Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass de Wahlsystem zu Lëtzebuerg demokratesch?

Fräie Mikro

Ass de Wahlsystem zu Lëtzebuerg demokratesch?

Den amerikanesche President Donald Trump ass duerch d'Grands électeurs un d'Rudder komm. An net well hien déi meeschte Stëmmen hat. Dat ass net demokratesch, fënnt och d'Anne Heniqui a freet sech, ob de Wahlsystem zu Lëtzebuerg wierklech demokratesch ass.

auto_stories

3 min

Iwwer zwou Millioune Stëmmen méi hat déi demokratesch Kandidatin Hillary Clinton. Dat sinn der, fir eis Verhältnisser, enorm vill méi wéi hire Kontrahent der krut, den Donald Trump. Mee hien huet ebe vun engem System profitéiert, dee virun 240 Joer festgeluecht gouf an zënterhier net méi adaptéiert gouf. Historesch gewuess.

Véier laang Joren musse mer dowéinst déi onsäglech Frisur erdroen, dee spatze Mënni, d'Solariumgesiicht mat permanentem Läffelchersbrëllofdrock an déi Féngercher, déi ëmmer maache wéi wann de Bifdeck excellent gewiescht wier. Säin Aktionismus, dee schonn no enger Woch d'Welt un d'Hyperventiléiere bruecht huet, wëlle mir lo léiwer net kommentéieren. Dofir hu mer nach véier Joer Zäit. Mee vill Leit hu sech sécher scho méi genee den amerikaneschen System gewikipediat, deen et erlaabt eng Empeachment-Prozedur auszeléisen. Dee leschten Hallem, un deen ee sech nach krope kann.

Nun! Hale mer fest: déi gréissten Demokratie op dësem Planéit ass guer keng Demokratie, wann et méiglech ass, datt do ee Mënsch President gëtt, dee guer net d'Majoritéit vun der Wielerschaft hannert sech huet. A seng Virgänger si Schold drun, datt dat konnt virkommen, well si hunn et verpasst, de System ze änneren. Dat kéint ee vun uewen erof esou dekretéieren.

D'Demokratie am Miniland

Mee eigentlech brauche mir eis guer net opzeblosen a mam Fanger op de grousse Brudder ze weisen. Well hei ass et och net vill besser. E Miniland wou eenzeg d'Europawahle wierklech demokratesch sinn. Elo mol ofgesinn vun der Proportioun vun der wahlberechtegter Populatioun, déi esou onrepresentativ ass, datt een doranner och net méi richteg eng Demokratie erëmfanne kann. Dat soll elo hei net den Thema sinn, do gouf schonn am Kader vum Referendumsfiasko des laangen an des breeden driwwer kommentéiert.

Nee, mir sinn hei an engem Miniland ,dat mol net d'Gréisst vun engem Nuesschnappech huet, an dat mengt et misst sech nach a véier Wahlbezierker zergrimmelen. Eng Stemm aus deem engen Eck vum Land huet net déi selwecht Gewiichtung wéi eng aus deem aneren Eck. Schonn eleng well de Choix u valabele Kandidaten net fair verdeelt ass. Esou kann een Topkandidat op der Ersatzbänk bleiwen, nëmme well e sech an enger Partei gemellt huet, déi net zu sengem Wunnsëtz passt. Souguer d'Spëtzekandidate vun de Parteien kënnen net vun alle Leit gewielt oder ofgewielt ginn.

Fir de Choix vum Wahlziedel

D'Konsequenzen dovunner si vläicht keen esou en Desaster fir d'Weltcommunautéit, an awer: mir hätten hei all Grond fir eng Käerterchersaktioun "fir de Choix um Wahlziedel" ze starten. Da kritt een erkläert, datt all Eckche vun dësem Land am Parlament soll representéiert kënne ginn, egal wéi inkompetent seng Kandidate sinn. Dee System war sécher richteg déi Zäit wéi déi Stater just stater Kandidate kannt hunn, déi Wëltzer keng Ahnung vun de Kandidaten am Süden haten an d'Leit net all d'Zeitung konnte liesen. Mee haut si se all op de soziale Medien aktiv, d'Parteie beschäftege Kommunikatiounsagence fir d'Nimm vun hire Fillen ënnert d'Leit ze kréien a bei der Lëtzebuerger Pressepluralitéit fënnt sech ëmmer ee Mikro, wou een seng Perséinche kann promouvéieren.

Mir hunn also eng Wahlbezierksquot, an déi fanne mir normal well "et war nach ëmmer esou". Op der anerer Säit di mir eis awer immens schwéier mat enger anerer Quot, déi et der Halschent vun der Populatioun géif erlabe besser representéiert ze sinn. Bei der Fraequot gëtt dann e Gedäisch opgefouert, wéi wann eis Demokratie an héchster Gefor wier. Mat Kontradiktioune si mir also och beschtens versuergt. Mir brauchen net mam Fanger op anerer ze weisen.