Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Julien Chang: Komplex a lieweg

Musek

Julien Chang: Komplex a lieweg

Wann ee sech d'Musek vum Amerikaner Julien Chang fir d'éischte Kéier ulauschtert, da kann ee sech bal net virstellen, datt et en nëmmen 21 Joer jonke Mann ass, deen dës Lidder geschriwwen huet.

auto_stories

2 min

Als Teenager huet de geléierten Trombonist am Keller vum Elterenhaus zu Baltimore e Studio ageriicht, sech eng Hellewull Instrumenter bäibruecht, an sech eemol queesch duerch d'Museksgeschicht gelauschtert, vu gregorianeschem Gesang bis bei den Afro-Funk aus de 70er.

Nach ier hie mat der High School fäerdeg war, huet hie säin Debut "Jules" opgeholl, dee fir d'éischt als Demo zirkuléiert ass, ier Transgressive Records d'Plack weltwäit erausbruecht huet.

Sengem Stil trei bleiwen

Mëttlerweil ass de Julien Chang op der Uni zu Princeton, an op senger zweeter Plack "The Sale" verschafft hien d'Schwieregkeeten, déi hien hat, fir sech an der neier Ëmgéigend erëmzefannen.

Hie bleift sengem Stil trei, also där wëller Mëschung aus Funk, Soul, Jazz, Folk, Prog a psychedeleschem Rock; alles kléngt just e bësse méi tight an e bësse méi poléiert, wat der Musek awer net hir Intensitéit ewechhëlt.

Et beweist virun allem och, datt de Julien Chang net wëlles huet, sech formatéieren ze loossen oder sech den Ufuerderunge vun enger Industrie unzepassen.

Usprochsvoll Musek, déi aus Freet entsteet

Wat um Pabeier no vill Gefréckels am Studio kléngt, iwwerzeegt och live. Op YouTube fënnt een e wonnerbaren akustesche Live-Video vum Stéck "Time and Place" am Trio mat zwee Gittaren a Kontrabass, dee weist, datt de Julien Chang och e richteg gudde Sänger ass.

Dat kënnt op den Opnamen net ëmmer eraus, well hie seng Stëmm gär ënner décke Couche vun Effekter verstoppt.

Wonnerkanner, déi iergendwann emol eng Gittar am Grapp hunn, gi jo gär mam Jeff Buckley verglach, mee wärend ee Kënschtler wéi de belsche Museker Tamino esou vill léine geet, datt ee scho bal vu Plagiat ka schwätzen, sou fënnt ee beim Julien Chang eppes aneschtes erëm, en Timber, deen éischter deem vum Papp Tim Buckley gläicht, mee virun allem eng Manéier, komplex musikalesch Momenter mat grousser Intensitéit ze verbannen.

"The Sale" bitt usprochsvoll Musek, déi kee Selbstzweck ass an net probéiert, ze beandrocken, mee aus der Freed entsteet, fir ze kucke wat entsteet, wann ee Genre-Grenzen duerchbrécht.