Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mee '41 : Trouscht am Leed

Zäithistoriker

Mee '41 : Trouscht am Leed

Viru genau 80 Joer hunn d'Nazien eng Campagne géint d'traditionell Lëtzebuerger Elitte lancéiert. Domadder hu se awer grad dozou bäigedroen eng al Traditioun ze reaktivéieren. Eng Chronik vum Vincent Artuso.

auto_stories

6 min

Ufanks 1941 huet d'militäresch Lag vun den Achsemuechte schlecht ausgesinn. D'Englänner haten duergehalen a ware souguer op de Punkt d'Italiener aus Nordafrika ze verjoen. No hirer gescheiterter Invasioun vu Griicheland, waren dem Mussolini seng Truppen och um Balkan schlecht drun.

Mee d'Wehrmacht hat séier agegraff. Enn Mäerz hunn däitsch an italienesch Truppen, ënner dem Erwin Rommel sengem Kommando, d'Englänner aus Libyen zeréckgedriwwen. De 6. Abrëll sinn däitsch Divisiounen och a Jugoslawien amarschéiert, well den Hitler verhënnere wollt, datt dat Land op englescher Säit an de Krich géif zéien a fir seng italienesch Frënn aus dem griichesche Schlamassel erauszezéien. Jugoslawien a Griicheland goufen a manner wéi engem Mount geschloen a besat.

D'Lëtzebuerger dresséieren

Dës weider däitsch Victoiren haten en immense psychologeschen Impakt op d'Lëtzebuerger Bevëlkerung. D'Oppositioun, déi am éischten Trimester vum Joer visibel gi war, ass nees ënnergetaucht. Si war erëm onsiichtbar, dofir awer méi diffus, an huet am Fong just op déi éischt bescht Geleeënheet gewaart fir sech erëm auszedrécken. Dës Attitüd huet d'NS-Autoritéite besonnesch irritéiert, wéi een dat zum Beispill an engem Rapport vum Sicherheitsdienst vum 13. Mee 1941 liese kann:

"Die VdB hat sich dieses ganze Jahr bemüht, die Luxemburger von der unausweichlichen Notwendigkeit der neuen Ordnung zu überzeugen und in ihre Reihen zu führen bevor es zu spät ist. Heute ist es schon zu spät für manche Luxemburger. Deshalb soll jeder sich sagen: " Was bisher geschehen ist, wird nicht mehr rückgängig gemacht werden." Und auch dies soll er sich sagen: dass es gefährlich ist, Langmut und Nachsicht mit Schwäche zu verwechseln, und dass es auf die Dauer nicht genügt, süsslich zu lächeln und Pfötchen zu geben, die Ablehnung und den Groll aber weiter in den Herzen zu tragen."

D'Metapher war eloquent; de Lëtzebuerger war e widerspenstegen Hëndchen. Säin neie Meeschter huet et gutt mat ëm gemengt an huet ëm dat erëm gedëlleg widderholl - an dëser Period hunn d'NS-Organisatiounen, wéi d'NSKK oder d'SA, eng néi Campagne lancéiert fir nei Memberen ze rekrutéieren. Mee de Meeschter war awer och ferm entschloss, beim éischten Zeeche vu Widdersetzlechkeet oder Ondankbarkeet anzegräifen. Konkret hunn d'Vertrieder vum NS-Regimm decidéiert géint d'traditionell Elitte virzegoen déi, hirer Meenung no, hir Aarbecht sabotéiert hunn.

Bestrofen an erniddregen

Enn Abrëll huet de Gauleiter Simon eng Serie vu besonnesch strenge Veruerdnungen a Kraaft gesat, déi Staatsbeamten a Fräiberuffler ganz besonnesch cibléiert hunn. Direkt no der Verkënnegung vun der Verordnung über Massnahmen auf dem Gebiet des Rechtsanwaltrechts, vum 19. Abrëll 1941, kruten zum Beispill siwen Affekoten en definitive Verbuet hire Beruff auszeüben - véier anerer kruten e provisoresche Verbuet.

Fir sécher ze sinn, datt de Message kengem géint entgoen, goufen hir Nimm an den Zeitunge publizéiert, zesumme mat deene vun zéng Employéeë vun der Eisebunn an zéng Staatsbeamten, déi op der Basis vun der Verordnung über Massnahmen auf dem Gebiet des Beamtenrechts, vum 31. Mäerz 1941, revoquéiert gi waren.

70 Riichteren, Enseignanten, Affekoten, Journalisten a Staatsbeamte waren deemools och als Zwangsaarbechter op de Chantier vun der Reichsautobahn an der Eifel geschéckt ginn. D'Zil vun der Mesure war dës Leit net nëmmen ze bestrofen, mee se ze erniddregen, se geeschtlech a kierperlech ze briechen.

Zu dësem Zäitpunkt huet de Gauleiter och scho mat der Iddi gespillt zéng Familljen, déi a sengen Aen onverbesserlech waren, a Serbien ëmzesidelen. Et koum nach net dozou, mee et gouf vun do un eeschtlech iwwer de Projet nogeduecht.

Kulturkampf

Am Mee 1941 huet de Gauleiter och säi Kulturkampf géint d'kathoulesch Kierch verschäerft. D'Kierch war fir hien e Rival. An der Tëschekrichszäit war si en essentielle Pilier vum Staat gewiescht, net nëmme wéinst senger politescher Ënnerstëtzung vun der hegemonescher Rietspartei, mee och well seng Uerden eng ganz grouss Roll an der Erzéiung gespillt an e wesentlechen Deel vum Sozial- a Gesondheetssystem gebillt hunn.

Ufanks Mee, goufen 11 Paschtoueren a Frankräich ausgewisen. D'NS-Autoritéiten hate jugéiert, datt dës Geeschtlecher ze frankophil waren. Ënner dem selwechte Virwand goufen eng Rei vu kathoulesch Uerde verbueden an hire Besëtz vun der däitscher Zivilverwaltung agezunn.

D'Sainte-Sophie Schoul gouf zum Beispill vum Gauleiter zougemaach an den Uerden deen d'Schoul bedriwwen hat, opgeléist. Dat selwecht Schicksal ass de Borromäerinne widderfuer, déi an der Eecher Klinick als Krankeschwëstere geschafft hunn. D'Nonne goufen de 15. Mee ausgewisen, mat der Ausnam vun zwou Röntgeschwësteren, fir déi et nach keen Ersatz gouf.

Aner wichteg antiklerikal Mesurë waren d'Opléisung vum Seminär an d'Upassung vum Reliounsunterrecht un de Reegelen déi deemools an Däitschland a Kraaft waren. Eng speziell Meldepflicht gouf agefouert an de Kateschismus gouf weltlech Léierkräft iwwerlooss.

Oktav 1941

Dës nei Phas vun totalitärer Säkularisatioun huet ongeféier zum selwechte Moment stattfonnt ewéi déi éischt Oktav zanter dem Ufank vun der Besatzung. D'Zivilverwaltung hat dowéinst Problemer antizipéiert a souwuel d'Priedegten ewéi och d'Pressessioune verbueden, mam Virwand datt d'Gefor vu Loftugrëff ze grouss war. Datt dës Mesuren net wierksam waren, kann een am SD-Bericht vum 13. Mee liesen, dee scho virdrun zitéiert gouf:

"Die einzelnen kirchlichen Veranstaltungen waren stark besucht. Am Sonntag war die Kathedrale in Luxemburg überfüllt. Anwesend waren ausser zahlreichen Frauen verhältnismässig viele Jungmänner. Um zu verhüten, datt die Kirchenbesucher in Prozessionen durch Luxemburg zogen, hatte das Einsatzkommando der Sicherheitspolizei und des SD in Luxemburg einen besonderen Streifendienst eingesetzt und das Bilden von Prozessionen verhindert. Die kirchlichen Veranstaltungen sind ohne Besonderheit verlaufen. Lediglich am Sonntag wurde der Bischof beim Verlassen der Kirche mit " Vive "-Rufen begrüsst. In Diekirch fand am selben Tage eine Prozesssion zu Ehren der Muttergottes statt, an der sich etwa 3.500 bis 4.000 Menschen beteiligten."

Vill Katholicken hunn an der antiklerikaler Politik vun den NS-Autoritéiten en neie Beweis vun hirer Gottlosegkeet gesinn. D'Oktav hat hinnen d'Occasioun ginn hir Solidaritéit mat der Kierch auszedrécken. Aner Lëtzebuerger, déi vläicht manner oder net gleeweg waren, haten och e Moyen fonnt fir hir Onzefriddenheet auszedrécken, ouni sech strofbar ze maachen.

Eng joerhonnertenal Traditioun gouf soumadder nei erfonnt, wärend déi traditionell Elitten, duerch de Leidenswee vun eenzele Vertrieder, en Deel vun der Legitimitéit zeréckkruten, déi se an de leschte Méint agebéisst haten. Dat war grad de Géigendeel vun deem wat d'Nazien erreeche wollten.