Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Djo - End of Beginning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi éiweg Kontradiktioun"

Land a Leit

"Déi éiweg Kontradiktioun"

Bei eise franséischen Nopere sinn déi regional Sprooche laang ënnerdréckt ginn. Virun allem nom Krich war et de Katalanen, Elsässer, awer och de lëtzebuergeschsproochege Loutrenger ënner Strof verbueden hir Mammesproochen ze schwätzen. Och dem Jo Nousse, Sänger vu La Schlapp sauvage an Awunner vu Sierck-les-Bains, hei vir a Frankräich, ass et net anescht ergaangen.

auto_stories

6 min

Foto: Archiv

Mir sinn nach ëmmer hei vir a Loutrengen ënnerwee, am Diddenhuewenerland, mat der Lëtzebuerger Grenz am Réck an awer weiderhi mat der Lëtzebuerger Sprooch an den Oueren. Hei, wou nach bis viru Kuerzem Lëtzebuergesch geschwat gouf, haut awer, wou d'Metropol Lëtzebuerg vu wäit aus der Grenzregioun Aarbechtskräften unzitt an d'Immobiliëpräisser an d'Luucht dreift, dës Sproch, déi mol eng Kéier ouni festen Territoire war, um Verschwannen ass, an héchstens um CV optaucht. Genau wéi säi Klang a Vokabulär éier dee vum Standard-Lëtzebuergeschen ass, vum geléierte Lëtzebuergeschen also.

Zu Sierck-les-Bains awer, wou mer nach ëmmer ënnerwee sinn a mer leschte Kéier dem Numm Loutrengen op de Gronn gaange sinn, wunnt an enger vun de moleresche Gässelen, an engem Haus aus dem 14. Joerhonnert, de Jo Nousse, Sänger vum Grupp La Schlapp sauvage an ee vu wéinege Loutrenger, déi Lëtzebuergesch als Mammesprooch behalen hunn.

Lëtzebuergesch ausserhalb vu Lëtzebuerg

Wann zu Lëtzebuerg vum Lëtzebuergesche geschwat gëtt, da gëtt gären iwwersinn, datt dës Sproch eigentlech historesch op méi Plaze wéi just an den enke Grenze vum Grand-Duché geschwat gouf. Mee wat sinn eigentlech déi lëtzebuergeschsproocheg Gebidder a Loutrengen? De Jo Nousse:

"Alles wat am Weste vun Thionville ass - l'arrière-pays thionvillois - de canton de Cattenom, de canton de Kédange an de canton de Sierck. An deenen dräi Kantonen huet ee bal déi total Zuel vu Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, a Frankräich. Natierlech net déi, wou Lëtzebuergesch spéiderhi geléiert hunn. Et sinn der awer zéngdausenden, wou Lëtzebuergesch léieren."

Mat sengem Grupp ass de Jo Nousse schonn iwwerall am Dräilännereck an doriwwer eraus opgetrueden an huet Lidder an alle Sprooche, dorënner natierlech och op Lëtzebuergesch, als Lëtzebuergeschspriecher gesongen, oder wéi hie selwer soe géif - als kreolesche Lëtzebuerger. Friem huet sech de Jo Nousse nämlech net nëmmen a sengem eegene Land gefillt, haut ass hien esou eppes wéi dee leschte Mohikaner. Dorunner ass esouwuel Frankräich wéi Lëtzebuerg Schold. Mee et gëtt Hoffnung.

D'Sproochbeweegung an de 70er

Bei eise franséischen Nopere waren d'regional Sprooche laang ënnerdréckt an esou duerft nom Krich néierens am Elsass oder a Louthrengen, ee seng Mammesprooch schwätze - och wann dat Lëtzebuergesch war. Wéi dunn an de 70er eng Atomzentral sollt gebaut ginn, gouf et op emol Protestlidder op Lëtzebuergesch. Wien also mengt de Jo Nousse wier e Nationalist, deen iert sech. Mat Politik hat dat awer och näischt direkt ze dinn:

"Historesch ass de Kampf fir d'Sprooch guer net mat der traditioneller Lénker a Frankräich verbonnen. Et staamt méi aus der Traditioun vun Öko-Kämpfer an der 70er Jore géint Cattenom, wéi d'Leit wierklech an Uecht geholl hunn, datt hiert Land absolut näischt zielt géigeniwwer dem Interêt national, deen hinnen eng Atomzentral virun Nues gebaut huet. An där Period ass wierklech d'Sproochbeweegung opgaangen. Et gouf keng Sproochbeweegung a Loutrengen. Absolut keng. An déi ass komm zu där nämmlechter Zäit, wéi de Kampf géint Cattenom. Dat heescht dat hat mam ökologesche Kampf ze di gehat, awer et ass och a Verbindung domadder, datt de facto dee Kampf iwwer d'Grenze goung. Dat heescht, et ass guer net déi selwecht Traditioun, wéi z.B. an der Bretagne, wou d'Sproochbeweegung eng ganz aner historesch Geschicht huet oder Katalounien, wou de Kampf fir d'Sprooch mat Antifaschismus ze dinn huet."

