Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Quincy Jones - Summer in the City

Bobby Bieles

Sample vun der Woch: Quincy Jones - Summer in the City

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur, a Film- an Televisiounsproduzent. Seng Karriär dauert scho 70 Joer an der Museksindustrie, mat engem Rekord vun 80 Grammy-Nominatiounen.

Den Jones huet an de 50er Joren als Jazz-Arrangeur an Dirigent fir Pop- a Filmmusek geschafft. Hie switcht ouni Problem tëschent musikalesche Genren. Hie schafft engersäits Ufank vun de 60er u Pop-Lidder an ass awer och gläichzäiteg Arrangeur an Dirigent fir verschidde Jazz-Kënschtler wéi de Frank Sinatra oder de Count Basie an der selwechter Zäit.

Donieft schreift hien nach etlech Soundtracke fir Filmer an hëlt och seng eege Placken op, op deenen hien och selwer séngt. Eng vu senge manner bekannte Placken ass "You've Got It Bad Girl" vun 1973. Op dësem Album si gréisstendeels re-arrangéiert Reprisen, zum Beispill den Titeltrack an och "Superstition", allebéid vum Stevie Wonder.

"Summer in the City"

D'Lidd "Summer in the City" ass och eng Reprise, an zwar vun der amerikanescher Pop-Grupp Lovin Spoonful vum Joer 1966. Hiert Lidd war a sech schonn en Ouerwuerm, sief et duerch furios Riffen oder ustiechend Rhythmen. Si hunn et och an d'amerikanesch Top 10 gepackt.

Wärend déi meescht Lidder iwwer d'Virdeeler vun engem waarme Summer geschwat hunn, geet et an dësem Track éischter iwwer déi eekleg Wäermt an enger grousser, vum Bëtong beherrschter Groussstad. Dat Ganzt huet eppes Hypnotesches.

Nach méi bekannt wéi den Original ass dem Quincy Jones seng Versioun vu "Summer in the City". Hie gewënnt mat dësem Lidd 1973 de Grammy fir dat bescht instrumental Arrangement. Dem Song säin Tempo gëtt hei uerdentlech erofgeschrauft a besetzt doduerch eng magnéitesch Energie. Déi bekannt Uergel, déi sou dacks gesampelt gouf, ass gespillt vum Eddie Louis, an den elektresche Piano ass vum Dave Grusin gespillt.

Vill Samples am Hip-Hop

Dem Jones seng Versioun gouf vu villen Hip-Hop Kënschtler gesampelt. Dat bekanntst Lidd wier "Passing Me By" vu The Pharcyde vun hirer Plack "Bizarre Ride II to Pharcyde" vum Joer 1992. De Song ass produzéiert vum J-Swift a stécht deemools vum übleche Westcoast Sound komplett eraus.

Den Jimmy Jay huet de Sample och benotzt. Den MC Solaar huet jo bekannterweis de Gainsbourg gesampelt fir säin "Nouveau Western", mee am Joer 1991 koum schonn en änlecht Lidd vun him eraus an zwar "Western Modern", dat um Quincy Jones sengem Sample baséiert.

Am Joer 1994 huet den Joe Cocker mat senger Versioun vu "Summer in the City" och all d'Charts gestiermt huet. Dëse Sound war fir dës Era scho relativ frësch.