Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beienzuucht a Glawenskricher

Sachbicher

Beienzuucht a Glawenskricher

Iwwer keen anert Insekt op der Welt gouf esou souvill gefuerscht a geschriwwe wéi iwwer d'Hunnegbei. De Lëtzebuerger Imker a Beienexpert Paul Jungels huet elo e Buch erausbruecht, an deem hie seng jorelaang Erfarung beschreift. D'Zil vum Buch ass och, seng Methoden ënner den Imkerkolleegen ze verbreeden - dat Ganzt am Kontext vun enger ideologescher Ausernanersetzung.

auto_stories

4 min

Foto: wiki commons

De Paul Jungels ass ee professionelle Beienziichter - an dat a béide Sënner vum Wuert. Net just huet hien d'Imkerei zu sengem Haaptberuff gemaach, mee hien ass een international unerkannten Expert am Beräich vun der Beiegenetik. A sengem Buch "Imkern - Praxis-Handbuch zu einer anderen Imkerwelt" stellt hie seng Methoden a seng Aarbechtsphilosophie vir a liwwert och praktesch Tuyauen fir Hunneg ze produzéieren.

"Sinn und Zweck unserer Zuchtarbeit bestehen darin, Bienenvölker zu selektieren, welche an unsere Region bestmöglich angepasst sind."

A sengem eegene Betrib praktizéiert de Paul Jungels zënter ronn 30 Joen d'Kräizung vu Beienënnerarte fir seng Produktioun ze optimiséieren. Hie versteet sech an der Traditioun vum Brudder Adam - dee wuel bekanntste Beienziichter vum 20. Joerhonnert, deen ënnert villen Imker quasi als Hellege veréiert gëtt. De Brudder Adam huet duerch jorelaang Experimenter a Kräizunge vu verschiddene Beierassen eng nei fläisseg, milberesistent a sanftmüteg Bei geziicht, déi sougenannte Buckfastbei. Fir Imker eng ideal Bei, kéint ee mengen.

E Glawenskrich tëscht Beienziichter

Mee d'Fro ob een ongekräizt Ënneraarten oder léiwer d'Buckfastbei ziichte soll huet zënterhier ee reegelrechten ideologesche Glawenskrich tëscht Beienziichter ausgeléist. Fir déi eng ass d'Kräizung déi eenzeg Aart a Weis fir d'Beien ze stäerken a virum Massestierwen ze retten. Fir anerer ass d'Kräizung een invasiven Agrëff an d'Natur. Beienzorten aus verschiddene Kontinenter, déi sech normalerweis net vermësche géifen, ginn esou artifiziell gekräizt fir souzesoen eng 'Super-Bei' ze schafen. De Mënsch géif d'Natur fir seng Zwecker manipuléieren an d'Verbreedung vun dëser onnatierlecher - well vu Mënschenhand geschaafener - Bei géif aner Beienaarte verdrängen an sou d'Diversitéit a Gefor bréngen.

De Paul Jungels positionéiert sech a sengem Buch ganz kloer op der Säit vun de Buckfast-Imker.

D'Kräizung wier och bei aneren Déieren Usus an et géing kee Grond ginn dass dat bei Beien ee Problem wier. Ganz am Géigendeel. Senger Meenung no ass d'kënschtlech Befruchtung eng natierlech Selektioun déi vu Mënschenhand bedriwwe gëtt a steet dofir net am Widdersproch, mee am Aklang mat der Natur.

"Unter weitgehender Missachtung der populationsgenetischen Bedürfnisse der Bienen werden genetisch eingeengte Rassenreinzuchten erstellt und der breiten Imkerschaft zwecks Breitenvermehrung zur Verfügung gestellt."

Doriwwer eraus géif déi mënschlech Selektioun d'Beie besser un déi rapid Verännerungen an der Ëmwelt adaptéieren, déi duerch de Klimawandel an d'Benotzung vu Pestiziden verursaacht ginn. De Paul Jungels geet souguer esou wäit déi traditionell Beienzuucht ze beschëllege schwaach Beievolléker artifiziell um Liewen ze halen, déi duerch déi natierlech Selektioun gestuerwe wieren. Aus dësem Grond géif et vill schwaach a krankheetsufälleg Beie ginn, wat der Beiewelt insgesamt schuede géint.

"Aus biologischer Sicht haben Bienen ohne Honigleistung und ohne Honigreservehaltung keine Lebensberechtigung, da sie nicht überleben können."

A sengem eegene Betrib ginn am Joer ronn 200 Kinniginne kënschtlech befrucht. Den Imker selektionéiert eenzel Dronen - also männlech Beien - deenen hir Gener hie verierwe wëllt. Hire Sperma gëtt mat Hëllef vu spezielle Geräter an d'Kinneginnen erausgesprëtzt. Sou sollen déi Eegeschaften, déi vum Imker als wäertvoll ugesi ginn, weidergeziicht ginn. An engem techneschen, mee héichinteressente Kapitel erkläert de Paul Jungels wéi d'Gener vun de Beien dank der Kräizzuucht weidergi ginn a wéi doduerch d'Beie gestäerkt ginn - notamment géint déi sougenannte Varroamilb.

Eng méi lukrativ Bei

Kritiker géifen dem Paul Jungels virwerfen, datt et bei der kënschtlecher Beienzuucht net an éischter Stell ëm d'Wuel vun de Beie géif goen, mee ëm d'Geschäft. Ganz falsch ass d'Argument net. De Paul Jungels ass haaptberufflechen Imker an muss sech natierlech wirtschaftlech iwwer Waasser halen. D'Buckfast-Bei ass esou geziicht ginn, datt se vill Hunneg produzéiert a liicht ze handhaben ass. Et ass an anere Wierder also eng méi effizient a méi lukrativ Bei.

Dem Paul Jungels säi Buch riicht sech an éischter Linn un aner Imker. Et ass - wéi et am Ënnertitel steet - ee Praxishandbuch. Fir Amateuren ouni Virwëssen oder fir Leit, déi just een Abléck an d'Welt vun de Beienziichter wëllt hunn, ass d'Buch net ëmmer zougänglech. Plazeweis liest sech säi Buch och wéi eng Sträitschrëft oder ee Manifest. Net just promouvéiert hien seng Method, mä hie kritiséiert och d'Aarbechtsweis vun aneren Imker, déi d'Existenz vu rénge Beienënnerarte schütze wëllen. Den Toun geet geleeëntlech och an d'Polemik iwwer z.B. wa Parallellen tëscht de rengrassege Beienziichter an d'Rassepolitik vun de Nazien hiergestallt ginn. Sou schreift de Paul Jungels, datt sech nom Zweete Weltkich an Däitschland an an Éisträich ënnert den Imker eng Ideologie duerchgesat hätt, déi sech duerch een "Rassenreinzuchtfanatismus in starker Anlehnung an die Rassenideologie des Dritten Reiches" kennzeechne géing. Sou Aussoe weise wéi zougespëtzt de Glawenskrich tëscht de Beienziichter ass an dierfte bei aneren Imker net onbedéngt fir Zoustëmmung suergen.