Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Waasser, eng liewenswichteg Ressource

Biophilia

D'Waasser, eng liewenswichteg Ressource

Waasser ass eng vun de wichtegste Ressourcen op der Äerd. An och Waasser, virun allem proppert Waasser gëtt ëmmer méi knapp. Et ass onbedéngt noutwenneg, datt mir den natierleche Waasserkreesleef intakt halen. Dofir gëtt de Weltwaasserdag, deen e Mëttwoch war, ëmmer méi wichteg.

auto_stories

2 min

All Drëps zielt. Esou schreift d'Waasserwirtschaftsamt an engem Communiqué.

D'Waasser misst dowéinst gespuert a geschützt ginn. Mat Bléck op d'Klimakatastroph wier et dowéinst ëmsou méi wichteg ee verantwortungsvollen Ëmgang mat dëser liewenswichteger Ressource ze hunn.

Wéi soll ech mam Waasser ëmgoen?

D'Waasserwirtschaftsamt huet dowéinst och e puer Recommandatiounen erausginn, wéi all Eenzelen aktiv Mesure fir de Schutz vum Waasser kann ergräifen.

  • Keng Pestiziden oder Herbizide verwennen, well déi Substanzen am Buedem kënne versickeren an d'Grond- an Drénkwaasser verschmotzen
  • Op ekologesch Hygiene- a Botzmettel zeréckgräifen
  • Keng gëfteg Produiten, Medikamenter, Farfreschter oder Ueleg an de Lavabo oder Toilette schëdden
  • Ee Mikroplastikfilter an der Wäschmaschinn installéieren, well pro Wäsch eng 700.000 Mikrofaser aus eisem Gezei geléist kenne ginn an an d'Ofwaasser gerode kennen

Dobäi kommen natierlech: kuerz duschen. Krunn zoudréine wann een d'Zänn wäscht. Den Auto net doheem, mee an Autowaschanlag wäschen, well déi hunn ee spezielle System fir d'Waasser nees ze verwennen.

De Roll vun der Landwirtschaft a vun der Politik

De Run op déi liewenswichteg Ressource Waasser wäert an den nächste Joren ëmmer méi grouss ginn, virun allem well eise Wirtschaftsmodell kontinuéierlech an exponentiell wiisst. An ëmmer méi Ressource verbraucht.

Och eng theoretesch erneierbar Ressource wéi d'Waasser huet een Zyklus, deen e bëssen dauert, iert e sech erneiert. An deen Zyklus muss gefërdert ginn: duerch naturbaséiert Solutioune wéi d'Opfänke vum Reen an der Landschaft duerch ee liewege Buedem mat engem héijen Humusgehalt.

Dat Waasser, dat virun allem bei Staarkreen erofkënnt, kréie mir de Moment net an eiser Landschaft opgefaangen, well eis Landwirtschaft net wierklech drop ausgeriicht ass. Strukturelementer wéi Hecken an der Landschaft kënnen hëllefen, de Wand ze bremsen, wat dann nees kann zur Minimiséierung vun der Waasserverdonstung féieren. Weieren oder Opfangbecke mussen op deene richtege Plazen ugeluecht ginn.

An: Mir brauchen eng koherent Politik tëscht de Ministèren, déi a ville verschiddene Beräicher, wéi zum Beispill Landesplanung a Landwirtschaft, muss zesummeschaffen.