Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Morphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass dat nach normal?

Prisma

Ass dat nach normal?

All Mënsch huet e Gefill dofir, wat normal ass a wat net. Wat normal ass, dat seet eis jo de gesonde Mënscheverstand. Mee et ass awer esou, datt sech hanner dem Ausdrock "gesonde Mënscheverstand" näischt méi verstoppt, wéi déi Saachen, déi mir als normal empfannen. Ass dat, wat fir mech normal ass, och normal fir all déi aner Leit? A wat ass eigentlech normal? Wat verstoppt sech hanner deem Wuert? Den Thomas Koenig huet enquêtéiert.

auto_stories

8 min

Zanter iwwer engem Joer ass Lëtzebuerg mat der Corona-Pandemie geplot. An trotzdeem gëtt et awer nach ëmmer Leit, déi sech doriwwer opreegen. D'Masken nerven, d'Ausgangsspär nervt, dëst nervt, dat nervt, jee, et fënnt een ëmmer e gudde Grond, fir ze jéimeren an sech ze bekloen.

Dat ass jo normal, datt den Drock raus muss. Vill Leit hoffen jo och, datt mer iergendwann eng Kéier "back to normal" kënne goen. Da kënne mer, esouwäit emol d'Hoffnung, eist Liewen do weiderféieren, wou d'Pandemie et ënnerbrach huet.

Aner Leit fäerten, datt mer am sougenannten "new normal" ukomm sinn. Datt an Zukunft alles anescht ass, an mer eis elo fir de Recht vun eisem Liewen mussen mam neie Status quo erëmschloen.

Wat ass normal?

Wat ass dann elo normal? Den aktuelle Status quo, oder den Status quo ante, also d'Situatioun, wéi se virun 2020 war?

Wat ass iwwerhaapt normal? D'Wuert "normal" ass en Adjektiv, dat beschreift, datt eng Saach enger Norm entsprécht. Wat ass dann elo eng Norm? Eng Norm ass eng Reegel. Et ass eng Saach, déi allgemeng unerkannt ass, an d'Liewen reguléiert.

Dat heescht, eng Saach ass normal, wann se der Reegel entsprécht. Virun e puer Joerzéngt, wie d'Fraen d'Wahlrecht kruten, hu vill Leit dat sécher als net normal empfonnt. Et war och net normal, well d'Regel dat net virgesinn huet. Bis d'Regel eben geännert huet, du war et op emol normal. Och wann net all Mënsch dat wäert normal fonnt hunn.

An dat kann een elo op vill Saachen uwenden. Et ass net normal, datt et am Summer schneit. Bis datt et eben passéiert. Oder bis datt een erausfënnt, datt et meteorologesch net onméiglech ass. Et ass also net anormal, an deementspriechend normal.

Lange Rede, kurzer Sinn: Wann eng Persoun ëmgangssproochlech seet, datt eppes net normal ass, dann ass dat oft mat engem Werturteel verbonnen. Wann ech zum Beispill behaapten: "Deen do ass net normal", da wëll ech domat net ausdrécken, datt déi Persoun net der Norm entsprécht. D'Norm selwer ass mer warscheinlech guer net bewosst, an et wier mer och schwéier, déi explizit ze formuléieren. Wat ech éischter domat mengen, ass datt ech déi Persoun, hiert Ausgesinn, hiren Optrëtt oder wat och ëmmer net verstinn oder deem net zoustëmme, an mech doduerch gestéiert fillen.

The new normal?

Gutt, wat huet dat lo mat der Pandemie ze dinn? Mee do ass et e bëssen vergläichbar. Huelen mer mol als Fall 1 folgend Ausso: "Ech hoffen, datt iergendwann eng Kéier d'Liewen erëm normal ass!" Wat mengen ech domat? Datt ech erëm zeréck wëll an déi Situatioun, wei se virdrun war. An domat ass meng Äusserung scho falsch. D'Liewen, esou wei et grad aktuell passéiert, ass d'Norm. Et ass normal, datt mer am Moment d'Pandemie bekämpfen, mat all den Ännerungen am Alldag, déi dat mat sech bréngt.

