Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Youth Lagoon - Idaho Alien

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: Vu Mënschen a Maschinnen

Dan Mangan - Being Somewhere

Album vun der Woch: Vu Mënschen a Maschinnen

Et gi Museker:innen, zu deene kann een direkt eng grëffeg Geschicht erzielen, oder si falen doduerch op, datt se all Woch hire Look änneren. An da ginn et Kënschtler:inne wéi den Dan Mangan, déi esou onopfälleg optrieden, datt se heiansdo iwwersinn oder iwwerhéiert ginn. E gudde Grond also, fir eemol ganz genee an den neien Album "Being Somewhere" eran ze lauschteren.

auto_stories

3 min

1983 gouf den Dan Mangan un der kanadescher Westküst gebuer an zanterhier huet hie musikalesch en zimmlech wäite Wee zeréckgeluecht. Ugefaangen huet hien 2009 mat ganz klasseschem Singer-Songwriter-Pop, mat senger éischter Plack "Nice, Very Nice".

Schonn deemools gouf hie mat ville Präisser belount, mee amplaz op der Plaz ze trëppelen, huet hien ugefaangen, ëmmer méi ze experimentéieren, souwuel mat Instrumenter, wéi och mat Songstrukturen.

Eng eege musikalesch Sprooch

D'Gittaren an de Piano sinn zwar a senge Lidder nach ëmmer present, mëttlerweil deele se sech awer d'Plaz mat Synthesizer a programméierte Beats.

Et ass awer och net esou, datt hie probéiert, dem Zäitgeescht nozelafen. Op "Being Somewhere", wéi och schonn op de Placke virdrun, geléngt et dem Dan Mangan a senger Ekipp eng eege musikalesch Sprooch ze fannen.

An dat ënner schwéiere Viraussetzungen, well den Album ass nämlech wärend der Pandemie entstanen - zu enger Zäit, wou et net méiglech war am Proufsall ze schaffen, respektiv wou den Internet de Proufsall gouf.

Net alles ass experimentell

Den Dan Mangan léisst d'Arrangement esou minimal, datt ee bal kéint soen, hie géif seng eegen Hits auserneen huelen nach ier se entstinn. Verschidde Sounds bleiwe ganz dréchen am Virdergrond an anere verschwammen hannendrun, sou datt d'Musek souwuel raimlech wéi dynamesch wierkt. Am Stéck "Easy", dat e bëssen un de Peter Gabriel erënnert, wënnt sech de Synthesizer ronderëm d'Stëmm wéi wa Mënsch a Maschinn en Duett géife sangen.

Net alles ass experimentell, et ginn hei och Titelen, an deenen näischt vum Text oflenke soll. Sou zum Beispill am Lidd "In Your Corner", dat den Dan Mangan iwwer oder fir säi Musekerkolleeg Scott Hutchison geschriwwen huet, de Leadsänger vun der schottescher Grupp "Frightened Rabbit", deen sech 2018 leider no engem laange Kampf mat Depressiounen d'Liewe geholl huet.

Komplexitéit aus enger ongewinnter Perspektiv

Et ass net evident, déi richteg Wierder ze fannen an dem Dan Mangan geléngt et a wéinegen Zeilen, déi komplex Situatioun aus enger ganz ongewinnter Perspektiv duerzestellen.

Hie gëtt deene Betraffenen d'Wuert, awer net als Eenzelpersoun, mee als Kollektiv a mécht domat dorop opmierksam, dass psychesch Problemer eis als Gesellschaft fuerderen, an eben dat soziaalt Zesummestoen eng Stäerkt ka sinn.

"Being Somewhere" ass e luesen, kuerzen, dofir awer intensiven Album, op deem näischt ze vill ass an alles op senger Plaz, just eben op enger Plaz wou een et net onbedéngt erwaart.