Vu klengem u Musek- a Kulturbegeeschtert, huet de Culture säi Pseudonym gutt ausgesicht. "Kultur ass wichteg, well se Leit zesummebréngt", erkläert hie säi Choix, a versteet d'Wuert dobäi a ville Sënner.
Et ass och seng "Kultur", säin Eruwuessen als Mënsch, déi a sengem Rap zum Ausdrock kënnt, an hie mat aneren zesummebréngt. De Courage hun sech ze projezéieren, ass dem Culture wichteg. Dat mécht hien net nëmme mat Musek - och ee Casting fir Capitani huet hien interesséiert, bei deem hien um Enn gréng Luucht krut.
Fir eng EP mat siwen Tracks, déi am Summer soll erauskommen, wäert de Culture eng aner Säit vun sech weisen an eemol Méi traditionelle Songwriting maachen. Glass Walls, déi aktuell Single, bedéngt sech op der anerer Säit bei Soul a Funk fir een emotionale Vibe an der Musek ze schafen.
Lauschtert de ganzen Interview hei: