Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eurosonic 2023: dës Acts bleiwen an Erënnerung

Showcase-Festival

Eurosonic 2023: dës Acts bleiwen an Erënnerung

Méi wéi 300 Museker:innen a Bands - dat ass nawell eng fett Affiche. Do kann oder wëllt een natierlech net alles kucke goen. Tëscht dem 18. an 21. Januar sinn zu Groningen dausende vu Booker, Manager, Journalisten a soss Fans duerch 21 Concertssäll gebummelt. Hei ee klengen Iwwerbléck vun deenen Acts déi dëse Museksnerd am meeschte begeeschtert hunn.

auto_stories

3 min

Maz um Eurosonic, Fotoen: Jamie Reinert

QuinzeQuinze

https://quinzequinze.bandcamp.com/album/v-rua

Baussen op de Stroosse vu Groningen war et kal an naas. Am schicke Sall vun der Stadsschouwburg war et waarm an dréchen, trotzdeem koum d'Band "QuinzeQuinze" mat Reemäntel an Täscheluuchten op déi däischter Bün geschlach.

Hir atmosphäresch Pop/R'n'B Musek inspiréiert sech un de Memberen hire polynesesche Virfaren. Eng engagéiert Performance, déi ënner d'Haut gaangen ass.

Marina Herlop

https://marinaherlop.bandcamp.com/album/pripyat

Vun traditionellem Chouergesang op experimentell Pop-Musek. Dës katalanesch Kënschtlerin huet mat hiren zwou Backing-Sängerinnen a wëllem Perkussionist e spannende Bou gezunn an e perfekte Set gespillt.

D'Zesummespill war bei dëser komplexer Musek op de Punkt. Vun dëser eegewëlleger Musekerin wäert ee sécherlech méi dëst Joer héieren.

Anushka Chkheidze

https://chkheidzeanushka.bandcamp.com/track/war-generation-again

Spéit an der Nuecht ass sech an de Planetarium "Dot" geschlach ginn. Do konnt ee sech am Relax der georgescher Klangkënschtlerin Anushka Chkheidze hiren ambiente Set eranzéien.

Dat Ganzt gouf dann och nach vun enger hypnotescher Videoprojektioun begleet. Op eemol war ee fort.

Omni Selassi

https://omniselassi.bandcamp.com/album/what-we-talk-about-omni-selassi

Heiansdo ginn e puer réi Nouten, e puer rau Téin duer. Zemools, wa se mat esouvill Intentioun a Kreativitéit vun dësen dräi Schwäizer:innen op Gittaren a Batterien gehummert ginn. Wie weess, wat se genau maachen. Et ass ze gutt.

Weval

https://weval.bandcamp.com/

Open Air am Januar zu Groningen? Déi hei zwee Hären vun Amsterdam hunn op der Eurosonic Air Bün de Public mat hirer intelligenter Club Musek gehëtzt.

D'Fangere waren op de Knäppercher, d'Käpp konzentréiert um Bildschierm gepecht an dach si Gefiller duerch d'Anlag gefloss.

Zouj

https://zouj.bandcamp.com/album/metal-mixtape

Hanner dem Numm "Zouj" stécht den Adam Abdelkader Lenox. E franséich-marrokaneschen Amerikaner, deen zu Leipzig baséiert ass.

Op der Bün war e liicht egomanesch drop. Trotzdeem huet seng onberechenbar an eckeg Hyper-Pop Musek een net kal gelooss.

Maz

https://www.youtube.com/watch?v=sAomVDrzmDU

E Freideg den 20. Januar um 21.30 war et esouwäit. Am Grand Theatre koum de Maz mat Wuppes op d'Bün an huet de Sall mat senger epescher Performance begeeschtert.

Seng Rhymes koume wéi aus der Flënt. Seng stilistesch Spréng vu Rap iwwer Metal op Emo hunn ee bei der Staang gehalen. Mir si gespaant wéi et weider geet fir eise faméise Rapper.