De Jean Portante geheit e Bléck op dem Francis Scott Fitzgerald säi Kultroman "The Great Gatsby". Hei geet et ëm d'Liewen an den Doud vum enigmatesche steeräiche Gatsby, deen zugläich mat Veruechtung a mat Bewonnerung vun de Leit, déi hien ëmginn, gesi gëtt. D'Buch ass och eng Radiographie vun deem, wat een an Amerika d'Jazzjore genannt huet, also d'Joren nom Éischte Weltkrich, mat hiren Nuechte voller Musek, Danz a Schampes, an dat trotz der Prohibitioun ...
arrow_back_ios
Incipit
The Great Gatsby
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
D'Quelle vun de Gebridder Grimm
Eng spannend Rees, déi eis vun Italien a Frankräich féiert, an en onerwaarten Tour a Russland maache geet.
Hänsel a Gretel
Tëschent der éischter Versioun (1812) an der leschter Fassung (1840) hunn de Jacob an de Wilhelm Grimm hirem Märchen eng nei Bedeitung ginn, andeems si de Statut vum "Holzhacker" senger Fra geännert hunn.
Don Quichotte - Band 2
Mir gi gewuer, datt et méi wéi een Don Quichotte gëtt. An, virun allem, datt den Ech-Erzieler eigentlech d’Buch net geschriwwen huet.
Don Quichotte
Deen éischte Saz vun absolutte Klassiker vun der Weltliteratur vum Miguel Cervantes Saavedra ënner der Lupp. E Buch, dat de Grondstee vum moderne Roman versat huet.
Georges Orwell - Animal Farm
Den Ufank vun engem grousse Klassiker vun der englescher Literatur ënner der Lupp
Elias Canetti - Die Blendung
Déi éischt Sätz vum Elias Canetti sengem eenzege Roman “Die Blendung”: Hei geet et ëm de Professer Peter Kien, dee just fir seng an a senger Bibliothéik lieft.
Thomas Mann - "Der Tod in Venedig"
D'Novell koum 1911 eraus an ass eent vun de bekanntste Wierker vum Schrëftsteller. Am Mëttelpunkt steet de Gustav Aschenbach, deen op eemol eng onerwaart Reesloscht kritt, déi hien op Venedeg bréngt.
Ray Bradbury - Fahrenheit 451
Den Ufank vun engem Klassiker vun der amerikanescher Literatur: dem Ray Bradbury säin dystopesche Roman “Fahrenheit 451”
Heart of Darkness vum Joseph Conrad
E Klassiker aus der Englescher Literatur vun 1902
