Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei de Bëschzwergen am Nascht

Reportage: Bëschcrèche zu Schëffleng

Bei de Bëschzwergen am Nascht

"Sief frech a wëll a wonnerbar". Dat ass een Zitat vun der Astrid Lindgren, dat och um Site vun de Schëfflenger Bëschzwergen steet. Alles dat kënnen déi Kleng hei am Bësch zu Schëffleng sinn. Mir ware mat an de Bësch kucke wéi do gelaf, gerolzt, gebastelt, gefall an nees opgestane gëtt.

auto_stories

3 min

Bei de Beschzwergen zu Schëffleng. Foto: Sarah Muller

D'Bëschcrèche vun de Bëschzwergen zu Schëffleng ass virun 12 Joer vun der ASBL Apase gegrënnt ginn. Si ass mam Educatiounsministere an der Schefflenger Gemeng konventionéiert.

Grouss Demande fir d'Bëschcrèche zu Schëffleng

Bei de Bëschzwergen gi Kanner vun zwee Joer un all Dag am Bësch betreit, ausser et ass Stuerm an ze geféierlech fir dobaussen am Bësch ze sinn, erkläert eis d'Laura Rischard. Si ass Chargée de direction adjointe hei an der Bëschcrèche an Educatrice graduée.

Fir d'Laura Rischard gëtt et kee méi e schéine Beruff, wéi all Dag mat de Kanner dobaussen ze sinn:

"Si sinn am Prinzip wierklech gutt gelaunt, si si frou, si sinn ausgeglach, si hu Plaz, Zäit a Raum fir sech ze entfalen - dat erfëllt een einfach. Wa si glécklech sinn, an du kanns hinnen d'Natur méi no bréngen. [...] fir déi puer déi mir kënnen all Dag mat eraus huelen an hinnen eppes mat op de Wee ginn, dat ass et wierklech eng wichteg Aufgab."

Wéi si d'Crèche virun 12 Joer opgemaach hunn, hätt si just ee Grapp voll Kanner gehat. Elo sinn et der bal 50, an d'Demande wier enorm, dofir misst ee leider all Joer och Leit ofsoen.

Deen een Dag ee Fliger, den aaneren Dag e Bus...

An a mat der Natur léieren

Den Alldag dobaussen an der Natur ze verbréngen, gëtt de Kanner vill a léiert si ënnerbewosst och, op d'Natur opzepassen, seet d'Laura Rischard:

"Wann iergendwou Knascht läit ass dat fir si scho schlëmm, dat gëtt dann och opgeraf a mir geheien dat dann och an d'Dreckskëscht (...) si mierke schonn, datt een dat net däerf maachen. Si selwer geheien och näischt ewech, wa si Reschter hu vun hirer Schmierekëscht, da packe si dat an an huelen dat mat heem."

An der Bëschcrèche erliewen d'Kanner och d'Wieder an d'Joreszäiten, a si léieren d'Planzen an natierlech och d'Bëschdéiere kennen. All Mount ass en anert Déier Haaptthema an der Bëschcrèche zu Schëffleng.

Kanner rutschen am Bësch. Foto: Sarah Muller

Entwécklung vu Beweegung, Denken, Fillen a soziale Kompetenzen

Kanner hunn en natierlecht Bedierfnes sech ze beweegen a wou kéint een dat besser maachen, wéi dobaussen am Bësch. Nieft dem Gespier, datt et wichteg ass op d'Natur opzepassen, léiere si och d'Gläichgewiicht ze halen an trainéieren hir Muskelen.

Donieft ass d'Entwécklung vun der Beweegung mat där vum Denken a vum Fille verbonnen. Mir gesinn d'Kanner lafen, rutschen, falen, nees opstoen, iwwer Bamwuerzele klammen, deck Äscht schleefen, buddelen.. Alles dat hëlleft hinnen, sech selwer aschätzen ze léieren, si léieren hire Kierper kennen, hir Emotiounen, sech ze konzentréieren a Geforen anzeschätzen.

An hirer Grupp sinn och Kanner vun ënnerschiddlechem Alter - si léieren also och onbewosst, op grouss a kleng opzepassen a sech géigesäiteg ze hëllefen. Gruppendynamik gëtt deementspriechend grouss geschriwwen:

"Du hues och net dee Konkurrenzkampf wéi dobannen. Mir hunn eben net nëmmen ee rouden Auto, du hues lauter Bengelen an du hues vill Blieder a vill Steng, du hues guer net dat Gestreits [...]."

D'Personal vun der Bëschcrèche zu Schëffleng (d'Laura Rischard ganz lénks).