Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mini Trees - Shapeshifter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch

Sot emol

Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch

Et gi Mënschen, bei deenen ee sech freet, wann een hir Aktivitéite kuckt - wou huelen se déi Zäit all hir? Zu deene Mënsche gehéiert ganz sécher de Raymond Weber, dee sech bis zur Pensioun professionell, an dernieft awer och privat a benevole immens vill agesat an engagéiert huet.

auto_stories

3 min

De Raymond Weber.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


De Raymond Weber schwätz bei sengen Aktivitéiten éischter vu Passiounen an zu senge Passioun gehéieren ënnert anerem d'Kultur, Afrika an d'Entwécklungspolitik an den Enseignement.

Schonn als jonke Mënsch passionéiert

Et goung scho ganz fréi lass iwwer den Engagement an de Scouten oder an der JEC, an et huet am Fong ni opgehalen. Op der enger Säit konnt de Raymond Weber am Beruff eng Rei vun de Passioune realiséieren:

"Mee op där anerer Säit och duerch en associatiivt Engagement a verschiddenen Associatiounen an ONGen an esou weider, déi mer et erlaabt hunn där Passioun no ze goen."

Fir de Raymond Weber war déi Zäit als jonke Mënsch an den Associatiounen eng Zort Schoul fir d'Liewen, wou hie seet, dat hien do bal méi geléiert huet wéi an der richteger Schoul.

Vum Enseignant an de Kulturministère

De Raymond Weber huet Philosophie a Soziologie studéiert, an no den Etuden am LGL de Stage gemaach. Et ass dunn awer net esou komm wéi hie geduecht hat, well eng aner Vocatioun dertëschent koum an der Persoun vum Robert Krieps, dem fréiere Kulturminister. Deen huet de Raymond Weber gefrot, fir mat him am Kulturministère ze schaffen:

"Ech hunn hien am Fong net kannt wou ech op de Ministère komm sinn. Hien hat mech iergendwéi kenne geléiert, well ech deemools en Interview mat him gemaach hunn als Responsabel vun enger Educatiounssäit am Tageblatt, déi "Unterricht und Politik" geheescht huet. An dorops hin huet hie fonnt datt deen Interview intressant war."

De Kulturminister Robert Kripes sot zum Raymond Weber, op en da keng Loscht hätt mat him zesummen ze schaffen. An d'Zesummenaarbecht huet sech du lues a lues entwéckelt:

"Ech mengen ouni ze iwwerdreiwen, ech war esou e bësse säin Adoptivjong, an dat huet mer och eng Relation de Confiance bruecht, déi déif gaangen ass. Bon, ech hunn hien awer och heiansdo musse bremsen."

Gedold hu gehéiert net zu de Stäerkten

Fir de Raymond Weber ass et net einfach näischt ze maachen, mee hien hëlt sech awer all Dag Zäit fir spadséieren ze goen, fir de Kapp fräi ze kréien.

An zu sengen Distraktioune gehéiert op der enger Säit Musek lauschteren, wat him vill Freed mécht. Déi grouss Diversitéit vun der Musek begeeschtert hien. Op där anerer Säit gëtt et awer och d'Liesen:

"Ech liese ganz vill, ech menge wann ech en Dag hunn ouni gelies ze hunn, dat ass fir mech wierklech e bëssen e verluerenen Dag."