Mee do muss een oppassen, just well eppes normal ass, ass et net onbedéngt gutt, oder schlecht. Wann ech soen, datt eppes normal ass, dann drécken ech domat eigentlech aus, datt eng Saach X konform zu enger Reegel Y ass. Déi ganz Wäertegkeet vun där Reegel, déi setzen ech dann nach extra drop. Wat meng Wierder also wuertwiertlech bedeiten, ass net identesch zu der Bedeitung, déi ech an hinnen gesinn.

Kucke mer emol Fall 2, mat der Ausso "Hoffentlech ass dat do net "the new normal"". Och do gëllt: Dat war am Moment normal ass, ass et am Moment. Wann de Moment bis laanscht ass, dann ass d'Norm et an der Reegel och.

Lo ass et am Alldag esou, datt d'Saachen sech net ëmmer brutal veränneren. Dat heescht, et kritt een och net onbedéngt bewosst mat, datt d'Normen vun gëschter net méi déi vun haut sinn, an déi vun haut net méi déi vu muer.

Epochal Verännerungen?

Do kann een als Beispill den 11. September 2001 huelen. Do gëtt et gefillt en ganz kloert "Virdrun" an een ganz kloert "Dono". Mee dat ass just gefillt. Wann ee sech mam Thema befaasst, gesäit een, datt et net dat éischt Attentat war, an datt verschidde Sécherheetsdéngschter och mat esou eppes gerechent hunn. Bref, d'Attentater vun 9-11 sinn zwar u sech eng Katastrof, a si hunn weltwäit Repercussiounen. Mee wann een d'Geschicht vum Terrorismus kuckt, si se net anormal. An et ass och elo keen Zoufall, datt ech vun 9-11 hei schwätzen, an net vun engem "klengen" Attentat am Mëttleren Osten. Där gouf et der zwar vill méi, mee déi weien am Verglach einfach manner. Wat normal wierkt, ass eng Fro vun der Perspektiv.

D'Zeechen waren all do. Et gouf och schonn ëmmer erëm Attentater. D'Experten hunn och ëmmer erëm dovu gewarnt. A wei et bis geschitt ass, si ganz vill Leit awer erschüttert ginn, well esou en Evenement eben "net normal" fir si war.

Et ass jo och esou mat der Pandemie. An den läschte Joren hunn ëmmer erëm Wëssenschaftler gewarnt, datt der kéinte passéieren. An et gouf jo och reegelméisseg Epidemien, mee déi sinn all wäit eweg vu Lëtzebuerg passéiert. Dat heescht, datt et zur Pandemie kënnt hätt een eigentlech net wierklech iwwerraschen dierfen. An trotzdeem hunn vill Leit d'Pandemie als anormal empfonnt.

Respektiv fannen vill Leit se nach ëmmer anormal a bekloen sech nach ëmmer doriwwer, wéi schlëmm alles ass. An si hoffen, datt een dach iergendwann eng Kéier zeréck kann.

Soit. Mee zeréck kënne mer ni. Never ever. D'Vergaangenheet ass laanscht. Esouguer wa mer haut duerch Zauberei e bestëmmten Virus einfach esou kéinten verschwannen doen, géif d'Liewen ni méi ginn wie virdrun. Kuckt zum Beispill d'Geschicht vu Lëtzebuerg. Ech hat emol virun Joren an engem Geschichtsbuch gelies, datt et am Schnëtt hei am Land all 60 Joer Krich gouf. Dee läschte Krich ass awer elo iwwer 75 Joer hier. Reng statistesch ass déi Zäit, an där mer liewen, net normal. An do gesäit ee gutt, datt dat, wat normal ass, a wat net, oft fälschlecherweis assimiléiert gëtt mat deem, wat mer als richteg oder als gutt empfannen. Längere Fridden ass zwar statistesch gesinn fir eist Land net normal, mee ass en dofir schlecht? Ech mengen net!

Alles fléisst

Virun 2020 ware mer an enger Situatioun, déi mer als normal empfonnt hunn. Dono ware mer an engem Ausnamezoustand. De Problem ass awer, datt den Ausnamezoustand sech elo gläich schonn iwwer annerhalleft Joer hin zitt. Dat heescht, den Ausnamezoustand ass quasi zur Reegel ginn, an ass de facto "normal".

