Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Wolf Parade - You're Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Samuel Jonathan Johnson - My Music

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: Samuel Jonathan Johnson - My Music

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen. Bannent e puer Méint war hien dee jéngsten Uergelspiller vu senger Kierch.

Wéi hie 16 Joer al war, ass d'Famill op New York geplënnert, wou hie fir verschidden aner Kierche gespillt huet. Hie gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller vun der Stad.

Eenzegaarteg Kombinatioun vun Jazz a Gospel

Mat 19 Joer entdeckt hien an der Arméi mat e puer eeleren Zaldoten den Jazz an e puer Méint méi spéit spillt hien och schonn Jazz a verschiddene Bare mat de Kolleegen.

Zeréck zu New York spillt hie weider fir Kierchen a komponéiert Lidder fir si, bei deenen hien Jazz-Akkorde mat Gospel fir en eenzegaartege Stil vermëscht.

Duerno grënnt den Johnson d'Grupp Spontaneous Combustion, déi Support Band fir e puer grouss Nimm gëtt, zum Beispill d'Jackson 5.

Éischte Solo-Album war senger Zäit viraus

Kuerz drop huet hien dann 1978 säin éischte Solo Album fir Columbia Records opgeholl: "My Music". Den Album hat just bësse kommerzielle Succès an Europa, mee koum guer net an den USA un. Déi meescht Insider si sech eens fir ze soen, datt den Johnson senger Zäit viraus war.

No dëser Enttäuschung méicht hien och e klenge Break an der Museksindustrie. 20 Joer drop erreecht den Album Kultstatus a gëtt vun de beschten Hip-Hop-Produzente gesampelt.

Den Johnson seet selwer "Ech héieren dacks mäi Stil a Sound, deen um Radio oder am Fernsee gesampelt gëtt ..., an ech si geéiert, datt d'Hip-Hop-Kultur "My Music" benotzt huet!" Säi Stil kann een als hallef romantesch Disco à la Barry White bezeechnen an deelweis och als smoothen Jazz mat Donald Byrd a Roy Ayers Aflëss.

The Alchemist benotzt den Titeltrack vum Album fir de kultesche "We Gonna Make It" vum amerikanesche Rapper Jadakiss featuring Styles P vu The Lox ze produzéieren. Dat war op sengem éischten Album "Kiss tha Game Goodbye" vun 2001. De Beat war ursprünglech fir de Ras Kass geduecht, mee wéinst interne Konflikter koum deen ni offiziell eraus.

2009 benotzt de Skero aus Éisträich dee selwechte Sample bëssen op ironesch Manéier. Hie gëtt begleet vum Kamp MC. Den Titel heescht "Fuss vom Gas" a schwätzt vu Vëloen.