Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ James Brown - Funky President (People It's Bad)

Sample vun der Woch

James Brown - Funky President (People It's Bad)

Et ass schwéier eng Sendung iwwer Samplen ze maachen ouni den James Brown ze erwänen. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten. De Bobby Bieles sicht nom Sample vu "Funky President".

auto_stories

3 min

Dem James Brown gëtt gréisstendeels déi Haaptentwécklung vu Soul a Funk Musek zougeschriwwen, dowéinst krut hien esou Nimm wéi "The Godfather of Soul" oder "Mr. Dynamite" kritt. Seng Karriär huet bal 50 Joer gedauert, éier hien am Joer 2006 gestuerwen ass. Hien ass dee meeschtgesampelte Kënschtler vun allen Zäiten, dohier ass et schwéier e Resumé vu fënnef Minutten ze maachen.

Hien huet an de 50er a 60er mat Gospel an R'n'B ugefaangen. De Brown huet non stopp säi Sound an dee vu senger Band perfektionéiert: d'Perkussioun huet ëmmer méi eng grouss Roll gespillt, d'Rhythme goufe méi komplex, an et gouf manner richteg gesongen, bis datt hien Ufank de 70er Jore Funk als seng Museksrichtung etabléiert hat.

Säin 39. Album "Reality" ass bei Wäitem net dee bekanntsten, et ass fir seng Verhältnisser en engagéierte bis trauregen Album, mee en enthält ee vun den bekanntsten Drum Breaks, an zwar um Lidd "Funky President (People It's Bad)".

De Groove vun den Drums ass richteg ustiechend, et héiert een hypnotesch Keyboards an aggressiv Bléiser Parts, begleet vu rhythmesche Gittare Riffs, accentuéiert duerch eng Wahwah-Pedall. Dat Ganzt baut déi perfekt Basis fir dem Brown seng kräfteg Stëmm ervirzehiewen. D'Lidd hat just e mëttelméissege kommerziellen Erfolleg, mee gouf Google no bal 1.000 Mol gesampelt. Op déi verréckten Ziffer kënnt een, wann een d'Lidder opzielt, déi all e mini Deel aus dem Brown sengem Lidd gesampelt hunn: sief et dem Brown säin "Yeah" vum Ufank, oder just de Sound vun der isoléierter Snare, oder déi ganz éischt zwee Täkt:

Hei sinn e puer Lidder, déi "Funky President" gesampelt hunn, et ass net ganz esou einfach de Sample erauszehéieren, well et meeschtens just ëm d'Batterie geet, déi zerschnidden an nei verdeelt gouf.

Mee zum Beispill allkéiers wann Dir op "Hip Hop Hooray" vun Naughty by Nature danzt, da beweegt Dir Iech eigentlech op dem James Brown seng Drums, déi hei méi lues gespillt goufen.

Dat war um drëtten Album "19 Naughty III" vun der East Coast Rap Grupp Naughty by Nature, deen 1993 erauskoum. Zesumme mat "O.P.P" ass et eent vun de bekanntste Raplidder vun der Golden Age Era, wouduerch de Rap Trio aus New Jersey weltbekannt gouf.

Och hei sinn et Drums, déi iwwerholl goufen. Dem KRS One säi Lidd "Outta Here" gouf vum DJ Premier produzéiert a war op sengem éischte Solo Album "Return of the Boom Bap" ze fannen. Et bleift net méi vill vum James Brown iwwreg, mee ouni seng Perkussioun hätt eng ganz Era vum Hip-Hop warscheinlech ganz anescht geklongen.

Drums vum James Brown ware beim DJ Premier ganz beléift. Hien huet vill Lidder doraus gemaach, wéi zum Beispill och dat heiten: "Supa Star" vu Group Home. Si sinn och vun New York a waren en Deel vun der Gangster Foundation. Vun 2000 un huet een näischt méi vun hinnen héieren.