Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wortproduzenten"

Lëtzebuerger Sachbicher

"Wortproduzenten"

De Lëtzebuerger Literaturbetrib huet eréischt an den 1980er Joren ugefaange sech ze professionaliséieren - esou gëtt zumindest dacks behaapt. Tatsächlech entsteet an dësem Joerzéngt de Genre vum Neie Lëtzebuerger Roman, deen der Literaturzeen nei Impulser gëtt. An hirer Dokteraarbecht argumentéiert d'Chercheuse Fabienne Gilbertz awer, datt éischt Zeeche vu Professionaliséierung sech scho vun den 1960er Joren u bemierkbar maachen.

auto_stories

8 min

Foto: Bigstock / alexhard80

An der onmëttelbarer Nokrichszäit huet déi Lëtzebuergesch Literatur virun allem aus triviale Romaner mat patrioteschen Ënnertéin bestan. Des Romaner hu simpel, méi oder manner staark moraliséierend Geschichten erzielt an hate mat der Realitéit vun den Zoustänn am Grand-Duché kaum eppes ze dinn. Well se dacks an engem bauerlechen oder provënzielle Kontext spillen, ginn dës Wierker generell als 'Heimat-' oder 'Schollenliteratur' zesummegefaasst. An de 1960er Joren hu Schrëftsteller ugefaangen, nei Weeër anzeschloen an sech Gedanken iwwert d'Plaz vun der Literatur an der Lëtzebuergescher Gesellschaft ze maachen. Si wollten als Auteuren eeschtgeholl ginn an hunn no a no eng Valoriséierung vun hirer Aarbecht an eng Professionaliséierung vum Literaturbetrib revendiquéiert.

Et ass dëse Wandel, deen d'Fabienne Gilbertz an hirer viru kuerzem publizéierter Promotiounsaarbecht mam Titel 'Wortproduzenten' retracéiert. Et geet am Buch also manner ëm eenzel Wierker a méi ëm d'Strukture vun der lëtzebuergescher Literaturlandschaft an hirer Entwécklung am Laf vun zwee Joerzéngten. Fir dës Entwécklung ze analyséieren, hëlt si dräi Phenomener méi genau ënnert d'Lupp. D'Opkomme vun alternative Literaturzäitschrëften, d'Grënnung vun avantgardisteschen Theatertruppen an d'Entstoe vu Schrëftstellerkollektiver.

Wéi d'Fabienne Gilbertz ënnersträicht gouf et nach laang nom Zweete Weltkrich keng Plaz am Lëtzebuerger Literaturbetrib fir Experimenter a fir gesellschaftskritesch Texter. Dat houng notamment dorunner, datt et u Medie gefeelt huet, déi den Auteuren de Fräiraum ginn hätten an deem si sech entfale konnten. Ee richtegt Verlagswiesen gouf et net a wien een Text publizéiere wollt huet forcement iwwert d'Dréckereie misse fueren - déi allerdéngs eng parteipolitesch Ausriichtung haten. Manuskripter, déi net an déi virgeschriwwen ideologesch Weltbiller gepasst hunn, konnten deemno net gedréckt ginn. Änlech war et am Feuilletonswiesen. Déi zwou grouss Kulturbäilagen - de Phare an d'Warte - ware sozialistesch resp. chrëschtkathoulesch gepräägt an hunn deemno keng heterodox Texter wëlle publizéieren.

"Weil unsere paar Zeitungen so echt luxemburgisch links und rechts marschieren haben wir unsoldatische Querköpfe nirgendwo Gelegenheit etwas unterzubringen." huet zum Beispill de Roger Manderscheid gemengt.

Erausfuerderen, Oprëselen an een onkonventionelle Kader schafen

Mat den neie Literaturzäitschrëften, Theatertruppen a Schrëftstellerkollektive gouf versicht dës Barriären opzebriechen an ee Raum ze schafen, an deem souwuel stilistesch ewéi och inhaltlech eppes Neies produzéiert a ugebuede konnt ginn. D'Texter gi méi experimentell, och mol méi vulgär a virun allem méi gesellschaftskritesch.

Wärend d'Geschicht vum Neie Lëtzebuergeschen Theater eenegermoosse bekannt a wéinstens rudimentär opgeschafft ginn ass, hu virum Fabienne Gilbertz d'Wëssenschaftler sech kaum mat Literaturzäitschrëften aus de 1960er an 1970er Jore befaasst. Obschonn déi meescht Zäitschrëften éischter kuerzlieweg waren, ënnersträicht d'Chercheuse hir wichteg Netzwierkfonktioun. Net just sinn déi verschidden Auteure mateneen a Kontakt komm, mee si hu sech och iwwert hir Wierker kënnen austauschen. Si weist och, datt dës Zäitschrëften, de Lieser erausfuerderen an oprësele wollten.

