Radioen

On air

Kultur um 5  |  Grizzly Bear - While You Wait For The Others

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Held an Affer? - De Lëtzebuerger Legionär am Éischte Weltkrich

Lëtzebuerger Sachbicher

Held an Affer? - De Lëtzebuerger Legionär am Éischte Weltkrich

Iwwer keng aner Söldnertrupp zirkuléieren därmoosse vill Mythen, wéi iwwer déi franséisch Friemelegioun. Ee flotten an detailléierten Ausstellungskatalog behandelt den Asaz vu Lëtzebuerger Legionäre wärend dem Éischte Weltkrich. Wéinst sengem staark agegrenzte Fokus liwwert d'Buch awer ee verzerrt Bild vun der Friemelegioun a vun de Lëtzebuerger Söldner.

auto_stories

6 min

An engem éischte Bäitrag, liwwert de Christian Koller ee generelle Bléck an d'Geschicht vun der Legioun an an déi dacks schwéier Liewenskonditioune vun de Legionären. Gegrënnt gouf d'Legioun am Joer 1831 fir Algerien ze koloniséieren an déi franséisch Populatioun ze schounen, déi deemools wéineg Versteesdemech fir déi kolonial Eruewerungskricher hat. An Algerien - méi genau zu Sidi Bel Abbès - sollt bis an d'1960er Joren de Sëtz vun der Friemelegioun sinn. Och haut besteet d'Legioun nach - an d'Zaldote ginn nach ëmmer an den ale Kolonialgebidder agesat.

An engem vu senge véier Bäiträg zeechent den Arnaud ee Profil vum Lëtzebuerger Legionär wärend dem éischte Weltkrich. Hie wëll wëssen, wien dës Männer waren, wou se gewunnt hunn, wéi al si ware wéi se sech an der Legioun ageschriwwen hunn a wat hire Beruff war. Unhand vun den Donnéeën aus de militäresche Matriculle versicht hie gewëssen Tendenzen erauszeschielen.

Sou iwwerrascht et zum Beispill net, datt eng ganz Partie Lëtzebuerger Legionäre virum éischte Weltkrich a Frankräich gewunnt a geschafft hunn. Dat bestätegt och d'Antoinette Reuter an hirer Etüd unhand vun engem Echantillon vun Diddelenger Legionären.

Verschidde Grënn fir sech ze mellen

Wien de Phenomeen vun der Lëtzebuergescher Participatioun an der Friemelegioun wärend dem Éischte Weltkrich verstoe wëll, muss also och ee Bléck op déi Lëtzebuergesch Emigratioun a Frankräich werfen - een Aspekt, deen am Katalog nees vum Arnaud Sauer a vum Denis Scuto beliicht gëtt. Wärend verschidde Lëtzebuerger aus Iwwerzeegung gekämpft hunn, hunn anerer sech wéinst dem sozialen Drock gemellt, oder fir net a franséischen Internéierungslager agespaart ze ginn. Een Appell un all d'Lëtzebuerger a Frankräich ass schonn an den éischte Krichswochen diffuséiert ginn:

"Aux Luxembourgeois! Les Luxembourgeois en résidence à Paris profondément indignés de la violation de leur territoire par les Allemands protestent avec la dernière énergie contre cet acte criminel. Soucieux de leur indépendance et forts du devoir à accomplir, les Luxembourgeois sont instamment invités à venir se faire inscrire sur les listes d'enrôlement, comme volontaires, au profit de la grande et noble nation française. Vive la France! Vive le Luxembourg!"

Bedeelegung vum Fränz Faber

D'Buch beinhalt eng ganz Rei méi oder manner laang Biographië vun eenzelen Zaldoten. Am ausféierlechsten ass natierlech dem Pascal Leroy säi Bäitrag iwwert de Fränz Faber - oder besser gesot de "Francois Faber". De Fränz Faber war nämlech scho virun éischte Weltkrich a Frankräich an zu Lëtzebuerg ee Star a bleift och haut deene meeschte Lëtzebuerger an Erënnerung als éischten auslännesche Champion vum Tour de France.

Bal zäitgläich sinn am zweete Krichsjoer zwee Ënnerstëtzungsveräiner fir Lëtzebuerger Zaldoten a Frankräich gegrënnt ginn, déi - sou den Historiker Jacques Maas - warscheinlech a politescher Konkurrenz zouenee stoungen. Op der enger Säit war de Comité Franco-Luxembourgeois dee vum Paul Flesch, dem Architekt vun der Stad Esch, an d'Liewe geruff gi war. Donieft hat de Paul Schroell, Grënner vum Escher Tageblatt d'Oeuvre des Soldats luxembourgeois engagés volontaires au service de la France gegrënnt.

"L'Oeuvre des Soldats luxembourgeois engagés volontaires au service de la France a pour but d'assister moralement et matériellement les originaires du Grand-Duché de Luxembourg qui ont contracté un engagement volontaire dans l'armée française; [...] de secourir et d'aider les familles réfugiées ou résidant en France, des Luxembourgeois tombés sur les champs de bataille des Alliés [...]; et de rendre hommage aux Luxembourgeois tombés aux champ d'honneur."

