Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grande-Duchesse Marie Adelheid, onverfälscht

Zäithistoriker

Grande-Duchesse Marie Adelheid, onverfälscht

Wann Historiker ganz gewëssenhaft, virsiichteg a selbstkritesch virgi fir d'Vergaangenheet ze rekonstruéieren, erlabe si eis d'Geschicht besser ze verstoen a kënne souguer Geschichtsfälschungen opdecken. Genee dat geléngt der Historikerin Josiane Weber mat der éischter wëssenschaftlech-kritescher Biografie vun der Grande-Duchesse Marie Adelheid, déi den Zäithistoriker Denis Scuto presentéiert.

auto_stories

8 min

Mir feieren e Begriefnes vun der besonnescher, eigentlech erfreelecher Zort. Begruewe ginn haut d'Legenden, d'Mythen, d'Märercher, déi d'Lëtzebuerger zanter 100 Joer beim Kamäinfeier erzielt kréie ronderëm eng tragesch Figur aus der nationaler Geschicht: d'Groussherzogin Marie Adelheid.

Ze verdanken hu mer et an éischter Linn enger Historikerin, Spezialistin an de Beräicher Literatur-, mee och Elitten-, Bourgeoisie a Fraegeschicht an Éischte Weltkrich zu Lëtzebuerg. D'Josiane Weber huet eng politesch Biografie vun der Marie Adelheid publizéiert bei Editions Binsfeld, iwwer 600 Säiten déck a flott illustréiert. D'Resultat vu jorelaangen akribesche Recherchen an engem geneesou detailléierte Studium vun de verschiddenste Quellen: Archivquellen aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Belsch, Éisträich, Dokumenter aus Privatsammlunge vu Politiker a Schrëftsteller, Compte-rendue vun der Chamber, Tagebicher a Memoiren, zäitgenëssesch Verëffentlechungen aus der Zäit ëm den Éischte Weltkrich, Biografien iwwer d'Marie Adelheid an natierlech déi ganz historesch Fuerschungsliteratur.

Archiv a Bibliothéik vun der Maison grand-ducale refuséieren Zougang

Just een Archiv huet hir den Zougang refüséiert. Op hir Demande vum 17. September 2016 fir d'Bestänn vum Archiv a vun der Bibliothéik vun der Maison grand-ducale kënnen ze consultéieren, huet den Haffmarschall Lucien Weiler hir de 16. November 2016 matgedeelt, datt "la Cour grand-ducale n'est pas en mesure de faire droit à votre requête". Mat folgender Begrënnung: "Nous tenons à vous informer que les Archives, de même que la Bibliothèque de la Maison grand-ducale, sont actuellement à usage strictement privé." Dee selwechten Haff huet souguer säin Haffbibliothekär Gast Mannes carrement virun d'Dier gesat, well hien d'Fro gestallt hat, ob hien der Josiane Weber interessant historesch Informatiounen aus der Dokumentatioun vun der groussherzoglecher Bibliothéik kéint weiderginn. Ee vun enger ganzer Rei vun Dysfonctionnementer an der Personalpolitik vum Haff, mat där sech d'Regierung jo mëttlerweil offiziell befaasst. Mee d'Josiane Weber war geneesou determinéiert wéi d'Marie Adelheid virun 100 Joer an huet sech net decouragéiere gelooss.

D'Josiane Weber raumt mat Legenden op

Wat erauskoum ass déi éischt wëssenschaftlech-kritesch Biografie vun enger historescher Perséinlechkeet, déi an hirem politesche Projet gescheitert ass an zu enger tragescher Figur am historesche Kontext vum Éischte Weltkrich gouf. Net well si als jonk Fra Affer vun hirem Entourage gi wier, oder vu Lëtzebuerger an auslännesche Politiker a Kräften, déi si schlecht beroden oder hir schlecht gewëllt waren. An och net, well si sech selwer geaffert hätt fir hiert Land, wéi eng Lëtzebuerger Jeanne d'Arc aus dem 20. Joerhonnert.

D'Historikerin Josiane Weber raumt definitiv mat dëse Legenden op, well si d'Marie Adelheid als politesch Akteurin eescht hëlt, also als eng selbststänneg Persoun an Herrscherin, déi decidéiert hat eng aktiv Roll an der Innen- an Aussepolitik vu Lëtzebuerg ze spillen. Eng Roll, déi hiren Iwwerzeegungen entsprach huet. Innepolitesch huet si versicht selwer ze regéieren an domat, wéi d'Josiane Weber et formuléiert, en autoritäre Staat mat staarker Exekutivgewalt duerchzesetzen. Déi déif gleeweg a vatikantrei Grande-Duchesse hat weiderhin d'Zil aus Lëtzebuerg e kathoulesch-fundamentalistesche Staat ze maachen. Aussepolitesch huet si ni opgehale sech als "Tochter eines deutschen Fürstengeschlechts" unzegesinn. Hir Däitschfrëndlechkeet huet hir ganz Herrscherzäit, vun 1912 bis 1919, gepräägt. Wärend hir Regierunge versicht hunn d'Kéier ze kréien a sech diplomatesch den Alliéierten ze rapprochéieren, huet d'Marie Adelheid um familiären, mee och um politesche Plang weider d'Proximitéit zum Däitsche Keeserräich gesicht. Hiert Festhalen un hirem däitschen Hofstaat, d'Heiratspolitik par Rapport zu hire Schwësteren, mee och hir Bezéiungen zum däitsche Kaiser, zum däitschen Haff an zur däitscher Regierung iwwer déi ganz Krichszäit beweisen dat.

Zum Schluss huet d'Marie-Adelheid sech och net geaffert fir d'Land. Si ass net selwer gaangen, si ass gaange ginn duerch den Drock vun den Alliéierten, dem Parlament, der Regierung a vun zwou revolutionäre Beweegungen, engem Drock, deem si schlussendlech géint hire Wëllen an trotz hirem Widderstand bis zum leschte Moment huet missen noginn.

[...] erschüttert ze gesinn [...] wéi mer hei zanter 100 Joer vum Haff an den Historiker, déi dem Haff nosti, Märercher erzielt kréien oder carrement belu ginn

Si ass ganz jonk gestuerwen, mat 29 Joer, am Bewosstsinn vun hirem Scheiteren, hirem Echec als Herrscherin an hirem Echec am Klouschterliewen, dat si als zweet Vocatioun no hirer Ofdankung gewielt hat. Och wann een d'Empathie fir esou eng tragesch historesch Perséinlechkeet, déi am Ufank grouss gefeiert gi war, wéi si mat 18 Joer op den Troun koum, duerchaus kann novollzéien, ass een awer erschüttert ze gesinn - an dat gëtt engem elo beim Liese vun der éischter wëssenschaftlecher Biografie esou richteg bewosst - wéi mer hei zanter 100 Joer vum Haff an den Historiker, déi dem Haff nostinn, Märercher erzielt kréien oder carrement belu ginn.

Gräife mer just ee Beispill eraus: d'Marie Adelheid an den däitsche Keeser Wilhelm II. Amplaz endlech transparent an dekomplexéiert mat dësem historesche Moment ëmzegoen, gëtt e weider um Haff tabuiséiert oder komplett deforméiert. Esou huet den Haff fir d'100 Joer Éischte Weltkrich léiwer d'Legend vum Marie Adelheid, déi géint hire Wëllen de Keeser eng Kéier am Summer 1914 empfaangen hätt, nach eng Kéier opgepäppelt. Den 2. September 2014 ass op France 2, an der bekannter Documentaire-Serie vum Stéphane Bern, "Secrets d'histoire", de Film "La Grande-Duchesse Charlotte de Luxembourg " gelaf. Hei erklären eis de Charles-Henri de Lobkowicz, der Marie Adelheid hire Groussneveu, mee och de Grand-Duc Henri an d'Maria Teresa perséinlech, datt d'Marie Adelheid horrifiéiert war an de Keeser net wollt gesinn, wéi hie säi grousst Haaptquartéier zu Lëtzebuerg opgeschloen huet, datt si hien net ënnen am Palais, mee um éischte Stack distanzéiert empfaangen hätt a wärend dem Iessen express hir Händschen ubehalen hätt.

Den Affekot, Komponist a groussgerzoglechen Haffarchivist Pierre Even, Spezialist vun der Dynastie Nassau-Weilburg, dëscht déi selwecht Legend 2015 an engem Fotoband iwwer d'Dynastie op. D'Marie-Adelheid hätt sech där Visitt net kënnen entzéien, dat wier op Urode vum Staatsminister Paul Eyschen geschitt, si hätt eng Protestnout virgelies. Och a sengem ganz rezente Buch vun dësem Joer iwwer d' "Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau" an der Serie "Lëtzebuerger Biografien" vun Editions Saint-Paul schreift de Pierre Even vun enger "erzwungenen Audienz".

