Radioen

On air

Espresso Beats  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 28 Zorte vu Mustiken zu Lëtzebuerg

Biophilia

28 Zorte vu Mustiken zu Lëtzebuerg

Fir déi eng sinn et lästeg Insekten, fir anerer e geféierleche Vecteur vu Krankheeten. Mustiken hu fir d'Mënsche keng Sympathie. Fuerscher vum Natur Musée hunn elo fir d'éischte Kéier en Atlas vun de Mustikenzorten zu Lëtzebuerg opgestallt.





auto_stories

3 min

Foto: Jo Diseviscourt

Wuertwiertlech Mécke fänke kann een dat nennen, wat de Francis Schaffner, Fuerscher op der Uni zu Zurich, an de leschte Joren zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Analyse vu Mustikelarven

D'Larve vu Mustike goufen a Waasserpill, huele Bamstämm oder a spezielle Fale gesammelt an analyséiert. De François Schaffner sot:

"L'essentiel c'était donc de faire un inventaire complet. On a augmenté la liste des espèces au Luxembourg, on est passé de 24 à 27 espèces et donc maintenant on a quand-même une idée assez précise du nombre d'espèces, de la variété d'espèces qui sont présentes, et du coup on sait qu'il y a des espèces qui peuvent poser des risques en santé humaine ou en santé animale. Maintenant on va pouvoir cibler ces espèces en cas de besoin."

Véier nei Mustiken-Aarten

Véier Mustiken-Aarte goufen identifizéiert, déi bis elo nach net offiziell zu Lëtzebuerg beschriwwe goufen. All aner Aarten hu sech an de leschte Joren hei gehalen a sinn och net verschwonnen. Am heefegsten dobäi ass déi sougenannten Hausmustik, déi warscheinlech jiddwerengem schonn eng Kéier op d'Nerve gaangen ass. D'Populatioun vun de Mustiken zu Lëtzebuerg verännert sech. Südlech Aarten zéie mam Klimawandel Richtung Norden. Déi meescht friem Mustike bréngt de Mënsch awer selwer an d'Land:

"Les moustiques invasifs se déplacent essentiellement dans les véhicules, donc c'est l'homme qui les transporte. Donc le moustique tigre par exemple suit les gens parce qu'il cherche à les piquer. Il va suivre les gens et rentrer dans la voiture, et alors on se déplace, on fait 300 kilomètres et puis là on s'arrête, on ouvre les portières et le moustique pourra sortir. Et s'il trouve un milieu favorable, donc une bouche d'égout avec de l'eau ou un récipient dans un jardin avec de l'eau il va pouvoir pondre ses œufs et faire son cycle sur place."

Tigerméck zu Lëtzebuerg

Plaze, wou déi nei Zorten opdauchen, sinn dann och meeschtens Fluchhäfen oder Autobunnraschtplazen. Dat konnt och a Prouwe beluecht ginn. D'Maschinne vun der Cargolux duerchlafen dowéinst zum Beispill speziell Desinfektiounsprozeduren. Déi éischt japanesch Tigerméck zu Lëtzebuerg gouf am Juli 2018 zu Stolzebuerg observéiert, zanter deem gouf et op d'mannst 18 weider Observatiounen.

Och déi asiatesch Tigerméck ass hei ukomm, si gouf am September d'lescht Joer zu Réiser observéiert. Mat Chikungunia, Dengue, Malaria oder West-Nil-Féiwer iwwerdroe verschidden Aarte geféierlech Krankheeten, dofir observéiert een déi nei Aarte méi genee, esou den Direkter vu der Santé Jean-Claude Schmit:

"Jo mir hunn op verschiddene Plazen effektiv Mustike fonnt, déi kéinte potentiellement Krankheeten iwwerdroen, dat ass ënner anerem de Réimecher Haff zu Rëmerschen bei de Baggerweieren, well do ebe Waasser ass an och vill Vulle sinn, an et ginn eng Rei Krankheeten, déi kënne vun de Vullen op d'Mustiken iwwerdroe ginn a vun de Mustiken da potentiellement op de Mënsch. Mir hunn awer bis elo kee Fall vu Krankheetsiwwerdroung zu Lëtzebuerg fonnt, also de Vecteur ass do, mee de Virus schéngt net do ze sinn."

Eng Mustik, déi kann iwwerdroen, ass also esou laang harmlos, wéi de Virus nach guer net zu Lëtzebuerg ukomm ass. Ouni infizéiert Persoun och keng infizéiert Mustik. Wie sech d'Déiercher gär vum Leif hale wëllt, soll am beschten néierens ronderëm d'Haus Waasser stoen hunn. Al Blummendëppen, Pneuen oder Reewaasserbehälter si potentiell Brutplazen.