
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Bewosst Gesond
Episoden


Ecole du Goût - Gutt Virsätz fir 2023
Och mat scho wéineg ass vill ze erreechen a punkto nohalteg a gesond Akafen.

Kanner méi fir d'Geméis begeeschteren
Kanner sinn intuitiv an Erwuessener si kognitiv Éisser.

Kaloriefalen iwwer d'Feierdeeg ëmgoen
D'Feierdeeg sti virun der Dier, an dat ka fir muncher een eng gesondheetlech Erausfuerderung ginn.

Ultratransforméiert Liewesmëttelen
Gesond iessen heescht e gudden Equiliber vun Närstoffer ze hunn, mee et gëllt och d'Matrix vum Liewesmëttel ze berücksichtegen.

Iessen, mat enger extra Portioun Genoss
Mat alle Sënner d'Iesse bewosst erliewen, fir esou eng Genoss-Kultur ze entwéckelen. Domat kann een ni fréi genuch ufänken.

Gesond iessen och mat klengem Budget
Selwer kachen, Menüe plangen a Reschter verwäerten, esou kann ee vill Sue spueren

Séiss Käschten oder Marounen, méi wéi e waarme Snack am Wanter
E Liewensbam mat ville wäertvolle Friichte fir eis Gesondheet

Vitaminn D suergt fir gesond Schanken, an ass gutt fir d'Gemitt
Mee wat mécht déi Vitaminn am Kierper, wou ass Vitaminn D an de Liewensmëttel? Wien soll Zousaz Vitaminnen huelen, soll een dat iwwerhaapt?

Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?
D'Kuelenydrater sinn ëmmer erëm e grousst Gespréichstheema. Brauche mir se iwwerhaapt? Wéi eng si gutt oder schlecht fir eis?

Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis
Sief et gréngen, rouden, wäissen, gekrauselten oder spatze Kabes, ouni Brockelcher, Brokkoli, a Kolrawen ze vergiessen, si besonnesch an der kaler Joreszäit beléifte Kabeszorten.

Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink
Si schounen d'Ëmwelt a sinn gutt verdaulech awer d'Qualitéit vun den Inhaltsstoffer an d'Närwäerter sinn net ëmmer optimal.

Drénken, och am Wanter net vergiessen
Speziell fir de Wanter eegent sech waarmt Gedrénks souwéi Kraider- oder Friichten-Infusiounen an natierlech och richtegen Téi.

Ecole du goût. Richen, fillen, kachen, schmaachen an iessen
An enger Zesummenaarbecht mat Natur- & Geopark Mëllerdall, Naturpark Öewersauer, an Naturpark Our

Champignons-Zäit
D'Dréischel: Eng Beräicherung an der Gastronomie

Gesond Kichekraider och am Hierscht an am Wanter
Wéi een am Hierscht an am Wanter, Kraider an der gesonden Kichen am beschten asetzen kennen.

Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin
Kleng, séiss Friichten mat wäertvollen Inhaltsstoffer, awer si se och gutt fir Diabetiker?

D'Quetsch, eng regional Fruucht mat Traditioun
Wéi een déi kleng Fruucht an eng modern gesond Ernärung abrénge kann.

De Meniskus soll net systematesch eraus operéiert ginn
"Sauver le ménisque", dat ass d'Devis vun den zwee Professere Philippe Beaufils a René Verdonk. Zwee Pionéier bekannt fir Meniskus-Reparaturen an -Transplantatiounen
