Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - Up With People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aartestierwen zu Lëtzebuerg

Biophilia

Aartestierwen zu Lëtzebuerg

Wéi hëlleft ee raren Déieren a Planzenaarten? Dat war den Titel vun enger Konferenz gëschter Owend am natur musée, déi an Zesummenaarbecht mam Naturschutzsyndikat Sicona gehale gouf. Mat konkrete Mesurë soll de Bestand vu bedroten Aarte wéi dem Steekauz, dem Heckefräsch an der Schmuewel geschützt ginn.

auto_stories

3 min

Och Schmuewelen zielen zu Lëtzebuerg zu de bedroten Déierenaarten. (Foto: Sicona)

Dem leschte Rapport vum Welt-Biodiversitéitsrot IPBES no si weltwäit eng Millioun Planzen an Déierenaarte vum Ausstierwe bedrot. Aartestierwe gouf et an der Geschicht vun eisem Planéit ëmmer erëm, hält déi Etude fest, awer nach ni an der Vitess wéi haut.

Och Lëtzebuerg ass betraff

An dat betrëfft och eis hei zu Lëtzebuerg, betount d'Dr. Simone Schneider vum Sicona. Déi rout Lëschte vun de bedrote Planzen- an Déierenaarte gi reegelméisseg à jour gesat. Verschidde Constate loosse sech esou maachen.

"Vun de ronn 140 Brutvullen zu Lëtzebuerg sinn 13 Aarten, déi schonn ausgestuerwe sinn, a ronn 25, déi vum Ausstierwe bedrot oder gefäerdet sinn. Dat ass am Fong e Véierel vun alle Brutvullenaarten zu Lëtzebuerg."

Huele mir beispillsweis de Steekauz, déi klengste Lëtzebuerger Eilenaart. Duerch de Verloscht vu sengem natierlechen Habitat, de klenge Kauz lieft a Bongerten, ass de Bestand ëm méi wéi 90 Prozent an de leschte Joerzéngten agebrach.

De Steekauz. (Foto: Sicona)

Den Naturschutzsyndikat Sicona huet et awer mat geziilte Moossnamen iwwer déi lescht 20 Joer fäerdegbruecht, fir de Bestand vum klenge Kauz stabil ze halen an esouguer e wéineg ze verbesseren. Verschidde Mesurë goufen an deem Kontext geholl, erkläert d'Simone Schneider.

"Zum Beispill, datt een Nistkästen ophänkt, esou Niströhren, wou en da seng Brute ka maachen."

Esou Vullenhaiser hänkt de Sicona an den Dierfer och fir d'Haus a Schaarschtechschmuewel op. D'Schmuewelen hunn duerch d'Versigelung vun den Uertschaften ëmmer méi Schwieregkeete fir Leem ze fannen, fir hir Näschter ze bauen, a well se d'Fassad kéinte verknaschten, gi se heefeg och aktiv verjot an hir Näschter zerstéiert. Et ginn awer Méiglechkeeten de Schmuewelen en Doheem ze bidden, an d'Fassad propper ze behalen. Interesséiert Bierger kënne gratis beim Sicona e Vullenhaischen ufroen.

"Mir hänke Konschtnäschter baussen ënner dem Daach op. An do kënnt och nach e Kotbrett ënnendrënner, datt d'Fassad ebe propper bleift. Mir kommen dat eng Kéier am Joer propper maachen a maachen och de Suivi dovunner."

Also fir den Eenzele wéineg Opwand, fir en Deel zum Schutz vun de Schmuewele bäizedroen.

Moossname mat Succès

D'Dokter Simone Schneider nennt nach en drëtt Beispill fir eng bedrote Vullenaart: Och vum Kiebitz ginn et am Grand-Duché nëmmen nach ganz wéineg Koppelen, déi bréien. Hei ass de Sicona amgaang e Fiichtgebitt ze renaturéieren, fir dem Vull nees säin natierleche Liewensraum ze bidden. Wéi erfollegräich esou Moossname kënne sinn, gesäit een um Beispill vum Heckefräsch. Vum Sicona goufe Jongdéieren a Weieren nei ugesidelt.

"An en huet sech och scho weider vermehrt, dat heescht, en huet scho ganz vill Weiere ronderëm vun deem urspréngleche Gewässer, wou mir en ausgesat hunn, besidelt. Dat heescht esou konkret Mesurë gräifen a stäerken dann eben déi Populatiounen."

Den Heckefräsch. (Foto: Sicona)

D'Aartestierwe betrëfft awer och Insekten, Fliedermais a virun allem och d'Flora. Iwwer en Drëttel vun den ëmmerhi ronn 1.300 Planzenaarten hei am Land sinn entweder schonn ausgestuerwen, vulnerabel oder ganz rar. An och an dësem Beräich ass de Sicona aktiv, erkläert d'Dokter Simone Schneider ofschléissend. Ënner anerem andeems Jongplanze vu bedroten Aarten opgezillt an duerno a Wisen ausgeplanzt ginn.