Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Norah Jones - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng duebel Legend feiert 100 Joer

Zäithistoriker

Eng duebel Legend feiert 100 Joer

Historiker hunn eng Tendenz, net nëmmen d'Geschicht vun haut aus, mee dobäi nach aus der Siicht vum Gewënner ze schreiwen. Dat weist eng duebel Legend aus dem Epochejoer 1918-1919.

auto_stories

8 min

Den Denis Scuto ass Historiker a warnt virdrunner, d'Geschicht aus Siicht vun de Gewënner ze gesinn. Foto: Archiv.

Wéi de franséischen Historiker Gérard Noiriel, deem seng nei "Histoire populaire de la France" ech als Lektür nëmme ka recommandéieren, definéieren ech d'Natioun net nëmmen als virgestallte Gemeinschaft, als "imagined community" (nom Benedict Anderson), mee als ganz reell politesch Gruppéierung vu Mënschen, déi kämpfe fir de Pouvoir am Staat ze iwwerhuelen an auszeüben.

D'Natioun ass donieft eng ganz reell sozial Grupp, an déi Schichte vun der Bevëlkerung vun engem Staat integréiert ginn duerch en Ensembel vu Rechter a Flichten, während aner Schichten ausgeschloss ginn. Fir d'Muecht am Nationalstaat ze kréien an ze festegen, entwéckele politesch Gruppéierungen eng intensiv Mobiliséierungsaarbecht a si stäipen sech op verschidden Argumenter (historesch, politesch, kulturell, linguistesch, territorial, asw.), si beruffe sech op national Symboler, déi hir Uspréch rechtfäerdegen.

D'Droite hat bal 100 Joer d'Muecht am Land

Zu Lëtzebuerg ass et virun 100 Joer enger politescher Gruppéierung gelongen, d'Muecht am Lëtzebuerger Nationalstaat ze iwwerhuelen an iwwer de gréissten Deel vum leschte Joerhonnert ze behalen, wann och net eleng. Dat ass d'Droite. Gestäipt huet si sech op d'Monarchie, mat un hirer Spëtzt enger kathoulescher Dynastie, an op Argumenter an Erzielungen, déi rechtfäerdege sollen, firwat si un der Muecht sinn.

Wéi gutt si sech ugeluecht hunn, weist eng duebel Legend, déi 1918-1919 vun hinne verbreet gouf, an déi bis haut an all Nationalgeschicht widderholl gëtt, obwuel se kenger kritescher Iwwerpréiwung standhält.

Déi Legend erzielt éischtens, datt d'Droite an d'Unhänger vun der Monarchie d'Verdeedeger vun der Onofhängegkeet vum Land waren an déi liberal a sozialistesch Gauche an d'Republikaner Unhänger vun enger Annexioun un d'Belsch oder Frankräich. An zweetens, datt eng Lëtzebuerger Republik, am Géigesaz zur Monarchie, net iwwerliewensfäeg gewiescht wier.

Wiem gehéiert d'Lëtzebuerger Land?

Dës historesch Thees ass aus ville Grënn net plausibel. Hei just e puer Elementer. Et ass fir d'éischt d'Gauche an net d'Droite, déi sech op d'Lëtzebuerger Natioun berifft. Déi éischt patriotesch Massendemonstratioun zu Lëtzebuerg gëtt den 2. Januar 1916 vun den demokratesche Veräiner vum Lénksblock organiséiert a fuerdert e "E freit Vollek op freiem Bôdem " a "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn". (Déi Demonstratioun gëtt, wat eng Iwwerraschung, a kenger Nationalgeschicht vu Lëtzebuerg ernimmt.)

