Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Air

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neien Orchester fir d'Philharmonie

Riicht Eraus

En neien Orchester fir d'Philharmonie

En Amateurorchester, keng Feier fir de 15. Gebuertsdag, eng Ouverture vun der Philharmonie fir Touristen am Summer an en neien Internetsite: Trotz dem Impakt vun der Pandemie, kuckt een an der Philharmonie no vir. No vir kuckt och d'Lydia Rilling. Déi aktuell Chefdramaturgin an Directrice Artistique vum de rainy days verléisst d'Philharmonie 2022 fir d'Direction Artistique vum renomméierte Festival fir nei Musek Donaueschinger Musiktage ze iwwerhuelen. D'Lëtzebuerger Kulturzeen wäert och op hir nei Tâche en Afloss hun.

auto_stories

4 min

D'Lydia Rilling an de Stephan Gehmacher,

Den Ament géif ee ganz aktiv un engem Amateurorchester schaffen, seet de Stephan Gehmacher. Et géif ee sech d'Fro stellen, ob d'Philharmonie - esou wéi och aner Concertshaiser am Ausland - en "Anziehungspunkt" fir esou en Ensembel kéint sinn. Wann nees méi Amateurmuseker kéinten zesumme kommen, géif ee kucken op dëst eng Initiativ fir d'Concertshaus kéint sinn.

E wichtege Punkt wier et, datt dësen Orchester eemol am Joer am grousse Sall vun der Philharmonie e Concert spille kéint. Fir d'Prouwe misst ee fir den Ensembel awer en anere Sall fannen. Deen eenzegen, dee fir en Ensembel vu sinfoneschen Dimensiounen an der Philharmonie a Fro kéint kommen, ass dee grousse Sall. Well een deen ënnet anerem aus finanzielle Grënn awer net een Dag an der Woch blockéiere kéint, wier een op der Sich no engem anere schéine Sall fir dësen Orchester.

Wat den Dirigent ugeet, géif ee sech am OPL ëmkucken. Et géif vill Membere ginn, déi och eng Dirigentenausbildung hätten, seet de Stephan Gehmacher:

"Bei uns gibt es zum Beispiel einen Schlagzeuger der auch sehr gut dirigiert."

15. Gebuertsdag gëtt net nogefeiert

2020 sollt d'Philharmonie hire 15. Gebuertsdag ënner anerem mat engem "Fräiräim-Festival" feieren, bei deem Lëtzebuerger Museksinitiativen - souwuel Amateuren, wéi och Profien - d'Philharmonie als Bün zur Verfügung gestallt sollte kréien. Och wann een de 15. Gebuertsdag net méi géif feieren, géif de Festival awer am Juni 2022 nogeholl ginn.

Duerch d'Corona-Pandemie hätt ee sech an der Philharmonie d'Fro gestallt, wéi een d'Haus an Zäiten, wou keng Concerte sinn, zougänglech maache kann. Soubal et legal nees méiglech wier, wéilt een d'Philharmonie besonnesch am Summer méi fir Touristen*innen opmaachen. Den Ament wier et awer ze fréi, fir dës Initiativ am Detail kënne virzestellen.

Internetsite gëtt iwwerduecht

Wärend dem zweete Confinement hätt een d'Unzuel vun de gestreamte Concerte massiv an d'Luucht gezunn an eng Rei Formater speziell fir de Streaming entwéckelt, seet de Stephan Gehmacher.

Den Ament wier een dobäi eng Bilanz ze zéien a sech ze froen, wat dovu Potential fir d'Zukunft huet a wéi eng Offer och no der Pandemie nach fir d'Clienten interessant wier. Och generell géif den Internetsite vun der Philharmonie an d'Aart wéi d'Concerthaus kommunizéiert iwwerduecht ginn.

"Wann een esou wëll, huet d'Pandemie dat vläicht och acceleréiert, well Kapazitéite fräi gi sinn. [...] Grad am Beräich vum Marketing si Kapazitéite fräi ginn, an deem Sënn, datt een net all Woch fënnef Concerten hat, déi intensiv hätte misse promoted ginn."

Prioritéit op fräiberufflech Autorinnen an Auteuren

Als Chefdramaturgin vun der Philharmonie ass d'Lydia Rilling ënner anerem fir sämtlech Publikatioune vum Concertshaus zoustänneg. Bis Enn Mee 2021 wiere 65 Concertsprogrammer entstanen, 30 Programmer manner, wéi an der selwechter Zäit an enger regulärer Saison. Dës Saison hätt een allerdéngs vill méi kuerzfristeg geschafft, well een dacks réischt am leschten Ament wousst wéi eng Solisten*innen optrieden oder wéi eng Stécker um Programm stinn.

Alles an Allem géif d'Philharmonie mat 100 Autorinnen an Auteuren zesumme schaffen. D'Opträg fir d'Texter wieren am leschte Joer virun allem un déi fräiberufflech Auteuren dorënner gaangen, seet d'Lydia Rilling.

"Dat hu mer zanter dem Ufank vun der Pandemie ganz staark gemaach, datt mer besonnesch probéiert hunn déi Autorinnen an Auteuren, mat deene mer souwisou gären zesumme schaffen, an déi elo tatsächlech an d'Bredouille komm sinn, prioritär ze engagéieren."

rainy days 2021

Wou ee festgestallt hätt, datt de Festival 2020 net wéi geplangt konnt realiséiert ginn, hätt ee séier d'Entscheedung geholl en ze verleeën. Dës Decisioun wier grad fir d'Kënschtler*innen a Komponist*inne ganz wichteg gewiescht, mengt d'Lydia Rilling.

"Et muss ee sech virstellen, datt d'Komponist*inne méintelaang, zum Deel ee Joer oder nach méi laang un de Wierker geschafft hunn, déi eigentlech bei de rainy days uropgeféiert sollte ginn."

Lëtzebuerg am Hannerkapp

Ab dem Mäerz 2022 iwwerhëlt d'Lydia Rilling d'Direction Artistique vun den Donaueschinger Musiktagen, dem weltwäit eelste Festival fir nei Musek. Wärend d'Editioun 2022 nach komplett vum aktuellen Directeur Artistique Björn Gottstein geplangt gëtt, wäert de Programm 2023 zum groussen Deel vun der Lydia Rilling kuratéiert sinn. Déi lëtzebuergesch Kulturzeen vergësst si dobäi net:

"Als Kurator, Kuratorin schäfft een natierlech aus allem, wat ee kennt a wat een héieren huet. Dat ass jo souzesoen de Reservoir mat deem ee schafft. A mäin ass natierlech och ganz staark doduerch beräichert ginn, datt ech hei schaffen, an datt ech déi lëtzebuergesch Musekszeen kennen. An doraus wäert ech an Zukunft och ganz kloer schäffen."