"Oui, cher lecteur, il s'agit bien de t'angoisser, de te mettre devant un univers auquel tu préférerais sans doute tourner le dos [...] Si donc, lecteur, tu t'attends à trouver dans nos textes de quoi satisfaire à tes instincts de comédien, alors referme ce recueil, alors referme ce recueil. [...] Oui, nous t'attaquons, lecteur, nous défions ton cerveau fermé et moribond."

Och d'Liesungen an der Konsdrëffer Scheier haten d'Zil een neien, onkonventionelle Kader ze schafen an deem d'Konscht- a Literaturamateuren zesummekomme konnten. Lues a lues hunn d'Auteure sech net just vun de Contrainte lassgemaach, déi am Lëtzebuerger Literaturbetrib existéiert hunn, mee och vun den Onsécherheeten a Mannerwäertegkeetskomplexer, déi ënnert de Literate verbreet waren. Dëse Wandel erkennt een och dorunner, datt ëmmer méi an der Mammesprooch geschriwwe ginn ass. Lëtzebuergesch sollt net méi d'Sprooch vun trivialen an derbe Koméidisstécker sinn. Mat hir konnt een och raffinéiert, usprochsvoll a qualitativ héichwäerteg Literatur produzéieren.

lochness: Deen éischte richtege Verlag zu Lëtzebuerg

Wärend de Mondorfer Dichtertage ass och versicht ginn, Lëtzebuerg op déi international Kulturlandkaart ze bréngen - awer just mat méissegem Erfolleg. Wéi d'Fabienne Gilbertz schreift, stoungen d'Lëtzebuerger éischter am Abseits a just Ausname wéi d'Anise Koltz oder de Roger Manderscheid hunn hir Renommée iwwert d'Grenze vum Grand-Duché eraus ausbreede kënnen.

1972 ass mat lochness een éischte richtege Verlag zu Lëtzebuerg entstanen. An dësem hunn d'Auteure selwer kënnen decidéiere wéi eng Bicher si wéi a wou produzéieren a verdeele wollten. Ee weidert, wichtegt Zil war awer och hir Lieserschaft ze politiséieren oder zumindest politesch ze sensibiliséieren - ee weidert Zeeche vun engem Wandel bannent der Lëtzebuergescher Literaturszen.

"Meiner Ansicht nach kann man allgemein erst von Kunst reden, wenn diese Kunst gesellschaftliche Strukturen in Frage stellt. Hierzulande ist es nämlich so, daß alle Kunst, die staatserhaltend wirkt oder zumindest nichts in Frage stellt, offiziell gefördert wird. Der Fall ist klar: genau wie im Mittelalter umgibt sich der König selbstverständlich nur mit seinen Getreuen." An dëse Wierder beschreift de Roger Manderscheid dat neit Literaturverständnis, dat an de 60er a 70er Joren opkoum.

Konschtgewerkschaft an Theatergruppe ginn an d'Liewe geruff

Änlech politesch war och d'Lëtzebuerger Konschtgewerkschaft, déi 1978 gegrënnt ginn ass fir d'Lëtzebuerger Konscht opzewäerten an d'Interessi vun de Kënschtler ze verdeedegen - notamment déi finanziell. Genau wéi bei lochness war awer och bei der Konschtgewerkschaft no e puer Jore scho Schluss.

Ee méi nohaltegen Erfolleg hate par conter d'Theatertruppe vun deenen der vill och haut nach bestinn - notamment de Kasemattentheater oder den TOL. Wat am Buch leider net erwäänt gëtt, ass d'Roll vum Schülertheater an der Professionaliséierung vun der Literaturszen. Besonnesch an den Escher Lycéeën hunn den Ed Maroldt an den Alex Reuter duerch hir Experimentéierfreed an hir avantgardistesch Approche d'Theaterwelt staark beaflosst. Net ze ënnerschätzen ass och d'Begeeschterung déi si bei jonke Schüler ausgeléist hunn, vun deene sech der vill spéider een nationalen an internationalen Numm gemaach hunn.

