Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Neie Poopst

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D’Erwaardunge vun UEL an OGBL

Ried zur Lag vun der Natioun

D’Erwaardunge vun UEL an OGBL

De Patronatsdaachverband UEL an d’Gewerkschaft OGBL erwaarde sech de Mëtteg Konkretes vun der Regierung. Dat hunn den UEL-President Michel Reckinger an d’OGBL-Presidentin Nora Back an 100,7-Interviewen däitlech gemaach.

auto_stories

2 min

Michel Reckinger, President vun der UEL | © Jo Diseviscourt
Michel Reckinger, President vun der UEL (Foto: Jo Diseviscourt)

De President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), erwaart sech am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun, datt et op verschiddenen Dossieren, déi d’Patronat betreffen, weidergeet. Fir de Michel Reckinger sinn dat z.B. d’Moderniséierung vum Aarbechtsrecht an de Pensiounssystem.

UEL: schlecht ekonomesch Situatioun

D’UEL géif op Decisioune vun der Regierung waarden, well déi wirtschaftlech Situatioun net gutt wier. Dobäi misst een d’Ekonomie relancéieren, och fir de Sozialstaat esou ze behalen, wéi en ass, esou de Michel Reckinger. An deem Kontext kritiséiert den UEL-President d’Gewerkschaften.

“Dat, wat d’Gewerkschaften an deene leschte Méint maachen, ass jo eng Opposition formelle fir iwwerhaapt iwwer déi dote Sujeten ze schwätzen. Ech menge si sinn am Oktober vum Dësch opgestanen, si si fortgaangen an zënterhier refuséiere si ëmmer erëm fir erëm zréckzekommen. Si wëlle just nach mam Premier schwätzen a si mengen, datt den Dialogue social eng Co-Decisioun ass. Den Dialogue social ass keng Co-Decisioun.”

OGBL: zesummen un engem Strang zéien

D’OGBL-Presidentin Nora Back fënnt et bedauerlech, datt – wann ee vun de Sozialpartner gefrot gëtt, wat ee sech vum Etat de la Nation erwaart – dann een op deen anere Sozialpartner géif klappen.

“Well am Fong sollte mir hei zesummen un engem Strang zéien a versichen déi richteg Solutioune fir d’Entreprisen a virun allem och fir d’Leit, déi dra schaffen, ze fannen. Dat ass bis elo net passéiert. An dofir erwaarde mir eis ganz kloer vum Premierminister kloer Aussoen an Engagementer, souwuel zum Dossier vun de Renten, wéi zum Dossier vun de Kollektivverträg, den Aarbechtszäiten, de Léin vun de Leit.”

Dat wiere Knackpunkte fir d’Gewerkschaften. An op deem Punkt géif ee sech Aussoe vun der Regierung erwaarden, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back.