Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rolling Blackouts Coastal Fever - The Way It Shatters

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gëtt de Bësch méi resilient?

Biophilia

Wéi gëtt de Bësch méi resilient?

Den Zoustand vum Bësch ass alarmant. Dat war d'Conclusioun am leschten Inventaire vun de Lëtzebuerger Bëscher vun der Naturverwaltung. Nieft Raupen a Pilzer ginn d'Beem virun allem duerch Klimaextreemer wéi Dréchent oder Frascht geschiedegt. Dofir sollen d'Bëscher zukünfteg méi resistent gemaach ginn.

auto_stories

3 min

Ee private Bësch bei Blaschent. Foto: Paule Rodesch

Fir e Bësch méi widderstandsfäeg ze maache setzt een op verschidde Punkten un. Engersäits un der Struktur, also dem Opbau vum Bësch.

Bëschränner sollte méiglechst wéineg abrupt an d'Héicht goen, fir datt am Fall vun engem Stuerm de Wand net an eng Mauer rennt, mee douce un de Beem kann erop gleiten, sou de Michel Dostert. Ma och bannent dem Bësch géif mat verschidden Niveaue geschafft ginn.

"Hei gesäit ee scho bësse wéi dat ugeet: Do vir si Beräicher wou guer näischt ass oder wou de Buedem relativ plakeg ass, an hei gesitt der schonn, hei si puer Coupe gemaach ginn iwwert déi lescht 20 Joer. Déi nei Beem déi sinn deelweis schonn 10 Meter héich, hei sinn der vun 2-3 Meter, déi aner Säit vum Wee gesäit een eng, déi ass grad mol en hallwe Meter héich, d.h. och domat kréie mer eng Risikostreeung. Well ugeholl de ganze Bësch gëtt ëmgeblose muer, duerch en décke Stuerm, da sinn hei awer nach esouvill nei Beem drop, da leien der zwar vill ëm, mee déi aner kënnen dann d'Relève ouni Weideres huelen.

Diversitéit am Bësch

Weidere wichtege Facteur fir de Bësch méi resilient ze maachen, ass d'Diversitéit vun de Beem. Haut géif een op ville Plaze Bestänn mat nëmmen enger Bamaart fannen. Dat ass problematesch, wier awer fréier ganz normal gewiescht, sou de Forstingenieur:

"Dat si Fichten déi si geplanzt ginn nom Krich z.B. an deemools war dat einfach esou, "Déi ginn einfach gesat an do gëtt näischt anescht drop komme gelooss". Kielwassertheorie gouf dat genannt. Dat heescht, d'Produktivitéit ass dat éischt, an de Rescht kucke mer am Fong guer net."

De Michel Dostert vun der asbl Privatbësch asbl

Haut ass dat zum Gléck anescht: Et gëtt fir Diversitéit an de Bëscher gesuergt, seet de Michel Dostert:

"Am Fong ass deen hei Bësch nach guer net esou perfekt dofir, en ass awer schonn net ganz schlecht. Mir hunn hei Eechen dran, direkt niewendrun hu mer Buchen, et stinn och e bëssen Ahornen dran. Am Fong hu mer hei dräi Bamaarten, dat ass net näischt, dat ass scho mol eng Aart a Weis fir Risiko ze streeën. E bësse wéi am Portfoliomanagement op der Bank: Et sëtzt een net alles an Aktien, et setzt een e bëssen eppes a Valeurs sûrs an e bëssen an eppes wat méi Ertrag bréngt, an dat ass dat wou mer mussen hikommen."

De Bësch an d'Déierewelt

Fir e gesonde Bësch ze schafen, muss de Mënsch hautdesdaags nohëllefen. Dozou gehéiert och d'Juegd, betount de Michel Dostert. D'Eechen hätte beispillsweis heefeg Schwieregkeeten erop ze kommen, ënnert anerem wéinst de Réi, déi se friessen. Dofir wier et wichteg, datt d'Jeeër hire Bestand ënner Kontroll halen.

Duerch d'Dréchent konnten sech iwwer déi lescht Joren iwwerdeems verschidden Aarte vum Borkenkäfer massiv multiplizéieren. Dës Kiewerleke gräife verschidden Zorte vu Beem un a maachen se futti.

Duerch e Kahlschlag, an deem all déi befale Beem ëmgehae ginn, an nei Uplanzunge gëtt probéiert, de Bësch virun deenen Déiercher ze schützen. Doriwwer eraus wier et och wichteg, datt genuch doudegt Holz am Bësch läit, fir der Planz an Déierewelt genuch Liewensraum ze bidden.

De Michel Dostert schafft fir d'Privatbësch asbl, déi sech ëm d'Bëscher vun de Privatproprietären hei am Land këmmert. Iwwer d'Hallschent vun den 90.000 Hektar Bësch hei am Land sinn a privater Hand.