Radioen

On air

Notturno  |  Homegrown Syndrome - Got The Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng zimlech eckeg Scheif

Album vun der Woch

Eng zimlech eckeg Scheif

Beim Kichendësch wieren déi meescht Titele vun hiren éischten Album "Hi Now Hello" entstanen - esou erzielt et op alle Fall déi Lëtzebuerger Musekerin Florence Besch. Do mécht et dann och Sënn, dass een op der Plack zimmlech vill Lidder fënnt, déi sech hir Nimm an d'Welt vun der Kulinarik léine ginn, sief et "Toast", "Algae in the Sand" oder einfach "Fusilli". An "Lullaby for the Fried Mind" ass et dann direkt de gegrillte Geescht, deen e Schloflidd gesonge kritt.

auto_stories

3 min

Et sinn natierlech Metapheren, déi d'Florence Besch hei mat enger gudder Portioun Ironie zerwéiert: Am Lidd "Fusilli" steet déi gedréinten Nuddel fir de Loop vum Liewen, deen sech heiansdo op frustréierend Manéier am Krees dréint. Obwuel dësen Album natierlech och eng Scheif ass, dréit en sech definitiv net ëm sech selwer - am Géigendeel: Dës Scheif ass net ronn, mee eckeg.

An den 12 Titelen schwätzt d'Florence Besch ëmmer erëm gesellschaftlech Mëssstänn un: A "Feeling Sick" geet et ëm mental Gesondheet, d'Recht sech och emol net gutt ze fillen an dat dann och däerfen auszedrécken.

"Decisions" gouf aus Ulass vum Weltfraendag geschriwwen a "Microman" thematiséiert déi nach ëmmer relativ wäit verbreet Gewunnecht vu verschiddene Männer, sech fir den Nuebel vun der Welt ze halen: "He's just a man / Trying to be king / Can't be sensitive / He needs to win".

Dee Virworf, deen ee Singer-Songwriter-Musek heiansdo mécht - an zwar, dass do och haaptsächlech fir den eegenen Nuebel gesonge gëtt - deen trëfft op "Hi Now Hello" definitiv net zou. Der Florence Besch hir Stëmm bleift zeréckhalend, tatsächlech wéi wann si fir sech selwer géing sangen, mee duerch déi variéiert Arrangementer gewënnt d'Musek vill Facetten dobäi, déi iwwer de Genre vum Bedroom Pop - oder an dësem Fall Kitchen Pop - erausginn. Et gëtt ee souwuel un d'alternativ Musek vun den 90er erënnert, wéi och un den Anti-Folk-Mouvement, an souguer elektronesch Kläng fannen hei hir Plaz. Opgeholl an arrangéiert gouf der Florence Besch hiren éischten Album an de Kölner Bear Cave Studios a verëffentlecht gëtt e vum Düsseldorfer Label Unique Records.

Och wann d'Texter dacks einfach gehale sinn, mat ganz wéinege Wierder a kuerze Sätz, sou entwéckelen se awer duerch d'Manéier ze betounen an duerch d'Widderhuelungen eng ganz speziell Wierkung. Änlech wéi d'Lidd "Roadtripping", dat eng imaginär Rees beséngt, hëlt een "Hey Now Hello" beim Lauschtere mat op spannend Plazen, wäit ewech vun der Kichen an där d'Musek ursprénglech emol komponéiert gouf. Ob den Dësch an der Kiche lo ronn war oder eckeg, ass leider net iwwerliwwert.