D'Tëschekrichszäit

De leschten Deel vum Katalog behandelt d'Tëschekrichszäit. Wéi sinn d'Legionäre behandelt ginn a wéi ass hiren Asaz zu Lëtzebuerg gewierdegt ginn? Vir vill Ex-Volontairen, déi de Krich iwwerlieft haten war ee Retour an dat normaalt Liewen net méi méiglech. Wéinst hire Verletzungen a Krichstraumata ware si an hir Familljen op finanziell Ënnerstëtzung ugewisen. An engem Bäitrag, zielt d'Juliet Roberts déi heefegste Krichsverletzungen an Doudesursaachen vun den Zaldoten am éischte Weltkrich op - dat unhand vu Lëtzebuerger Beispiller. De Chercheur Machteld Venken analyséiert sengersäits d'Sozialversécherung déi de Staat nom Krich agefouert huet fir den Ex-Zaldoten ënnert d'Äerm ze gräifen. Dacks ass dës Hëllef awer réischt no Joren, wann net Joerzéngte beim Veteran ukomm. Déi staatlech Symbolpolitik war dogéint méi effikass: nom Krich goufen eng ganz Partie Monumenter opgeriicht an och Medailen hu séier missen produzéiert ginn fir d'Legionären ze éieren. D'Gëlle Fra ass haut souguer zu engem Symbol vun nationaler Fräiheet an Onofhängegkeet ginn. D'Fro vun de Lëtzebuerger Legionäre krut nom Krich nämlech eng politesch Dimensioun. Déi fräiwëlleg Zaldoten aus dem neutrale Grand-Duché goufe nom Krich quasi ausgenotzt fir ee politesche Statement ze maachen: och Lëtzebuerg hätt säi Bäitrag un der Victoire géint Däitschland geleescht. Dass et awer och germanophil Tendenzen zu Lëtzebuerg gi sinn - notamment um Haff - konnt een esou effikass ausblennen an duerch Mythen a Legenden ersetzen. De Charles Larue huet sech schonn an den éischte Joren nom Krich iwwert verschidden Onstëmmegkeete gewonnert:

"Le résultat de mes investigations me surprend étrangement. Alors que j'ai appris de tous les légionnaires que j'ai interrogés [...] que le chiffre de l'effectif s'élevait à 3.000 à 5.000 [sic] hommes, mon contrôle personnel s'arrête à celui de 600, je dis bien six cent."

Den Arnaud Sauer schätzt, datt net méi wéi dausend Lëtzebuerger am éischte Weltkrich fir Frankräich gekämpft sollen hunn.

Eng begrenzte Vue

Wat nom Krich - a leider och am Katalog - net erwäänt gëtt, ass datt d'Lëtzebuerger net just op franséischer, mee och op däitscher Säit fräiwëlleg gekämpft hunn. Iwwert dës Lëtzebuerger weess een haut kaum eppes - genausou wéineg iwweregens wéi iwwert d'Lëtzebuerger déi sech wärend dem éischte Weltkrich an déi belsch, brittesch oder amerikanesch Arméi gemellt hunn. Et muss ee sech dofir froen, ob d'Ausstellung an de Katalog duerch hire Fokus net zur Mystifizéierung vun der Franséischer Legioun bäidroen. Wisou sech op déi franséisch Friemelegioun beschränken, wuelwëssend datt et zum Beispill och am Vatikanstat oder an den hollännesche Kolonialtruppe Lëtzebuerger Söldner gi sinn?

Net nëmme beschränkt sech de Katalog op d'Lëtzebuerger Söldner an der Franséischer Friemelegioun, mee doriwwer eraus gëtt just d'Period vum éischte Weltkrich behandelt - eng relativ kuerz Period an der laanger Geschicht vun der Legioun. Just een - niewebäi gesot: exzellenten - Artikel vum Sébastien Vecchiato, geet op d'Period virum 1 Weltkrich an. Dobäi hunn d'Lëtzebuerger sech vun Ufanks un fräiwëlleg gemellt fir fir Frankräich an de Krich ze zéien.

Wéinst dëser Agrenzung gëtt den Asaz op der Säit vun de Mëttelmuechten also komplett wechgelooss genausou wéi d'Bedeelegung un eventuelle Massaker wärend de franséische Kolonialkricher fir déi d'Friemelegioun bekannt war. Sou steet de Lëtzebuerger Legionär am Buch just als Held oder als Affer do. D'Buch ass zwar wäit dovun ewech, d'Zaldoten ze glorifizéieren, mee d'Approche dréit trotzdeem zu der Mythologiséierung vun der franséischer Legioun bäi, an och vum Lëtzebuerger Söldnertum dee sécherlech net ëmmer sou nobel war, wéi dat nom éischte Weltkrich a bis haut dacks duergestallt gëtt.