D'Natioun ass omnipräsent an der Argumentatioun vun engem republikanesche Presseorgan wéi "Der Arme Teufel" a gëtt souguer der Monarchie entgéintgesat, wéi an dësem Artikel vum 18. August 1918: "Wir gesunde Luxemburger können überhaupt nicht begreifen, dass es Könige, Fürsten, Großherzöge und dergleichen geben kann, die Land und Leute erben wie man einen großen Hof von einem reichen Onkel in Amerika erben kann (...). Wem gehört das Luxemburger Land? De Lëtzebuerger? Oder der Großherzogin? "

Am Debat ëm d'Verfassung waren et d'Droite an d'Groussherzogin, déi de Prinzip vun der Souveränitéit vun der Natioun net unerkannt hunn, éier d'revolutionär Beweegung vun 1918-1919 si zum Ëmdenke gezwongen huet. D'republikanescht Escher Tageblatt erënnert nom Referendum drun, datt et eigentlech d'souverän Natioun ass, déi gewonnen huet a formuléiert et provokativ esou de 7. Oktober 1919 : "Charlotte Nassau-Braganza, von Volkes Gnaden Oberhaupt des Staates Luxemburg, wird das so lange bleiben, als das Volk will."

Geet et ëm d'Onofhängegkeet vum Land?

An der Revolutioun vun 1918-1919 setze sech d'Demonstranten déi ganzen Zäit fir d'Onofhängegkeet vum Land an. An de Manifestatioune vun November 1918 a Januar 1919 ginn déi Riedner, déi Sympathië fir eng Annexioun u Frankräich oder eng Personalunioun mat der Belsch ausdrécken, ausgepaff. Souwuel bei de Liberale wéi bei de Sozialiste si Sympathisante vun enger Annexioun, wéi de Robert Brasseur an de Maurice Pescatore oder den Emile Mark, minoritär. Mee, och dat weist de Gérard Noiriel a senger "Histoire populaire de la France": amplaz sech fir d'Manifestanten an hir Motivatiounen a Fuerderungen ze interesséieren, identifizéieren d'Historiker déi einfach Bierger ëmmer nees mat hire Cheffen an iwwerhuelen de Cheffen hir Siicht op déi sougenannte "Volleksmassen".

Déi zweet Behaaptung vun der monarchistescher Legend, datt eng Republik net viabel gewiescht wier, gëtt ëmmer nees ervirbruecht, mee ni begrënnt. Si kléngt dobäi wéi ee schlechte Witz, wann ee bedenkt, datt d'Achillesfeescht vu Lëtzebuerg an der diplomatescher Kris vum an nom Éischte Weltkrich grad eng Monarchin war, an datt d'Dynastie während dem ganzen Éischte Weltkrich hir Interessen, zum Beispill an hirer Heiratspolitik, iwwer déi vum Land gestallt huet.

Et goung drëms, d'Monarchie ze retten

De Politolog Michel Dormal huet et a senger Dokterthees op de Punkt bruecht: Anescht wéi konservativ Politiker an Historiker et duerstellen, goung et 1918/1919 guer net ëm eng Ausernanersetzung tëschent Verdeedeger vun der nationaler Saach op där enger an op där anerer Säit "Schrittmacher der Annexion" (sou schreift d'Luxemburger Wort iwwer d'Republikaner den 18. Dezember 1918). Et goung de Konservativen net drëms, déi national Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg ze beschützen, mee villméi déi bedrohte Monarchie ze retten.

Dat ass hinne mat der Hëllef vun de franséischen Occupatiounstruppen, mee och duerch e politeschen Discours gelongen, an där d'Dynastie zum Symbol vun der Natioun transforméiert gouf. D'Monarchisten hunn dobäi souguer de Republikaner hir Rhetorik vun der Souveränitéit vun der Natioun geklaut a se bis haut géint si ëmgedréit.

D'Geschicht aus der Siicht vum Gewënner

Wéi vill Historiker dozou neigen, d'Geschicht retrospektiv aus der Siicht vum Gewënner, oder vun deem, dee weess, wéi et ausgaangen ass, ze schreiwen, weisen alt nees d'Nationalgeschichten, sou wéi se bis haut zu Lëtzebuerg geschriwwe ginn.

