Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Natur eng personnalité juridique zougestoen

Biophilia

Der Natur eng personnalité juridique zougestoen

Den Drock op d'Natur gëtt ëmmer méi grouss, Klimawandel, Biotop-Zerstéierung an domadder verbonne d'Aartestierwen, weisen eis op drastesch Aart a Weis, dat et Zäit ass ze handelen. Mee wéi wier et dann, wann d'Natur net einfach eng Saach wier, mee Rechter hätt wéi e Mënsch?

auto_stories

3 min

Mat dem Virschlag ass den Affekot Jean-Jacques Schonckert viru Kuerzem un d'Ëffentlechkeet gaangen. Zanter dem Ofschafe vun der Sklaverei huet all Mënsch als liewegt Wiesen eng Personnalité juridique, déi him eng Identitéit a virun allem Rechter gëtt.

"Et geet net ëm d'Strofen"

Wéi och Déiere Rechter kënnen hunn, misst dee Prinzip dem Jean-Jacques Schonckert no an engem nächste Schrëtt op d'ganz Natur ausgedeent ginn:

"Natur ass awer elo esou, dat ass jo och eppes Lieweges, gëtt awer momentan just als Objet consideréiert, dat heescht mir si jo an eiser Konzeptioun vun eiser Gesellschaft, mir exploitéieren déi Saachen, d'Natur, dat ass gottgegeben, mir kënnen domadder waache wat mer wëllen. D'Basis dovunner ass le droit à la propriété privée oer vum Staat, deen dierf op deene Saache maachen, wat e wëllt. Wou mir awer da vernoléissegen, dat ass wa mer der Natur schueden, schuede mer eis selwer, well mer sinn alleguerten Deel vun engem System."

Sou wéi mat dem Entstoe vun de Sociétéiten d'personne morale mat hire Rechter a Flichten agefouert gouf, wier et elo also de nächste logesche Schrëtt, seet de Jean-Jacques Schonkert.

"An hei wier dann, ech soen emol, eng Personne naturelle, déi géif entstoen an déi dann eegestänneg Rechter hätt, a wann een déi verletzt, da sti Strofen drop, respektiv hei geet et lo net ëm d'Strofen, mee et geet drëm, datt et net passéiert, datt et herno net am Pëtz läit."

Gutt international Erfarungen

D'Iddi ass net ganz nei, a verschidde Staate wéi Kanada, Neiséiland , Ecuador, Bolivien an Uganda ass d'Natur scho méi laang als Personnalité juridique agestuuft.

Do hätt een dem Jean Jacques Schonckert no gutt Erfarunge gemaach:

"A Südamerika ass dat de Fall, mee zum Beispill och rezent an Europa, Spuenien ass dat Éischt, do ass de Mar Menor, dat ass eng lagun, do ass gesot ginn: hei, du hues e Recht. Wann där Lagun do Schued gemaach gëtt, eng Pollutioun zum Beispill, dann hunn d'Leit, all Eenzelen huet dann d'Recht ze kloen."

Naturschutz däitlech an d'Verfassung aschreiwen

Lëtzebuerg wier zwar mam Code de l'environnement an enge sëllege Schutzreegele gutt opgestallt, ma dat wier ëmmer nëmmen en indirekte Schutz.

D'Initiativrecht misst awer kënne vun all Mënsch aus goen, dee sech als Deel vum System Natur begräift an all negativ Interventioun wëllt verhënneren. Dat kéint een dem Jean Jacques Schonckert no och esou däitlech an eng nei Verfassung aschreiwen.

"D'Constitutioun ass jo am gaange frësch geschriwwen ze ginn, dat wier vläicht e gudden Denkustouss, well d'Constitutioun, dat si jo déi grouss Prinzippien. An ech menge mir schwätze jo all vun Ëmweltschutz, et steet zwar dran, d'Politiker solle fir den Erhalt vun der Ëmwelt an d'Kanner hunn e Recht drop. [...] Mee et kann een awer och prezis soen: Hei, fir datt déi Rechter kënne garantéiert sinn, hu verschidde Biotopen en autonoomt Recht, wat all Eenzelen dee Moment kann akloen."

Dobäi géif et awer net drëms goen all Zort vu Projet onméiglech ze maachen. Et kéint souguer speziell Juridiktiounen oder Comitéë geschaf ginn, déi fir déi eenzel Plainten zoustänneg wieren. Och do sollt et awer éischter am Matenee goe wéi am Géinteneen.