Sot emol Luisa Bevilacqua: "Ech sinn Erzielerin"

Et ass elo net esou, datt d'Luisa Bevilacqua als Kand schonn d'Erzielen oder den Ëmgang mat Geschichte geléiert huet, an datt et esou e fléissenden Iwwergang war. Si seet awer selwer vu sech, datt si an der Schoul schonn eng Zort Klasseclown war.

Luisa Bevilacqua
Foto: Luisa Bevilacqua

An hirer Kandheet ass d'Luisa Bevilacqua mat gréissere Gesëschter grouss ginn, huet doduerch och vill Partye vun hire Schwëstere matkritt. D'Gesellegkeet huet si deemno kannt.

En Owend an der Famill

Et gëtt awer een Owend un deen d'Luisa Bevilaqua sech erënnert, a vläicht hat dee schonn onbewosst eppes mat hirer spéiderer Karriär ze dinn. Si hat siwen oder aacht Joer, a bis haut freet si sech, wéi si dat gemaach huet:

"Mir waren an der Vakanz an ech hu meng ganz Famill ënnerhalen, mat engem Witz no deem aneren, mat Geschichten zielen. An ech sinn en immens schlechte Witz-Erzieler, wann ee mech elo op Anhieb freet, ziel mir e Witz: Öh! Mee déi kleng Persoun vun aacht Joer huet do en erwuessene Publikum ënnerhalen. Vläicht stellen ech mir dat elo fir, et war eng Stonn, a Wierklechkeet waren et zéng Minutten."

An d'Luisa Bevilacqua huet et genoss, déi Erwuessen duerch dat Laache quasi ze guidéieren, an dat war eng eenzegaarteg Experienz.

Florenz, Roum a Bréissel

D'Luisa Bevilacqua huet no der Première zu Florenz an Italien Theaterwëssenschafte studéiert, an dono eng Formatioun als Actrice zu Roum gemaach; eng Formatioun mat enger ganz pedagogescher Approche.

Dono koum da wat bei d'Erzielerin passt: Eng Formatioun op der Ecole du Conte zu Bréissel. An do huet d'Luisa Bevilacqua eng dräi Joer laang Formatioun an enger Kadenz vun een, zwee Weekender de Mount, wou een eng ganz Palette vu verschiddene Facette vun der Erzielkonscht begéint huet. Dat heescht Symbolik, Recherchen, mëndlech Literatur, présence scénique, mee dat hat si scho vun hirer Theaterformatioun kannt.

"Mee och firwat erzielen ech déi Geschicht, wou beréiert se mech a wat bréngen ech, wann ech déi Geschicht erzielen. Heiansdo ass ee sech onbewosst, wat do alles mat kléngt, wann ee seet déi Geschicht gefält mer. An heiansdo kann een och einfach eng Geschicht erziele wann ee seet et gefält mer. Punkt."

An der Mediathéik:

Sot emol / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Méi zum Thema

Brigitte Urhausen
Podcast: Sot Emol

D'Bün huet am Fong ëmmer eng Roll am Liewe vun der Brigitte Urhausen gespillt. Si ass ëmmer nees op däitschsproochege Bünen, zu Lëtzebuerg, an och um groussen ewéi um klengen Ecran ze gesinn.

Raymond Weber
Sot emol

Et gi Mënschen, bei deenen ee sech freet - wou huelen se déi Zäit hir? Zu deene Mënsche gehéiert de Raymond Weber, dee sech bis zur Pensioun professionell, privat a benevole immens vill engagéiert huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen