Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Geschicht vu falsch verstanener Léift

Album vun der Woch

Eng Geschicht vu falsch verstanener Léift

Als Geschichtenerzieler vun éischtem Rang wieft de kanadesche Lidderschreiwer Andy Shauf op senger 6. Studioplack "Norm" een décke Plot, deen engem Horrorfilm oder enger Netflix-Mystery-Serie wierdeg ass. Postmodern Erzielkonscht tëscht Paul Auster, David Lynch a Real-Crime Documentary gëtt verpak a musikalesche Miwwel äus de 70s, fluffeg a waarm. Den Effekt ass um Enn dee vun engem psychologeschen Avantgarde-Thriller: schockéierend, a seltsam wonnerbar.

auto_stories

5 min

Foto: Colin Medley

International huet den Andy Shauf 2016 fir d'éischt esou richteg op sech opmierksam gemaach, mat senger drëtter Studioplack "The Party", an där hien déif an d'Séile vun de Gäscht op enger Hausparty kuckt an dann an engem Twist den Nolauschterer bei den eegenen Träipen hëlt. Seng schaarfsënneg, tragesch-witzeg Texter sinn typescherweis agebett an erzieleresch Taktwiessel a 70s Sound.

Mat sengem Bandprojet, Foxwarren, huet hie schonns an de Rotonde gespillt, an eleng d'lescht Joer an der Kulturfabrik. Zanter 2020 bréngt de Mann aus dem Saskatchewan all Joers eng Plack eraus. D'Nummer 6 an der Diskographie heescht "Norm", a schléit sech nees eng Kéier op wéi ee Buch... oder méi modern nach, ee mysteriéisen Drama fir den Ecran.

Musikalesch Erzielkonscht

Eng Netflix-Serie, oder ee Kinosfilm? Wéinstens dräi Personnagë kann een nom Lauschteren an der Geschicht ausmaachen: fir d'éischt mol Gott, deen direkt am éischte Song dem Jesus d'Absicht hannert der Kreatioun erkläert. Schonn dës, also Alles, entseet aus liicht verstéierende Motivatiounen, gefierft vu Gott sengem Verlaangen no Bestätegung a Léift.

Den zweete Personnage ass de marginalen Norm, een einsamen, erfolleglosen Näischnotz, deem säi Verlaangen no Léift, hien zu engem Stalker, villäicht esouguer zu engem Entféierer mécht. Als lescht, déi Drëttpersoun, villäicht eng Ex vum Norm, déi d'Roll vum Katalysator an der Geschicht iwwerhëlt.

An engem Interview mam Museksblog Stereogum erkläert de Shauf d'Schichte vu Geschichten hannert sengen Texter, mat Gott mol als Personnage mol als Narrateur. Nëmmen ee vun den dubiéisen Acteuren an engem Trauerspill, bei deem e Stalker den traurege Wee vun amouréiser Faszinatioun bis zur morbider Obsessioun duerchmécht.

Vill "True Crime Stories" hätt hie wärend der Pandemie gekuckt, esou de Shauf, eng Zäit wou hie kee perséinlecht Liewe gehat hätt, vun deem ee schwätze kéint. Dës an enger Documentairesstëmmung nogestallten Erzielunge vu Verbriechen, déi richteg geschitt sinn, sinn net nëmmen d'Originn, mee och deels d'Zilscheif vun dëser Geschicht.

D'Léift, infizéiert vun Internet-Voyeurismus

Voyeurismus steet am Zentrum vun "Norm".

"Et ass mir och drëm gaangen, eise Rapport mam Internet ze beschreiwen. Et gëtt eis Zougang zu jidderengem, bal jidderengem, wann ee Loscht huet, matzemaachen. Dat Element mécht, datt mir kënne mat anere Leit interagéieren, ouni, datt se mat eis interagéieren, mécht mech onwuel. Ganz allgemeng. Ech mengen, jiddereen ass vertraut mam Gefill, een e bësse besser ze kennen, wéi e sollt. Ech mengen, ech hunn déi Iddi e bëssen ënnersicht."