D'Marie Adelheid an hir Mamm, d'Maria Anna vu Braganza haten näischt géint de Wilhelm II, mee si hu sech ëm e Rapprochement mam däitsche Keeserhaus beméit

Wat ass wierklech geschitt 1914? D'Josiane Weber beweist, duerch de Recoupement vun de verschiddensten däitschen a lëtzebuergesche Quellen, datt den Haff éischtens tëschent 1908 an 1914 gläich e puermol probéiert huet den däitsche Keeser ze treffen. Entgéint deem wat de Pierre Even behaapt, haten d'Groussherzogin Marie Adelheid an hir Mamm, Maria Anna vu Braganza, näischt géint de Wilhelm II, mee si hu sech ëm e Rapprochement mam däitsche Keeserhaus beméit. Zweetens ass de Kaiser am August-September 1914 vun der Marie-Adelheid an hirer Mamm net distanzéiert a kill, mee ganz frëndlech an als Famill empfaange ginn. An zwar net nëmmen eemol, mee op d'mannst fënnef Mol. Ech selwer hunn en Dokument zu Berlin am "Geheimen Staatsarchiv Preußischer Kulturbesitz" fonnt an deR Josiane Weber zur Verfügung gestallt, dat beweist, datt sI den 13. September 1914 zesummen, en Famille, de Gebuertsdag vum Kaiser senger Duechter, Viktoria Luise von Preußen, gefeiert hunn. Doriwwer eraus goufe vill aner däitsch adeleg Offizéier a Politiker iwwer déi ganz Krichszäit ëmmer nees vum Haff invitéiert.

D'Roll vum Haffarchivist Pierre Even

Beim Pierre Even sicht een natierlech och ëmsoss d'Telegrammer, déi den Haff am Laf vum Krich ënner anerem un den däitsche Kaiser geschéckt huet. Dat obwuel den Inhalt vun enger Rei vun deenen Telegrammer zanter 100 Joer bekannt ass duerch e Prozess am Joer 1915 géint de 27 Joer jonke frankophille Postbeamten Henri Wetz, deen Telegrammer vun der Grande-Duchesse kopéiert hat, fir se den Alliéierte weiderzeginn. Berüümt goufen der dräi.

Am éischte vun Dezember 1914 schreift d'Marie Adelheid un de Kaiser: "Ich und meine Schwestern beten täglich für den Sieg der deutschen Waffen."

Am zweete vu Mäerz 1915 went si sech nees un de Wilhelm no enger däitscher Victoire: "Es ist Gott dem Allmächtigen für den herrlichen Sieg zu danken." Den eenzegen Telegramm deen de Pierre Even ernimmt ass dee vun der Groussherzogin-Mamm Maria Anna un d'Prinzessin Charlotte vu Juni 1915: "Felix als erster in Przesmysl eingezogen." De spéidere Verloobten a Mann vun der Charlotte, Felix vu Bourbon-Parma, hat mam 15. éisträicheschen Dragonerregiment eng galizesch Stad vu Russland zeréckeruewert, wouriwwer den Haff sech gefreet huet. Och d'Existenz vun dësem Telegramm gouf laang vum Haff ofgestridden.

[...] Die Verleugnung dieser von überzeugenden Quellen mehrfach belegten Tatsache entspricht einer Lüge."

En aneren zentralen Episod gouf vun der Grande-Duchesse Marie Adelheid ëmmer dementéiert, duerno och vun de Lëtzebuerger Diplomate vis-à-vis vun den Alliéiert,a gëtt net vum Pierre Even ernimmt. Enn August hunn d'Grande-Duchesse an hir Mamm sech mat hirer Hofdame Gräfin von Montgelas souwéi zwee däitschen Offizéier, dem Freiherr Ritter zu Grünsteyn, hirem Haffmarschall, an dem Graf zu Stolberg-Stolberg, hirem Chambellan, den däitsche Bombardement vu Longwy ugekuckt, op der Strooss vu Rodange op Longlaville, an der Hoffnung do den däitsche Krounprënz ze treffen. D'Josiane Weber notéiert dozou:

"Doch die vielen übereinstimmenden Zeugenberichte lassen keinen Zweifel daran, dass die Großherzogin bei der Beschießung der Festung Longwy zugegen war, und zwar ohne Staatsminister Eyschen darüber informiert zu haben. Die Verleugnung dieser von überzeugenden Quellen mehrfach belegten Tatsache entspricht einer Lüge."