Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si Wahlen ondemokratesch?

Chamberwahlen 2018

Si Wahlen ondemokratesch?

Wahle gehéieren zur Demokratie wéi d'Fauscht op d'A - kéint ee mengen. Mee et gëtt och Leit déi mengen, datt Wahle grad der Demokratie schueden, an datt den Zäitpunkt komm ass, eng aner Method ze probéieren, fir politesch Posten ze verginn.

auto_stories

7 min

Den Thomas Koenig analyséiert eng Alternativ zu de Wahlen.

An e bësse manner wéi dräi Wochen si Wahlen zu Lëtzebuerg. Déi meescht Leit géife soen, datt dat een essentielle Moment fir eng Demokratie ass. Do kann d'Vollek säi Wellen nämlech ausdrécken, an dann ass erëm alles an der Rei fir e puer Joer.

Kéint ee mengen, mee esou einfach ass et erëm net. Et ass nämlech esou, datt ëmmer méi Leit net wiele ginn, an dat ass problematesch.

Eng héich Abstentioun

A Frankräich, laut de Statistiken, louch een an den 1970er Jore bei de Presidentschaftswahlen ëm 15 Prozent Abstentioun, an déi Zuel ass lues mee sécher geklommen. 2002 war d'Abstentioun beim éischten Tour bei 28 Prozent. Beim zweeten Tour ass se dunn erof op 20 Prozent gefall, wat wahrscheinlech als Reaktioun op d'Präsenz vum Jean-Marie Le Pen z'erklären ass.

Beim zweeten Tour am Joer 2017, wéi de Macron gewielt gouf, war d'Abstentioun erëm iwwer 25 Prozent geklommen.

Bei den Europawahle läit se a Frankräich bei iwwert 50 Prozent. Mee och an Däitschland gëtt et dee Phänomen, zum Beispill louch d'Abstentioun 2009 bei de Bundestagswahlen do bei 29 Prozent. Verschidde Bundeslänner packen et esouguer iwwer 50 Prozent. Bei den Europawahlen ass d'Abstentioun 2004 bei 57 Prozent gewiescht.

Leit ginn och trotz Wahlflicht net wielen

Mee och a Länner wou Wahlflicht herrscht, gëtt et Abstentioun. An der Belsch läit se anscheinend bei zéng Prozent, an hei zu Lëtzebuerg esouguer bei 13 Prozent.

Dat heescht net onbedéngt, datt et deene Leit, déi net wiele ginn, egal ass, wat mat hirer Gesellschaft geschitt, oder datt si sech net fir Politik interesséieren, oder datt si faul wieren. An esouguer wann dat de Fall wier, dann ass dat en Zeechen, datt eppes net esou leeft, wéi et sollt.

Democracy fatigue syndrome

De belschen Archeolog a Kulturhistoriker David van Reybrouck bezeechent dee Problem, vun deem mir hei schwätzen, als Democracy fatigue syndrome. Hie beschreift a sengem Buch "Against elections: The case for democracy", datt d'Mësstraue vun der Gesellschaft vis-à-vis vun de Politiker ëmmer méi grouss géif ginn, an d'Ënnerstëtzung fir de Staat ëmmer méi kleng.

Dat géif dann zu enger Legitimatiounsfro féieren, well net all Regierung méi behaapte kéint, datt si de Wëlle vum Vollek géif vertrieden.

Et ass jo och net nei, datt Leit behaapten, datt d'Politiker all korrupt, inkompetent an un d'Lobbye verkaf wieren. En plus kenne mir all een, deen ee kennt, deen ee kennt, deen ee kennt, deen eis e Beispill vun engem korrupte Politiker kéint ginn, gell?

Laut dem Reybrouck sinn awer weder d'Politiker selwer de Problem, oder d'Tatsaach, datt eis Demokratien net wéi e Business gefouert ginn, oder d'Tatsaach, datt d'Vollek net selwer d'Muecht ausüübt, mee se un hir Vertrieder oftrëtt.

Net jiddweree konnt wiele goen

De Problem läit bei de Wahlen. Wahle sinn de Feind vun der Demokratie, sou den Reybrouck. Schonn deemools, virun 200 Joer, wei verschidde Länner hir Kinneken - soe mir - remerciéiert hunn, ass net direkt d'Universalwahlrecht agefouert ginn, mee d'Zensuswahlrecht. Nëmmen déi, déi räich genuch waren, hunn dierfe wiele goen. Déi, déi net räich genuch waren, déi hunn dat eréischt méi spéit dierfen. A wann der eng Fra waart, dann hutt der nach e bësse méi laang dierfen op d'Wahlrecht waarden.

Mee de Fazit ass awer, datt d'Bourgeoisie d'Aristokratie ofgesat a sech selwer amplaz um Troun installéiert huet. Haaptsaach, de Pöbel hat keng Chance, deenen aneren d'Spill ze verdierwen.

Net jiddwereen ass gläich

Dat hätt dann op Dauer dozou gefouert, datt Politik eng Carrière gi wier, an datt net all Mënsch déi selwecht Chancen hätt, gewielt ze ginn. All Mënsch ass jo gläich, mee verschiddener sinn et ebe méi.

An Däitschland zum Beispill huet e bësse méi wei ee Prozent vun der Bevëlkerung en Dokter- oder e Professer-Titel. Am Bundestag geet dat awer vu 14 Prozent fir d'Partei Die Linke bis zu 21,7 Prozent fir d'CSU. Am Kongress an den USA sinn iwwert 50 Prozent vun de Senateure Millionären, an der Gesamtbevëlkerung, gëtt geschat, soll déi Zuel awer éischter bei 15 Prozent oder nach drënner leien.

