Wärend 130 Joer huet d'Stolindustrie um 60 Hektar grousse Site vun Esch-Schëffleng Geschicht geschriwwen, eng ronn 2.600 Persounen hunn do geschafft, bis 2012 all Aktivitéit opgehalen huet. Am Musée, deen zu Schëffleng um Site ass, gëtt d'Geschicht gewise virun, wärend a no der Industrialiséierung.
D'Wichtegkeet vum Äerz
Schonn am drëtte Joerhonnert viru Christus hunn d'Kelten dat sougenannte Bounäerz verhitt. D'Gallo-Réimer hu Stollen duerch de Fiels gedriwwen. Dat richtegt Ausmooss vun de Minettsvirkomme gouf awer eréischt 1850 vum Fransous Renaudin entdeckt an dat selwecht Joer hunn d'Bridder Metz sech dru gewot fir Minett an hirem Eecher Betrib ze schmëlzen.
Bis an d'1970er Jore war d'Siderurgie den Haaptpilier vun der Lëtzebuerger Ekonomie. De Gunther Alain a Victor Mierens bedreiwen de Schmelzaarbechtermusée. Am Ufank wier et eng Grupp vun Idealiste gewiescht, déi an de Kolonië gewunnt hunn a sech getraff hu fir e Club ze grënnen, mam Zil perséinlech Saachen aus der Zäit vum Biergbau ze sammelen.
D'Ausstellung wiisst
Reegelméisseg kréie si ugeruff a kréien nei Saache proposéiert. An der Ausstellung fënnt een Objeten, déi d'Leit an de Vestiairen haten, fir hir Hänn ze wäschen, Kaarten, déi gedréckt goufe virum, wärend am nom Krich.
Den Ament lafe grouss Projete fir de Site vun Esch-Schëffleng ze revitaliséieren, e fuschneie Quartier soll bis 2025 entstoen.