Mee vu datt mer jo awer vill Efforten maachen, fir d'Pandemie aus der Welt ze schafen, verännert sech d'Situatioun jo och. Vläit kréie mer d'Herdenimmunitéit. Vläit entwéckelt sech d'Situatioun esou wéi deemools mat der spuenescher Grippe, an de Virus verschwënnt net ganz. Wee weess? Op alle Fall verännert sech alles, permanent, an dat, wat normal ass, deementspriechend och.

Ob mir et als normal empfannen, ass eng aner Fro. Mee d'Realitéit huet déi domm Gewunnecht, sech net un eis Virstellungen unzepassen. An si huet och déi domm Tendenz, sech eis ni ganz ze offenbaren. Dat heescht, mir kënnen och ni mat absoluter Sécherheet wëssen, wat dann elo normal ass oder normal misst sinn.

Et ass awer lo normalerweis dee Moment am Prisma, wou een mat engem Sproch vun engem gréissere Philosoph kënnt, a wann och just fir sech eng intellektuell Kautioun ze ginn.

De griicheschen Philosoph Heraklit huet d'Welt als eppes gesinn, wat sech permanent verännert. Et kennt ee jo vläicht seng berüümte Formel "panta rhei" - alles fléisst. Oder de Sproch, datt een sech ni zweemol an de selwechte Floss bueden geet.

Wann ech an e Floss sprangen, rausklammen an dann direkt erëm dra sprangen, esouguer dann stëmmt dee Sproch, datt "ech" net zweemol "an dee selwechte" Floss sprange konnt. Beim éischte Sprong - an dee musst der Iech natierlech elegant a grazil virstellen - sinn ech jo ech, normal, an de Floss ass de Floss. Da landen ech am Floss. Wat passéiert? Ech verännere mech. Ech ginn naass, ech sinn ëm eng Erfarung méi räich, meng Kierpertemperatur verännert sech, an esou weider. Mee meng Präsenz am Floss huet och Konsequenzen, a wann och nëmmen duerch den Impakt vu menger Landung. Wann ech dann eraus klammen, sinn ech schonn net méi ganz dee selwechte Mënsch. An de Floss ass et och net méi. Säi Waasser fléisst jo weider. Dee Moment wou ech dann erëm dra sprangen, ass dat net méi dee selwechte Mënsch, deen an deen selwechten Floss sprengt.

An anere Wieder: Alles verännert sech, permanent. Am Alldag kréie mer d'Verännerungen net direkt mat. Ausser et passéiert eppes Katastrophales, wei zum Beispill 9-11. Da kréie mer et schonn mat.

Mee och do ass alles eng Fro vu Wahrnehmung. Am Fong ass et normal, datt alles sech permanent verännert. Wann ech et also net normal fannen, datt d'Situatioun, an där ech sinn, sech verännert, dann kënnt de Problem vu mir, net vun der Situatioun. Ech kann mech zwar driwwer opreegen, an ech ka probéieren, zeréck ze goen. Mee wat passéiert ass, ass passéiert. Ganz zeréck kann ech ni.

Dofir, wann Der Leit kennt, déi nach ëmmer jéimeren, datt d'Liewen am Moment esou schwéier ass an datt se hoffen, datt mer et gläich gepackt hunn, da kënnt Der deenen jo vläit zwou Iwwerleeungen mat op de Wee ginn: Éischtens - Jéimeren ass net sexy! An 18 Méint laang jéimeren scho guer net. An zweetens - Firwat waren se dann net konsequent, hunn d'Situatioun erkannt a probéiert, dat Bescht draus ze maachen.

Mir hu jo lo gesinn, datt et normal ass, datt d'Situatiounen an d'Leit sech permanent veränneren. Mee ass et normal, datt mer eis net upassen, an datt mer eist Liewen erdroen, amplaz et ze liewen? Dofir, wat och ëmmer d'Situatioun mam Coronavirus an e puer Méint ass, stellt een sech dann net och vläicht d'Fro: Wéi ass d'Situatioun dann mat mir? Probéieren ech de Status quo, deen ech als normal empfannen, em all Präis fest ze halen, oder ginn ech méi weise?