An esou erzielt de Shauf, wat ka passéieren, wann een d'Léift falsch versteet. Villäicht esou wéi den Internet-Sproch "Sharing is Caring" d'Léift deels falsch versteet, nämlech duerch de Voyeurismus, dee matschwéngt.

Mat der ganzer Gott- Geschicht geet et natierlech och ëm d'Fro, vu Wou Léift hierkënnt, a wat hir mysteriéis Verbindung mat Loscht an Zerstéierung ass. Et ass eng Fro, déi d'Musek op der Plack mat enger Mëschung aus Leiden an Humor beäntwert. An engem formale Sënn ass dem Shauf seng Approche hei revolutionär. Seng Plack bitt net nëmme Musek, mee gläichzäiteg ee Kinosfilm oder eng Comic-Mystery-Serie, déi mat Spoiler Alerts misst beschwat ginn. Et ass schonn iergendwéi verréckt.

Mat scheinbar onendlecher Konschtfäerdegkeet maniéiert de Shauf Text a Musek fir Suspense opzebauen, mat engem Holzbléiserensemble als trageschem Chouer, deen oft méi vun der Geschicht erzielt wéi déi kuerz a pregnant Situatiounsskizzen an den Texter.

Onzouverlässeg Erzielerfiguren

D'Musek kléngt dobäi alles anescht wéi dramatesch. Et ass genee de Kontrast tëscht den Texter, déi mat hirem duebele Buedem e bësse schwindeleg maachen, an der séisser, detailléierter Musek, deen dës Plack ausmécht. Wéi d'Séisst vu politesch-korrektem Discours oder vun den trügerësche Versprieche vun der Léift. Et wéilt ee soen, Âmes sensibles s'abstenir? Mee och iergendwéi net, well ouni Sensibilitéit kann een dës Plack och net appreciéieren.

Dem Shauf no ass d'Erzielweis inspiréiert um David Lynch sengem Film Mulholland Drive, deen och um Lockdown-Owesprogramm vum Songwriter stoung.

D'Resultat ass eng pakend Story, déi ee wochelaang kéint beschäftegen, an esou munch Fro un ee selwer kéint lasstrëppelen. Wat muss ee maache fir d'Léift richteg ze verstoe wann esouguer Gott et net hinzekréie schéngt? Wéi eng neiaarteg Form vun der Erwuessenen-Ënnerhalung gëtt sech d'Plack den Air, geféierlech ze sinn, villäicht souguer kriminell, a fänkt dach ëmmer erëm Momenter op, déi mir un eis selwer erkennen.

Wéi de seensüchtege Graff nom Telefon, wa sech emotional ee Lach opdeet an een net méi kann ouni Kommunikatioun bestoen, op "Telephone". Déi idiotesch Idealiséierung vun anere Mënschen, déi ee wichtegt Element am Entstoe vu Léift duertellt, op "Catch Yor Eye". A bal ëmmer droen d'Hörner de Floss vun der Geschicht, a fierwen d'Momenter narrativ an, wéi op "Daylight Dreaming."

Musikalesch gesi stiechen "Halloween Store," "Wasted On You" an "Norm" als déi beschte Songs eraus, wärend déi aner trotz hirem Charme ee gewëssen Iwwerleedungscharakter net verstoppe kënnen. Déi narrativ Experienz huet hei ee klenge Präis. Et vermësst een och e bësse vun där rhythmescher Diversitéit, déi "The Party" zu esou engem ofwiesslungsräichen Album gemaach huet. Dofir gëtt ee belount mam exzentreschen op an of vun engem Thriller, dee scheinbar a Watt gepaakt ass.

Ee multimediaalt Wierk an d'Form vun engem klassesche Singer-Songwriter-Album ze paken - Bravo. A jo, e bëssen Nolauschtererdiskretioun ass verlaangt, just fir sécherzegoen, dass een d'Léift hei net falsch versteet.