Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - 1989 an haut

Post vum Guy

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - 1989 an haut

De Schrëftsteller Guy Helminger ass an der Tierkei mam Bus ënnerwee. Hie widderhëlt eng Rees, déi hie schonn 1989 eng Kéier gemaach huet. Deemools ass hien duerch Dierfer gefuer, an den Tourismus ass et esou gutt wéi net ginn. Op d'mannst net am Osten. Ass nach eppes erëmzëerkennen no 33 Joer? Oder ass d'Tierkei en anert Land ginn?

auto_stories

5 min

Wéi ech 1989 duerch d'Tierkei gejabelt sinn, hunn ech am Bus net vill Leit kennegeléiert. Dat louch dorun, datt ech meeschtens deen eenzegen Tourist am Bus war, an ech net mat deene vun hei schwätze konnt, mee och dorun, datt de Chauffeur d'Musek opgedréint huet, wéi wa mer all daf wieren. De gliddege Wand ass engem duerch déi oppe Fënstere wéi e wollene Schal ëm den Hals gefall an d'Hénger ënner de Sëtzer hunn e Concert ginn, deen net wollt endegen.

Eng Rencontre am Bus

Haut bléist d'Klimaanlag engem ëm d'Nues, datt een ëmmer muss aus der Fënster kucken, fir sécher ze sinn, datt een an der Tierkei ass an net a Grönland. Hénger si keng méi am Bus, dofir schellt all Sekonn en Handy an d'Leit, déi am Bus sinn an déi Leit, déi net am Bus sinn, hu sech vill ze erzielen. Eng Damm huet mech dann awer ugeschwat, well si wollt wëssen, ob ech aus Däitschland kéim. Si hätt do gelieft, bis si sech mat Ufanks zwanzeg bestuet hätt, a mat hirem Mann erëm zeréck an d'Tierkei komm wier. Si géif gären hei liewen, sot si, huet op hire Foulard ëm de Kapp gewisen a gemengt, si wier gleeweg, mee si hätt elo véierzéng Méint am Prisong verbruecht, an dat wier eng schwéier Prouf gewiescht.

Op meng Fro, firwat si agespaart gewiescht war, huet si geäntwert: "Ech hat Kuch fir Studente gebak". Normalerweis ass dat awer kee Grond fir Prisong, sot ech. Si huet net gelaacht a geäntwert: "Ech wëll net ze vill soen, et weess een ni." Doropshin huet si kuerz hanner sech an de Bus gekuckt. Si hätt all déi Zäit mat 25 Fraen an engem Raum gelieft a si wéilt ni méi dohin zeréck.

Ech hat d'Gefill, datt et hier wichteg war, engem Friemen hiert Leed ze kloen, an der Hoffnung e bëssen Erliichterung ze fannen. Mee meng Nofroen, wat de Staat hir virgehäit hätt, wéi de Prozess ofgelaf wier, op et iwwerhaapt e Prozess gi wier, wollt si net beäntweren an huet gemengt, si wier kengem béis an elo glécklech, datt alles eriwwer wier. Alles géing am Allah senger Hand leien.

Wéi si erausgeklommen ass a vu bausse gewénkt huet, duecht ech dorun, datt am tierkesche Parlament grad e Gesetz géint Desinformatioun, wéi et esou schéin heescht, duerchgewonk gouf, d'Zensur also offiziell legitiméiert gouf. Mee offensichtlech muss ee keen Artikel géint Regierung an der Tierkei schreiwen, fir verhaft ze ginn, Kuch bake geet duer.

Wat huet sech an 33 Joer geännert?

Ech wollt jo op dëser Rees kucken, wat sech an 33 Joer an de Stied an Dierfer verännert huet. Mee wann ech zum Deel meng al Notizze liesen, wou steet, datt ech beispillsweis duerch d'Duerf Silifke spadséiert sinn, wärend ech elo am Gaange sinn duerch eng Groussstad ze goen, wou et iwwerall blénkeg jäizt a glënnert, da froen ech mech, ob ech mech am Land geiert hunn.

Deemools hat Istanbul eng sechs Milliounen Awunner, haut sinn et der 16 bis 18 Milliounen. Zu Antalya hunn der eng 350.000 gewunnt, elo sinn et der wäit iwwer zwou Milliounen. Ëm dat, wat ech kannt hunn, si kilometerwäit Héichhaiser gewuess. Ech sinn d'Gefill net lass ginn, datt et just eng Baugeneemegung ginn ass, wann ee méi wéi sechs Stäck iwwerenee gesat huet.

Bei esou engem groussen demographeschen Zouwuess ass et natierlech logesch no uewen ze bauen an net an d'Breet ze goen, mee di nei Véirele gesinn aus wéi de Géigendeel vu Liewensfreed. Bëton, kee Gréngs an eng Autobunn mam Lineal dolaanscht gezunn.

Deemools sinn et awer och vill Plaze ginn, virun allem an Ostanatolien, wou westlech Frae sexuell belästegt goufen, nuets un d'Dier vun der Pensioun geklappt an d'Police geruff ginn ass, just fir d'Fra am Nuetsläpp ze gesinn. Do, wou een am Restaurant net a Rou iesse konnt, well d'Kärele gemengt hunn, si missten un den Dësch kommen a meng Frëndin fidderen. Ech hat och e gudde Präis gebuede kritt. Jee, et war net ëmmer schéin.

"D'Tierkei schéngt e Land mat villen Influenceren ze sinn"

Dovunner ass op all de Plazen näischt méi ze spieren. Dat läit och dorunner, datt esou vill Touristen an Touristinnen an d'Land koumen. Och wann natierlech net alles positiv ass, wat doduerch verännert gouf. Villes huet seng Atmosphär grad duerch den Tourismus komplett verluer, well esou vill Mënschen sech Sitten ukucken, dat een d'Sitten net méi gesäit.

Dat stéiert vill Leit awer net, well dat Wichtegst de Selfie ass an net d'Geschicht oder d'Architektur, d'Schéinheet oder de reliéise Kult. Ech hat dofir ugefaangen, Leit ze fotograféieren, déi sech selwer fotograféieren an hat e puer vun dëse Biller mengem Bouf gesimst. Deen huet doropshi geschriwwen: d'Tierkei schéngt e Land mat villen Influenceren ze sinn.

Influencer hin, Influencer hier, säin Afloss wierken ze loosse versicht jiddwerfalls de President. An dat scho moies wann s de Kaffi wëlls drénken. Wärend ech a mäi Sesamkringel bäissen, jäizt en op der Tëlee, dat ech mech verschlécken. Dann huet kuerz d'Moderatrice vun der Emissioun d'Wuert. A schonn ass den Här President erëm amgaang. Just den Dekor huet gewiesselt.

Esou geet dat weider, bis ech näischt méi um Teller hunn. Mech huet den Här elo net wierklech erreecht, well ech jo och keen Tierkesch verstinn, mee all den Aarbechter, déi mat mir an dësem bëllegen Hotel Kaffi gedronk hunn, sinn d'Rieden an de Kapp gaangen. Wéi si se verschaffen, gesi mer dann d'nächst Joer bei de Walen.