Datt et a priori dorëms gaange wier, sech bei engem gewësse Paräisser Kolonialismus Gehéier ze verschafen, wéi een en och an anere Regioune vu Frankräich wouerhuele konnt, léist de Jo Nousse dann awer net gëllen. Virun allem wëll et zu Paräis war, wou dës Rebellioun mol méi genau ënner d'Lupp geholl gouf:

"Dunn huet de Ministère de l'Éducation nationale eng Enquête gemaach. D.h. déi hu bewisen datt den déni de droit existéiert an datt mir absolut net déi Rechter haten, déi aner Regiounen haten. Awer, wier Paräis net gewiescht, dann hätte mer nach ëmmer Nullkommanix"

D'Erhale vu regionale Sproochen

Laang Zäit war Loutrengen dat fënneft Rad um Won. Wann et also ëm regional Sprooche goung, dann huet d'Nopeschregioun Elsass z.B. vill méi fir den Erhalt vum elsässesche gemaach. Datt déi zwou Regiounen zanter Kuerzem an enger Regioun, nämlech am Grand Est zesummegefaasst sinn, stëmmt de Jo Nousse, deen 2005 den éischten Enseignant fir Langues et cultures régionales vun der franséischer Education nationale gouf, optimistesch:

"Well ass d'Situatioun jo anescht, well elo kënnt jo den Elsass dozou. Den Elsass, wou absolut vill gemaach gëtt fir d'Sprooch. An de President vun der Groussregioun (Grand Est, RVDR) staamt jo aus dem Elsass a lieft och do. Dat heescht, elo hu sech déi Saachen e bësse geännert, well wann ee seet: jo, et si sou a souvill Millioune fir d'elsässesch Sprooch. Jo, mee an d'Loutrenger, wat hunn déi? Fréier konnte mer dat net soen. Ewell kënne mer dat soen. Et ass en Amt fir Sproochen am Elsass an am Departement Moselle. An der Groussregioun sinn et zwee Departementer an en hallwen - op zéng. Awer déi Zwee an hallwe sinn déi räichst an aflossräichst Departementer vun där Groussregioun."

An awer gëtt et verpasste Chancen. Virun allem déi laang Ënnerdréckung vum Lëtzebuergeschen a Frankräich, esouwuel an der Educatioun wéi am politesche Liewe - an dat mat Streech a Beleidegunge - an awer och, déi lëtzebuergeschen Nuebelschau, hu vill Schued ugeriicht. Dat dofir grad Frankräich haut Hoffnung mécht, léisst een nodenklech zeréck.

Eng Sprooch ouni e fixt Land fir e Vollek ouni Grenzen

Eng vun de Konsequenzen dovunner, datt et aus dem Grand-Duché ni Ënnerstëtzung gouf a sech och mat Frankräich ni gëeegent gouf, ass datt d'Lëtzebuergescht haut a Loutrengen a schwéiere Stand huet. Villäicht war dat jo och esou geduecht. Jo Nousse:

"Fir eis ass et eng Chance, well mir hunn iwwerhaapt keng Résonance mat Lëtzebuerg. Lëtzebuerg léist eis stierwen, mam Mond zou. Dat ass kloer. Et gouf ni eng Hëllef vu Lëtzebuerger Säit fir eis Sprooch. Et ass ni en Accord tëscht Frankräich a Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn fir d'Lëtzebuerger Sprooch, esou wéi en Accord tëscht Däitschland a Frankräich ënnerschriwwe gouf fir den Unterrecht vun der franséischer Sprooch an Däitschland an der däitscher a Frankräich"

Wann de Jo Nousse dann awer jeemools eng Missioun oder vill méi eng Visioun hat, dann déi datt d'Lëtzebuergescht, als eng Sprooch ouni e fixt Land fir e Vollek ouni fix Grenzen de Potential gehat hätt, d'Leit vun dëser an där anerer Säit vun der Grenz zesumme wuessen ze loossen a nationalistesche Reflexer virzebeugen. Hei gouf awer och zu Lëtzebuerg gebremst:

"Et ass exakt wéi dat elsässesch Lidd Was er will /das hät er nid / und was er hät / das will er nid. Et ass déi éiweg Kontradiktioun. Dat huet alles ze di mat enger ganz grousser Kultur- a Sproochhemmung, wou d'Leit a sech hunn. Net nëmmen a Lëtzebuerg, méi bei all deene Leit déi mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn. Déi hunn iergendwéi esou e Mannerwäertegkeetsgefill, wéi wann är Sprooch net derwäert ass."