No 2003 schreift de Gilbert Trausch an där vun him dirigéierter "Histoire du Luxembourg. Le destin européen d'un petit pays": "En 1918-1919, le pays traverse une grave crise de doute. Des intellectuels et des hommes politiques pensent que le Luxembourg n'est pas viable et que l'horizon national est décidément trop étroit. Ils souhaitent, par conviction ou par opportunisme, le rattachement à un pays plus grand. Les libéraux plaident pour une "union personnelle" avec la Belgique, le roi des Belges Albert devenant dès lors grand-duc de Luxembourg, tandis que les socialistes revendiquent un régime républicain qui ne serait pour certains d'entre eux qu'une transition vers l'incorporation à la France. (...) La droite catholique défend Marie-Adélaïde, à la fois par attachement au régime monarchique et parce qu'elle voit en ce dernier un garant de l'indépendance nationale." Liberaler a Sozialisten als iwwerzeegten oder opportunistesch, oppen oder verstoppten Annexionisten, Klerikaler als trei Lëtzebuerger. Déi selwecht Legend widderhuelt de Gilbert Trausch an där vun him dirigéierter Geschicht vun der CSV aus dem Joer 2008.

Konzepter ginn onkritesch iwwerholl

Mee och an der nach méi rezenter "Geschichte Luxemburgs" vun 2011 iwwerhëlt de Michel Pauly weiderhin déi zwee konservativ Mythe vun der Monarchie als Garant vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet a vun der Net-Viabilitéit vun enger Lëtzebuerger Republik. Hie kommentéiert esou de Vott fir d'Grande-Duchesse Charlotte am Referendum vu September 1919: "Damit hatte eine - wohl dank des Frauenwahlrechts - große Mehrheit der Bevölkerung für die Unabhängigkeit des Landes votiert, denn eine - im industrialisierten Süden favorisierte - Republik hätte sicher einfacher von einem Nachbarstaat annektiert werden können."

Datt seriö Historiker wéi Gilbert Trausch a Michel Pauly politesch Theese vun der Droite vun 1918-1919 als valabel historesch Theesen dohistellen, weist wéi grouss d'Gefor ass, datt mir als Historiker dominant Konzepter onkritesch iwwerhuelen, eng Haltung, déi d'Soziologen den Historiker scho virun 100 Joer virgeworf hunn.

Déi Konzepter hunn dem Michel Pauly seng Kolleegen a Kolleeginne vun der Uni Lëtzebuerg, Pit Péporté, Sonja Kmec, Benoît Majerus a Michel Margue 2010 a Fro gestallt. An hirer Publikatioun mam Titel "Inventing Luxembourg. Representations of the Past, Space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century", weise si, wéi d'Dynastie mat Hëllef vu klerikalen Historiker wéi Arthur Herchen, Nicolas Margue a Joseph Meyers a Schrëftsteller wéi dem Nicolas Welter, sech no der Kris vum Éischte Weltkrich eng national Legitimitéit konstruéiert, wéi si sech national nei erfënnt.

De Lien tëschent Dynastie an Natioun

D'Herrscher ginn zu Lëtzebuerg begruewen an net méi zu Weilburg. Et gëtt sech op d'Haus Lëtzebuerg aus dem Mëttelalter bezunn. Den Ierfgroussherzog gëtt Jang genannt, wéi de Jang de Blannen. D'Grande-Duchesse Charlotte léiert Lëtzebuergesch. Bei all Ried an Aweiung gëtt vun de Ministere vun der Rietspartei de Lien tëschent Dynastie an Natioun eropbeschwuer. Sou zum Beispill, wéi de Staatsminister Joseph Bech 1934 d'Aweiung vum Monument fir de fréiere Staatsminister Paul Eyschen an déi Richtung instrumentaliséiert. 1914 hätt de Paul Eyschen gefrot: "Wat wëllt d'Land?" 1934 wier d'Äntwert fir de Bech kloer: "Mir wëlle bleiwe wat mer sinn, trei zur Dynastie an zur Heemecht, mat Mutt a Vertrauen an d'Zukunft!"

De Joseph Bech géif sech wuel wonneren, datt dës monarchistesch Legend sech bis haut sou gutt konnt halen. Mee vläicht fënnt sech enges Daags zu Lëtzebuerg een Historiker oder eng Historikerin, déi eng "Histoire populaire du Luxembourg" schreift a richtegstellt, datt d'Bierger virun 100 Joer zu Dausenden op d'Strooss gaange sinn an an engems Republikaner a Patriote waren.