Dem Reybrouk seng Léisung: d'Lotterie!

Wei a verschiddenen ale Stadtstaaten - Athen a seng Demokratie sinn Iech vläicht e Begrëff - soll all Bierger d'Méiglechkeet hunn, politesch Muecht auszeüben, well kee méi gewielt gëtt, mee d'Posten ausgeloust ginn.

Gutt, a priori klengt dat elo net super, wa Jänni a Männi Staatsminister ka ginn, oder Verdeedegungsminister, oder soss e Poste mat Verantwortung iwwerhuele kann. Kaum auszemolen, wat da passéiere géif! Jo, mee nee. Et si schonn Tester gemaach ginn, wou Bierger zoufälleg ausgewielt goufen, fir a Kommissiounen an a Gremie matzemaachen.

Léisungen, déi Kapp a Schwanz hunn

Déi éischte Kéier, wou esou Gremien zesummekomm sinn, war den Niveau vun den Diskussiounen net anescht wéi deen, deen ee sech am Bistro oder an online-Commentairen erwaart. Mee well déi Leit an deene Gremien Zäit a Geld hate sech mat Experten ze treffen a sech an d'Problemer eranzeschaffen, wieren dono Léisungen erauskomm, déi Kapp a Schwanz gehat hätten.

Aus dem oninforméierte Bierger, deen zwar zu allem eppes ze soen, mee vu wéineg eng Ahnung huet, ass en informéierte Bierger ginn, dee sënnvoll a responsabel Entscheedunge getraff huet, déi dono och besser akzeptéiert goufen, wéi wa se vu Politiker ausgeschafft gi wieren. Wa mir éierlech sinn, da musse mir awer bal all zouginn, datt, wa mir wiele ginn, déi wéinegst sech wochelaang an all Dossier erageschafft hunn, a mir am Endeffekt net dat wielen, vun dem mir wëssen, datt et dat Bescht ass, mee dat, vun deem mir nëmme mengen, datt et dat Bescht wier.

Kritik

A wa mir elo populistesch wëlle sinn, da kéinte mir genee op deem Punkt déi Propos, d'Wahlen ofzeschafen, ugräifen. Well wat géif doduerch passéieren? D'Vollek dierf jo dann net méi wielen. An all Mënsch, deen dem Vollek seng Stëmm well ewechhuelen, ass dach de Feind vum Vollek, nee? Bon, bref, engem klassesche Populist wier esou eng Léisung selbstverständlech suspekt. A schliisslech brauche verschidde Leit jo och Politiker, déi hinne géint de Stréch ginn. Stellt Iech emol vir, esou Leit misste selwer emol Verantwortung iwwerhuelen, an hätte keen, deem se d'Schold an d'Schong kéinten drécken.

Mee net nëmmen dem Populist, och dem Elitist wier déi Léisung do wuel net ganz geheier. Well esouguer wann dat e puermol an der Antik funktionéiert huet oder an deene puer Beispiller, déi de Reybrouck opzielt, esou muss een awer skeptesch bleiwen. Et ka jo net sinn, datt de Mob op emol un d'Muecht kennt. Politik ass jo eppes vill ze vill Seriéises, fir se egal wiem ze iwwerloossen.

Politiker, déi sech selwer ofschafen

A wann Dir Machiavelli a Sun Tzu gelies hutt, also wann Dir mengt, Dir wiert en Realist, da wäert Dir Iech och d'Fro stellen, wéi dat iwwerhaapt goe soll. E Politiker wäert jo kaum eppes ënnerhuelen, woumat hie sech selwer ofschafe geet. A wéi soll dat och soss praktesch goen, wann do eng zoufälleg Persoun Verdeedegungsminister gëtt? Wéi soll ee garantéieren, datt déi Persoun integer genuch ass, oder diskret genuch, oder äiskal genuch, fir Entscheedungen ze treffen, déi potentiell ville Leit hiert Liewe géif kaschten.

Dono kennt et wuel nach esou wäit, datt dann déi erfuere Beamten hire Cheffe verschidden Dokumenter einfach net méi weisen, well si mengen, dat wier vill ze geféierlech fir hiert eegent Land. Esou eppes kënnt jo zum Gléck an enger Demokratie, wou gewielte Politiker d'Verantwortung droen, ni vir.

Et kann een d'Leit net dozou zwéngen

A wann dat Iech nach net duergeet, ech hunn nach e Beispill. Wéi ech mat engem Kolleeg déi Geschicht mat der Lotterie diskutéiert hunn, huet dee gemengt, datt ee Leit jo net zwénge kann, géint hire Wëlle Muecht auszeüben. A wann da bei deem System mat der Lotterie ze vill Leit géifen ofsprangen, da misst een dono iergendwann awer erëm Wahlen aféieren.

Mee datt et esouwäit komme kéint, géif awer dann och viraussetzen, datt extrem vill Leit ze faul oder ze feig wieren, fir hir politesch Verantwortung fir hir Demokratie ze iwwerhuelen.

Fazit

Also, wéi maache mir et dann elo? Élection, piège à cons, mir vertrauen eis selwer als Vollek genuch, fir un d'Machbarkeet vun esou engem Lotteriesystem ze gleewen, an eis Demokratie ze redynamiséieren? Oder ass dat alles Blödsinn, well eis aktuell Problemer net duerch d'Wahle kommen, mee well mir an enger Zäit liewen, wou alles méi séier a méi global ass wei fréier, an d'Politik nach leiere muss, domat ëmzegoen?