Dem Fabienne Gilbertz hir Etüd baséiert op Primärquellen, wéi déi schonn ernimmte Literaturzäitschrëften, souwéi op Archivsdokumenter aus dem Centre National de Littérature zu Miersch an zäitgenëssesch Zeitungsartikelen. Donieft huet d'Chercheuse Interviewe mat 13 Zäitzeie gemaach. Fir hir Analys theoretesch z'ënnermaueren huet d'Chercheuse op d'Polysystemtheorie vum israeelesche Wëssenschaftler Itamar Even-Zohar zeréckgegraff. Mat Bravour a vill Gedold faasst d'Auteurin déi komplex, deels abstrus a widderspréchlech Theoren zesummen, mee d'Explikatiounen huele méi Plaz a wéi se verdéngt hätten. D'Fabienne Gilbertz weist selwer op déi vill Onzougänglechkeete vun der Polysystemtheorie hin an ënnersträicht och, datt se a villen Hisiichten net pertinent ass fir de Lëtzebuerger Literaturbetrib ze analyséieren. Am Laf vum Buch gëtt och just sporadesch op dem Itamar Even-Zohar seng Theorie verwisen an d'Haapttheese vun der Dissertatioun hätt een och ouni dës Referenz kënne plausibel beschreiwen.

Weiderentwécklung: Nei Sujeten a Stiler

Eng zweet Kritik betrëfft déi schwiereg Definitioun vum Wuert 'Professionaliséierung'. D'Chercheuse proposéiert ganz am Ufank vun hirer Aarbecht e puer Begrëffserklärungen. An éischter Stell dréckt d'Wuert aus, datt d'Auteure vun hirer Fieder liewe kënnen an also d'Schreiwen zu hirer Professioun gemaach hunn. Deem setzt d'Fabienne Gilbertz nach eng zweet, méi soziologesch Definitioun bäi. Eng Professionaliséierung kënnt deemno da vir, wann de Literaturbetrib sech eegen Normen a Reegele gëtt, Aktivitéiten organiséiert, a seng Interessi verdeedegt - an anere Wierder also, wann ee sech institutionaliséiert. Dës Zort vu soziologescher Professionaliséierung kann natierlech och ee wirtschaftlechen Impakt hunn, soudass déi zwou Definitiounen zesummenhänken. Déi veritabel Plus-Value vum Buch läit doranner, dass d'Fabienne Gilbertz de Gros vu hirer Etude op dës zweet Definitioun baséiert an hir literaturwëssenschaftlech Analys aus engem méi soziohistoresche Bléckwénkel ugeet.

Drëttens kann d'Wuert 'Professionaliséierung' och eppes iwwert d'Qualitéit vun engem Wierk, oder engem Korpus u Wierker, aussoen. Bei Literatur oder Konscht am allgemengen ass dat awer net onëmstridden, well et kaum méiglech ass d'Qualitéit vu Romaner oder Gedichter objektiv ze moossen. D'Chercheuse schéngt awer ze suggeréieren, datt d'Professionaliséierung vum Lëtzebuerger Literaturbetrib och domat ze dinn huet, datt d'Auteure sech vun de klassesche Lëtzebuerger Sujeten a Stiler ofwenden a mat neie Formen experimentéieren.

"Die Erweiterung des thematischen und formalen Systemrepertoires kann dabei als Ausdruck eines veränderten Literaturverständnisses gedeutet werden: Während die Literatur der Nachkriegszeit in erster Linie als Traditions- und Wertearchiv dient, wird ihr ab den 1960er Jahren vermehrt eine politische Aufgabe zugesprochen. Literatur soll nicht mehr vergangenheits- sondern gegenwarts- und zukunftsorientiert sein, sie soll nicht mehr bewahrend und bestätigend, sondern vreändernd und irritierend wirken."

Ob een do tatsächlech vu Professionaliséierung schwätze kann, droiwwer kann ee streiden, well ee Literaturbetrib, an deem just konventionell oder konservativ Texter entstinn, ganz wuel professionell ka sinn. An d'Opkomme vun alternative Stiler a gesellschaftskriteschen Téin heescht och net automatesch, datt ee Literaturbetrib doduerch méi professionell gëtt. Bei verschiddenen Entwécklungen, déi analyséiert ginn, misst een dofir éischter vun enger Moderniséierung amplaz vun enger Professionaliséierung schwätzen. Béid Entwécklungen hänke sécherlech zesummen - dat geet am Buch ganz kloer ervir - mee se sinn trotzdeem net identesch.

Mat hirem Buch läit endlech eng Etüd iwwert d'Lëtzebuerger Literatur an de 60er a 70er Jore vir. Domat ass, wéinstens deelweis, eng grouss wëssenschaftlech Lacune gefëllt ginn. Aner Perioden an der nationaler Literaturgeschicht si bis haut komplett onerfuerscht an een Iwwerbléckswierk feelt dofir nach ëmmer.