Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Meyers: De Mënsch ass wichteg

Sot emol

Marc Meyers: De Mënsch ass wichteg







Normal
0




false
false
false

LB-LU
X-NONE
X-NONE
















































































































































































































































































































































































































/* Style Definitions */
table.MsoNormalTable
{mso-style-name:"Table Normal";
mso-tstyle-rowband-size:0;
mso-tstyle-colband-size:0;
mso-style-noshow:yes;
mso-style-priority:99;
mso-style-parent:"";
mso-padding-alt:0cm 5.4pt 0cm 5.4pt;
mso-para-margin-top:0cm;
mso-para-margin-right:0cm;
mso-para-margin-bottom:10.0pt;
mso-para-margin-left:0cm;
line-height:150%;
mso-pagination:widow-orphan;
font-size:16.0pt;
font-family:"Times New Roman",serif;
mso-bidi-font-family:"Times New Roman";
mso-bidi-theme-font:minor-bidi;
mso-fareast-language:EN-US;}

Zanter zéng Joer ass de Marc Meyers ewell Direkter vum Stater Conservatoire, an deen am Joer 2011 nach 2.500 Studenten ageschriwwe waren. Mëttlerweil sinn et der 3.750. De Marc Meyers verréit, wéi hie well fréi a sengem Liewen d'Léift zur Musek entdeckt huet.

auto_stories

2 min

D'Entwécklung vum Conservatoire géif kloer mam Wuesstum vun der Stad Lëtzebuerg zesummen hänken, constatéiert de Marc Meyers. Et géif een urbanistesch gesinn, wéi wäit d'Stad an de leschte Jore méi grouss gi wier, awer och, wéi se sech "nach ëmmer méi verschéinert huet".

Dëst wier och an de Quartiere ronderëm ze bemierken, wéi beispillsweis zu Gaasperech oder um Kierchbierg, wou praktesch nei kleng Stied entstane wieren. Do wier et kloer, datt ee misst an d'Zukunft denken.

"Glécklech ass deen, dee sech am Liewe wuel fillt"

D'Musek spillt eng grouss Roll am Marc Meyers sengem Liewen. Doheem ass d'Musek bei senger Fra an den dräi Jongen awer am Alldag net esou present: Déi dräi sinn Handballer mat Leif a Séil.

Fir dem Papp eng Freed ze maachen, wieren dem Marc Meyers seng Jongen och an de Conservatoire komm:

"Si hunn hire Solfège gemaach, deen een huet Saxophone gespillt, deen zweeten Trompett an deen drëtte Perkussioun. Doraus ass awer net déi Passioun entstanen, wéi et elo am Handball de Fall ass. Ech hunn och ni Drock gemaach - ech mengen, ee gléckleche Mënsch ass deen, dee sech a sengem Liewe wuel fillt an dat mécht wat e gär mécht."

Eng fréi Léift zur Musek

Mat enger ganz besonnescher Plack huet dem Marc Meyers seng Relatioun mat der Musek ugefaangen. De fréiere President vun der Diddelenger Musek, de Fernand Wagner, war op Besuch an huet den Elteren en Disk matbruecht, erënnert sech den Direkter vum Stater Conservatoire:

"Et war Samschdes Owes am Wanter an en huet déi Plack dohinner geluecht. Et war déi véiert Symphonie vum Anton Bruckner, Herbert von Karajan mat de Berliner Philharmoniker aus der Editioun "Deutsche Grammophon" - si war gréng mat engem groen Adler. Ech hunn d'Plack geholl a sinn se direkt opleeë gaangen. Wat ech do héieren hunn, dat vergiessen ech mäi ganzt Liewen net. An dat ass den Ufank gewiescht."