlech zwee Incipitten.
headphones

9 min

play_arrow

L'Idiot

Dem Fedor Dostoïevski säi Roman zielt zu de ganz grousse vun der Weltliteratur a radiographéiert d'Hypokrisie vun der russescher Gesellschaft op eng magistral Aart a Weis.
headphones

11 min

play_arrow

Pinocchio

Dat warscheinlech bekanntste Buch vun der Weltliteratur, vum Carlo Collodi, koum 1883 eraus. D'Geschicht wier awer anescht ausgaangen, hätten déi éischt Lieser net agegraff.
headphones

8 min

play_arrow

Zazie dans le métro

Dee vläicht komeschste vun den franséische Romaner aus den 50er Joren, vum Raymond Queneau, erzielt eng 48-Stonnen-Odyssee duerch Paräis vun engem Meedchen vun 12 Joer.
headphones

8 min

play_arrow

Odyssee

Den Ufank vun deem, wat een d'Buch vun de Bicher nenne kéint. Dem Homer seng "Odyssee", virun 2.800 Joer geschriwwe an ee vun den absolutte Bestseller vun allen Zäiten
headphones

8 min

play_arrow

Germinal

E Bléck op den Ufank vum Émile Zola sengem bekanntsten Roman. Schonn am éischte Saz seet eis de Zola, wéi sech a senge Bicher Realitéit a Fiktioun vermëschen.
headphones

8 min

play_arrow

Rayuela

vum Julio Cortazar
headphones

8 min

play_arrow

Malcolm Lowry - Under the Volcano

De Kult-Romanspillt sech 1939 zu Cuernavaca of, a Mexiko also, um Fouss vum Vulkan Popocatepetl.
headphones

7 min

play_arrow

La nausée

E Bléck op den Ufank vum Jean-Paul Sartre säin éischten, 1938 publizéierten, Roman. Spannend ass, datt d'Kritiker fir dee Roman vun zwee, wann net vun dräi Incipitë schwätzen.
headphones

7 min

play_arrow

Alice in Wonderland

E Bléck op den Ufank vum Lewis Carroll sengem "Alice in Wonderland", 1865 erauskomm. Et ass net nëmmen e Kannerbuch, mee haaptsächlech d'Metapher vun deem, wat Literatur ass.
headphones

8 min

play_arrow

Amerika

E Roman, deem de Franz Kafka en aneren Titel ginn hat, an hien net verëffentleche wollt. Déi éischt Sätz soen iwwer d'Buch, mee och iwwer dem Kafka seng Schreifweis vill aus.
headphones

8 min

play_arrow