Album vun der Woch Pop-Gröössewan a beschter Manéier

Mat hirem zweeten Album réckelt déi amerikanesch Kënschtlerin Caroline Polachek e gudde Krack méi no un de Pop-Olymp. "Desire, I want to turn into you" ass een Album, dee mat vill Spannung a Virfreed erwaart gouf.

Max Tholl / ll

Caroline Polachek

De leschten Disk vun der Caroline Polachek hat jo 2019 schonn e klengen Hype ronderëm d'Kënschtlerin ausgeléist, deen den neien Disk elo confirméiert. Et ass genee deen zweeten Album, deen ee sech zwar vun hir erwaarde konnt, an awer weess een op dësem Disk ni sou richteg, wat als nächst op een duer kënnt.

Ee maximalisteschen Album

Spéitstens beim Song "Blood and Butter" an deem e bemol en Duddelsak-Solo asetzt, gëtt kloer, wat d'Caroline Polachek gemengt huet, wéi si an engem Interview sot, et wier een immens maximalisteschen Album. Et ass Pop-Gröössewan an aller beschter Manéier. Vun Arien- an Chouergesäng geet et iwwer Trip-Hop eriwwer bis bei Popballaden.

Schonn den Opener "Welcome to my Island" gëtt hei d'Marschrichtung vir. E Song, wéi d'Kënschtlerin selwer seet, dee vun engem maneschen Ego gekennzeechent ass. Och de Song "Sunset" stécht eraus. D'Spanish Guitar an d'Flamencoaflëss erënnere staark un 90s Pop an RnB. Dat kascht villäicht am Ufank deen een oder aneren e wéineg Iwwerwannung, mee ënnersträicht einfach den immense Pop-Repertoire, deen d'Caroline Polachek hei vertount. Wéinst hirem eklektesche Stil gouf si och schonn als haiteg Kate Bush bezeechent, e gewote Verglach, mee den neien Album ënnermauert awer op alle Fall hire Status als rising Popstar.

Net onbekannt am Popbusiness

Als Newcomerin kann een d'Caroline Polachek net méi wierklech bezeechnen, si ass bei Léiwe keng Onbekannt am Popbusiness. Ufanks vun den 2000er war si eng Hallschent vum Indiepopduo Chairlift, deen een oder aneren erënnert sech villäicht nach un hire Song "Bruises" aus der iPod Reklamm. Tëschenzäitlech war d'Caroline Polachek och als Songwriterin fir d'Beyoncé aktiv, éier si 2019 mat "Pang" hire Solodebut presentéiert huet. Dëse war nach staark vun Hyperpop dominéiert an insgesamt och manner vaste ewéi den néien Disk, op deem ëmmer nees Aflëss aus den 90er oder Ufanks 2000er ze héiere sinn.

De Song "Blood and Butter" zum Beispill erënnert staark un dem William Orbit seng Produktioune fir d'Madonna oder All Saints. Passenderweis ass dann och eng Popgréisst aus där Zäit um Album vertrueden, an zwar d'Dido, déi an engem Song zesumme mat der Kënschtlerin Grimes ze héieren ass. Och dëse gëtt vu Breakbeats an der Caroline Polachek hirer Autotuneänlecher Stëmm gedroen.

Mee et gëtt awer och méi roueg an introspektiv Momenter, zum Beispill de Song "Hopedrunk Everasking. Den Album ass gréisstendeels an der Pandemie entstane wärend der och der Polachek hire Papp un enger Coviderkrankung verstuerwen ass. Niewent all der Pop-Hybris sinn et eben och déi nodenklech an intim Momenter, déi dësen Album auszeechnen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Andy Shauf
Album vun der Woch

Als Geschichtenerzieler vun éischtem Rang wieft de kanadesche Lidderschreiwer Andy Shauf op senger sechster Studioplack "Norm" een décke Plot, deen engem Horrorfilm würdeg ass.

The Waeve
Album vun der Woch

The Waeve ass eng nei Band vun albekannte Gesiichter aus dem Britpop an Indie-Pop. Zesumme mécht den Duo elo Post-Punk, Pop, Prog - um Debut-Album vun "The Waeve" gläicht kaum ee Stéck deem aneren.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen