Radioen

On air

Notturno  |  Robert Wyatt - At Last I Am Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Guy Geimer: Theater, de Wee bei d'Fantasie

Sot emol

Guy Geimer: Theater, de Wee bei d'Fantasie

An engem däitsche Lidd heescht et "Alles ist nur Theater und ist doch auch Wirklichkeit. Theater das Tor zur Fantasie". Genee dat ass e Stéck vum Guy Geimer sengem Liewen: ouni Theater kéint hie sech d'Liewen net virstellen.

auto_stories

3 min

De ganzen Interview mam Guy Geimer lauschterenplay_arrow


Vun der Musek bei den Theater

Dem Guy Geimer seng éischt Passioun war d'Musek, hien huet ganz laang an der Bartrenger Musek gespillt. Mee do koum den Ament, wou e puer Jonker sech zu Bartreng zesumme gedoen hu fir nees Theater ze maachen, an do war de Guy Geimer derbäi.

Et hätt him ëmmer méi Spaass gemaach, esou de Guy Geimer, an hie mengt datt et ville Leit esou geet, déi Blutt lecke wa si bis eng Kéier op der Bün stoungen.

Iergendwann huet hien awer gemierkt, datt hien de Choix tëschent Musek an Theater misst treffen, déi zwou Saachen hätten him awer net leed gedoen.

Vum Acteur zum Regisseur

Et goufen ëmmer nees prägnant Amenter fir de Guy Geimer. Een esou e Moment war wou beim Theater e Regisseur gesicht gouf, an hie sech gemellt huet fir dat ze maachen.

Do huet hien op eemol gemierkt, wéi schéin et ass fir Regie ze maachen an ze bestëmmen, wat op der Bün geschitt:

"Du kanns dann deng Virstellunge vum Stéck op deng Bün bréngen. An da kënnt deen Ament wou s de sees: Oh jo, Regie maachen, dat ass schéin!"

Den éischte Präis beim UGDA-Concours

Bei d'Spillen an d'Regie maache koum beim Guy Geimer och nach d'Schreiwen derbäi. Hei huet him d'Adaptéiere vun Theaterstécker besonnesch gefall huet. Mee am Joer 2000 huet hien awer och en eegent Theaterstéck beim UGDA-Concours agereecht, an eraus koum den éischte Präis.

Fir säi Stéck "A wann et wouer wär" huet de Guy Geimer sech Gedanke gemaach iwwer Waffen an de Krich, well hien déi Diskussioun doriwwer ëmmer esou grotesk fonnt huet, an dobäi koumen him Froen an de Kapp:

"Wéi wier dat dann elo, wann d'Waffe géifen ofgeschaaft ginn a jidderee kritt d'Waffen heem geschéckt? Wéi géif d'Welt dann ausgesinn? Dat war eigentlech d'Grondiddi.(...) Et war schonn en abstrakt Stéck wat an de Cabaret era gaangen ass."

D'Leit un d'Laachen ze kréien ass net einfach

Am Theater geet et ëm Emotiounen, déi een un d'Leit brénge wëllen. Laachen a Kräische sinn Emotiounen a gläich wichteg. Dacks gëtt jo beim Theater gesot, mir mussen d'Leit un d'Laache bréngen, seet de Guy Geimer:

"Ech mengen dat ass eng Emotioun. A Kräischen ass grad esou wichteg wéi d'Laachen [...] Do muss ech awer soen, am Theater ass d'Kräischen doe méi einfach, wéi Laachen doen."

Fir de Guy Geimer ass den Theater e Stéck vu sengem Liewen: et gëtt ee vill, mee et kritt een och vill erëm.