arrow_back_ios

article

article

/ Prozessoptakt géint illegal Raver bei Hengescht viru knapp annerhallwem Joer

Justiz

|
reading time

1 min

Prozessoptakt géint illegal Raver bei Hengescht viru knapp annerhallwem Joer

16 Méint nodeems d’Police bei Hengescht eng illegal Rave-Party opgeléist hat, fänkt de Moien de Prozess dozou um Dikrecher Geriicht un.

reading time

1 min

63 Ugekloten, virun allem aus Flandern an aus Holland, musse sech virum Friddensgeriicht veräntweren, dat wéinst der grousser Zuel u Beschëllegten op d’Dikrecher Geriicht eriwwer wiesselt. 

Véier Sëtzungen 

Dëse Prozess ass op véier Sëtzungen ugesat, bis en Donneschde mat d’Uklopunkte sinn ënner anerem Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz a géint d’Gemengereglement iwwer de Schutz viru Kaméidi. Eng 90 Beamte waren am Juli zejoert am Asaz, fir d’illegal Rave-Party op engem Feld an enger Natura-2000-Zon opzeléisen.

No der Party hat de Buergermeeschter vu Clierf Georges Keipes am 100,7-Interview erkläert, ronn 500 Mënschen hätten deemols un der Rave deelgeholl an weder d'Gemeng nach de Proprietär vum Terrain wieren am Virfeld informéiert gewiescht. 

Wat genee sinn eigentlech Raves? Dat kënnt Dir hei liesen a lauschteren