Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Flavien Berger - Maddy La Nuit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Sich no de musikalesche Wuerzelen

Triana y Luca

Op der Sich no de musikalesche Wuerzelen

"Raíz", dat ass dee spuenesche Begrëff fir "Wuerzel" oder "Racine" - an et ass och den Titel vun der neier Single vum Duo Triana y Luca. Am Interview mam Claudine Muno erzielen si wéi si sech kennegeléiert hunn, a firwat grad d'Besënnung op d'Traditioun an hirer Musek esou eng grouss Roll spillt.

auto_stories

3 min

(Foto: Frank Hirschhausen Photogrpahy)

Lauschterenplay_arrow


"Raíz", also "Wuerzelen" huet den Duo Triana y Luca seng nei Single gedeeft, déi si am Januar 2023 virgestallt hunn. Déi musikalesch Wuerzelen an Traditioune spillen eng grouss Roll fir d'Triana Segovia an de Luca Vaillancourt, déi sech selwer als Immigrant:innen vun der zweeter an drëtter Generatioun bezeechnen. Spuenien, Südamerika, Kanada, Polen, Lëtzebuerg - dat waren a sinn Statiounen um Wee vun deenen zwee Museker an hire Familljen.

Op der Sich no den Originnen

Mat Gittar a Gesang maachen si sech op d'Sich no hiren Originnen, a kucken an hire Kompositiounen trotzdem no vir, vereenen Influenze vu südamerikaneschem Folk, Flamenco an Jazz. D'Triana Segovia betount, dass all déi Stiler, déi dacks séier ënner dem Begrëff Weltmusek zesummegefaasst ginn, a Wierklechkeet ganz eege Charakteristiken hunn, déi si grondleeënd vuneneen ënnerscheeden. Triana y Luca moderniséieren, andeem si Instrumenter, déi u sech zu engem Genre gehéieren an engem aneren asetzen, oder sech d'Manéier ze sangen aus enger Kultur léinen, fir se mat enger anerer ze kombinéieren.

De Luca Vaillancourt erzielt, dass hien ëmmer erëm senger Mamm eng nei Kompositioun virspillt, just fir datt si hien dorunner erënnert, dass déi Melodie, déi hie mengt elo grad erfonnt ze hunn, eng ass, déi säi Grousspapp ëmmer gesongen huet. Wéi si ugefaangen hunn, zesumme Musek ze maachen, hunn Triana y Luca esou och entdeckt, datt si allen zwee mat de Plakke vum Flamenco-Duo Lole y Manuel opgewuess sinn, déi hinnen hir Mammen als Kanner virgespillt hunn.

Eng Live-Session vun Triana y Luca.

Vill Optrëtter trotz Pandemie

Hir Zesummenaarbecht baséiert iwweregens op enger klenger Lige vum Luca Vaillancourt. Kennegeléiert hunn Triana y Luca sech op enger Party. Si sinn an d'Gespréich komm an d'Triana Segovia huet erzielt, datt si op der Sich wier no engem Gittarist, dee kéint Flamenco spillen, fir si an e puer Deeg op engem Concert ze begleeden. De Luca huet net gezéckt a behaapt, datt hien natierlech Flamenco spille kéint, och wann dat zu deem Moment net ganz der Wourecht entsprach huet.

Geschuet huet déi Flunkerei op alle Fall net, well Triana y Luca an de leschten zwee Joer trotz Pandemie op ville Festivalen, virun allem an Holland zu Gaascht waren, an och schonn eng Rei Präisser gewanne konnten. Zu Lëtzebuerg konnt een si ënner anerem um Screaming Fields Festival gesinn an héieren.

Déi rezent Single "Raíz" bestécht och duerch hir Sträicherarrangementer, geschriwwe vum Gustavo Jaramillo Pimentel, dee fir seng Aarbecht 2022 mat engem Latin Grammy ausgezeechent gouf. An eiser Emissioun "Kultur um 5" hunn Triana y Luca och eng ganz beandrockend Live-Performance vun dësem neie Stéck presentéiert.


Weider Informatiounen zu Triana y Luca ginn et op hirem Site: https://trianayluca.com/