Radioen

On air

De Moien  |  Pour les jeunes brésiliens, le retour aux études est semé d’embûches

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Malakofftuerm - Een Ierwe aus der Festungszäit

Lëtzebuerger Sachbicher

De Malakofftuerm - Een Ierwe aus der Festungszäit

Fir ee Konflikt tëscht Frankräich a Preisen ze verhënneren ass Lëtzebuerg am Joer 1867 gezwonge ginn seng Festung ze schläifen. Awer net all Festungsbaut gouf tatsächlech zerstéiert. Ee vun de Militärgebaier, déi bis haut nach stinn, ass de sougenannte Malakofftuerm. D'Administration des bâtiments publics huet elo ee schmuelt Heft publizéiert, dat op d'Geschicht vun dësem eenzegaarte Gebai ageet.

auto_stories

7 min

Malakofftuerm

D'Heft ass am Kader vun de Renovéierungsaarbechte publizéiert ginn, déi am Joer 2020 ugefaangen hunn an d'lescht Joer am September ofgeschloss goufen. 150 Joer no sengem Opbau duerch déi preisesch Arméi war eng Sanéierung vum Gebai batter néideg.

An de 50er Jore vum 19. Joerhonnert ass decidéiert ginn zu Clausen, net wäit vum jüddesche Kierfecht, ee Festungstuerm ze bauen fir d'Stad besser ze verteidegen. Virun allem sollt verhënnert ginn, dass feindlech Truppen d'Stad vun dëser Säit iwwerfale kéinten. Tatsächlech haten déi hessesch Truppen dat schonn 1814 versicht - mä de Versuch war feelgeschloen. Wéi den Tuerm Ufank vun den 1860er Jore finalement stoung war et eng, fir seng Zäit, héichmodern Militärbaut. Intern ass den Tuerm an zwou Partien agedeelt, déi net matenee verbonne sinn: engersäits den ieweschte Stack, deen ee just iwwert eng Baussentrap erreecht an anerersäits de Rez-de-Chaussée, deen sech duerch eng impressionant Kuppel charakteriséiert.

D'Architektinne Claudine Arend an Anouk Thill, déi fir d'Renovéierungsaarbechten zoustänneg waren, wollten d'Originalstruktur an d'Forme vum Tuerm erhalen. Fir dass och ee Laien sech ee Bild vun den Aarbechte maache kann, sinn am Buch och vill Illustratiounen a Pläng vun de verschiddene Renovéierungsstadien ofgebillt. An hirem Bäitrag beschreiwen si am Detail wéi eng Ännerungen si virgeholl hunn a wéi si d'Gebai, am Respekt vun der historescher Substanz, moderniséiert hunn. Aus dësem Grond ass och eng geoarchäologesch Analyse duerchgefouert ginn - d.h. eng Analyse vun den Originalsteng, mat deenen déi preisesch Arméi den Tuerm gebaut huet.

"Geologische Untersuchungen an historischen Gebäuden mit verbauten Naturwerksteinen sind wichtige Informationsquellen für Architekten, Steinmetze, Restauratoren oder Bauhistoriker besonders im Bereich der Denkmalpflege", erkläert dozou de Romain Meyer vum Service Géologique de l'Etat.

Fir sech esou no ewéi méiglech um Originalbau ze orientéieren hunn d'Architektinnen al Fotoen erbäigezunn, déi an der Stater Photothéik konservéiert sinn. Tatsächlech ass den Tuerm op enger Foto ofgebillt, déi schonn Enn vun de 1860er Jore vum Dominique Kuhn geschoss ginn ass. Awer och spéider war den Tuerm wéinst sengem pittoresken Ausgesinn ee beléift Motiv vu Fotografen.

Wéinst senger Proximitéit zum Kierfecht ass d'Gebai offiziell "Juddentuerm" genannt ginn. Séier huet sech awer de Numm "Malakofftuerm" duerchgesat. Wéi de Militärhistoriker Änder Bruns erkläert, ass dës Bezeechnung op een aneren Tuerm zeréckzeféieren, deen am russesche Sewastopol stoung an och Malakoff geheescht huet. Wärend dem Krimkrich an den 1850er Joren - also ier den Tuerm zu Clausen iwwerhaapt gebaut gouf - hunn déi russesch Zaldoten daper Stellung géint de franséischen a britteschen Ugräifer gehal an den Tuerm zu Sewastopol ass international zu engem Symbol vu Widderstandskraaft a Stäerkt ginn. Dozou hunn och déi permanent Krichsreportage bäigedroen, déi fir d'éischte Kéier an der Geschicht zäitno an de Medien erschénge sinn. Sou koum et och, dass iwwerall an der Welt Malakofftierm entstane sinn - notamment zu Lëtzebuerg.

De Malakofftuerm ass ee vun de leschte Gebaier, déi an der Festungszäit entstane sinn. Just e puer Joer no sengem Opbau ass zu London decidéiert ginn, datt Lëtzebuerg seng Festung zerstéiere sollt. Datt den Tuerm d'Schläifung iwwerlieft huet, ass dem Zoustand ze verdanken, dass en als Militärbaut net méi ze gebrauche war.

"Nach gründlicher Demolirung der auf den angrenzenden Höhen belegenen Werke ist dem Malakoff Thurm ein defensorischer Wert kaum mehr beizumessen. Die Conservierung dieses Turms erscheint daher nach Niederlegung der sich an denselben anschließenden, zum Teil verfallene Steinmauern, zulässig." Sou een zäitgenëssesche Rapport vun der preisescher Arméi.

No der Schläifung sinn am Tuerm d'Octroi's Buröen souwéi d'Wunnenge vun de Stater Beamten, déi sech ëm den Octroi gekëmmert hunn, installéiert ginn. Den Oktroi war eng Tax déi op Gidder erhuewe gouf, ier se an d'Stad agefouert konnte ginn. Wéi 1920 Hollerech, Hamm, de Rollengergronn an Eech an d'Staat Lëtzebuerg integréiert goufen, ass den Octroi schliisslech ofgeschaaft ginn an den Tuerm hat eng Zäit kee Locataire méi.

Réischt am Joer 1938 kruten zwou lokal Scoutstruppen d'Erlabnis am Malakofftuerm hire Sëtz ze etabléieren - d'Trappeurs Rouges vun der FNEL hunn sech am Rez-de-Chaussée installéiert an de Groupe Mansfeld/Clausen vun der LGS am ieweschten Deel.

De Pierre Matagne retracéiert am Buch déi net ëmmer ganz konfliktfräi Co-Existenz vun den zwou Scoutstruppen am nämmlechte Gebai. Wéi d'Trappeurs Rouges wéinst Mangel u Memberen opgeléist goufen, huet de Grupp Mansfeld/Clausen dat ganzt Gebai fir sech revendiquéiert. D'FNEL wollt de Rez-de-Chaussée awer net hierginn - an der Hoffnung dass d'Trappeurs Rouges sech nees konstituéiere géingen. De Klengkrich tëscht den zwee rivaliséierende Gruppen sollt réischt am Joer 1991 geschlicht ginn an d'FNEL dierf den ënneschten Deel zanterhier fir seng Zwecker an Usproch huelen - wat awer net verhënnert, datt de portugisesche Scoutsgrupp San Alfonso, deen der LGS affiliéiert ass, all Samschden am Rez-de-Chaussée seng Versammlungen ofhält. Mëttlerweil ass de Malakofftuerm och den offizielle Sëtz vun der asbl Scouting in Luxembourg, déi d'FNEL an d'LGS am Joer 2013 gemeinsam gegrënnt hunn.

Ee weidere Bäitrag behandelt dat materiellt Ierwe vun de Clausener Scouten. Ier d'Renovéierungsaarbechte konnten ufänken, huet déi staatlech Verwaltung fir ëffentlech Bauten - d'Administration des bâtiments publics - mam Lëtzebuerg City Museum Kontakt opgeholl fir ee Bléck op d'Objeten ze wäerten, déi nach an de Gebailechkeete louchen.

Den Historiker Gilles Genot, Conservateur am Stater Geschichtsmusée presentéiert eng Rei vun dësem Objeten, déi an der Tëscht an d'Sammlung vum Musée opgeholl gi sinn - notamment eng Portraitsfoto vum Aumônier Louis Lahr an eng hëlze Këscht mat der Inschrift vum Grupp Mansfeld/Clausen.

Well sou historesch Objeten, no Raumungen dacks um Tipp landen, ënnersträicht de Gilles Genot nach eemol wéi wichteg et ass, mat Institutiounen ewéi dem Geschichtsmusée a Kontakt ze triede fir dat materiellt Kulturierwen ze konservéieren. Säi Bäitrag hält dofir mat engem wichtegen Appell u seng Lieser op:

"En tant que musée de l'histoire de la capitale, le Lëtzebuerg City Museum se consacre à la documentation et à la présentation de l'histoire des quartiers. Toutefois, le musée n'est pas seulementà la portée des institutions publiques pour fournir une expertise en vue de la possible intégration d'objets dans les collections, mais aussi de tout particulier."

Sou wéi d'Renovéierungsaarbechten d'Gebai valoriséieren, valoriséiert dëst schmuelt Heft d'Wëssen iwwert den architektonesche Patrimoine. An enger Zäit wou ëmmer nees historesch Gebaier demoléiert ginn kann een d'Administration des bâtiments publics fir dës Démarche nëmme luewen.