Radioen

On air

Notturno  |  Mary Halvorson - Night Shift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasser vum Krunn oder aus der Fläsch?

Biophilia

Waasser vum Krunn oder aus der Fläsch?

Et ginn ëmmer nach vill Leit, déi sech beim Gedanken u Krunnewaasser schudderen a mengen, dat kéint een net drénken. Dat ass awer falsch, soen déi Leit, déi d'Waasser kontrolléieren. Krunnewaaser huet esouguer eng ganz Rei Virdeeler.

auto_stories

2 min

Krunnewaasser ass méi ökologesch a manner deier. Foto: Bigstock / mizina

D'Qualitéit vum Drénkwaasser gëtt no verschiddene Krittären opgedeelt, a ganz rigouréis a reegelméisseg an de staatleche Laboen iwwerpréift.

Drénkwaasser vum Krunn gëtt streng kontrolléiert

Eng 60 Parametere gi bei den Iwwerpréiwunge vun de staatleche Laboe kontrolléiert, esou wéi et déi betreffend EU-Direktiv virgesäit. Geschmaach, Geroch an den opteschen Aspekt musse stëmmen.

Dobäi kommen eng sëlleg Grenzwäerter an de Beräicher Chimie an Bakteriologie; gesicht gëtt gezielt no Kolibakterien an aneren Daarmbakterien.

Gesicht gëtt och no Salzen ewéi Nitraten, Chloraten, Sulfaten a Kalzium, esouwéi no Närstoffer wéi Nitriten.

Dat bescht-kontrolléiert Liewensmëttel?

15 weider chemesch Elementer souwéi organesch Verbindungen, virun allem Ethan a Benzenverbingungen, déi gëfteg kënne sinn, ginn ënner d'Lupp geholl.

Déi gréisst Lëscht, op déi d'Drénkwaasser iwwerpréift gëtt, ass déi vun de Pestiziden: Eng 40 Substanze stinn hei am Fokus. Och d'Zomm vun dësen Eenzelbelaaschtunge gëtt iwwerpréift. D'Resultater vun dëse reegelméissegen Analyse kann iwwregens jiddweree bei senger Gemeng ufroen.

Déi eenzel Waassersyndikater oder Gemenge sinn awer net nëmme fir d'Qualitéit vum Waasser responsabel. Si mussen och dofir suergen, datt de Leitungsreseau an der Rei ass, an datt et do net zu Kontaminatioune kënnt.

D'Waasser aus dem Krunn ass also ouni Zweiwel eent vun de bescht-kontrolléierte Liewensmëttel iwwerhaapt.

Wéi steet et mat Waasser aus de Fläschen?

Déi däitsch Stiftung Warentest huet rezent 53 spruddeleg an net spruddeleg Mineralwaasser op 125 Substanzen ënnersicht.

An enger Rei vu Prouwe goufe Réckstänn vu Pestizide fonnt, allerdéngs louchen déi ënner engem Niveau, dee fir d'Gesondheet geféierlech gewiescht wier. Och bei anere Substanze goufen d'Grenzwäerter agehalen.

Ugefaange Fläsche sollten awer net ze laang stoe gelooss ginn, well hei erëm d'Gefor vu Keime besteet.

Wann aus der Fläsch, da vu regionaler Quell

Och Krunnewaasser soll ee kuerz oflafe loosse bis et kill ass.

Well et fräi Haus geliwwert gëtt ouni Camionstransport iwwer vill Kilometeren an ouni Plastik- oder Glasverpackung, an ouni Retour um Vidange bleift Krunnewaasser am ökologesche Bilan kloer déi besser Alternativ.

Filtere sinn dofir och net néideg, si erhéije souguer de Risiko, datt si d'Waasser belaaschte wa si net reegelméisseg gebotzt ginn. Eenzeg Sand oder Kallek-Filter ginn ugeroden.

Fir de Rescht gëllt: wa scho Waasser aus der Fläsch, da vun der Quell aus der Regioun.