Elektronesch, mysteriéis, komesch, verspillt a mat vill Géigesätz verbonnen. D'Musek vu Slumbergaze ass duerch déi sëllegen Aspekter schwéier ze definéieren.
Als Multi-Instrumentalist zéckt den Eric Juncker net Noute vu senger eegener Bassgittar mat anzebauen. E Slumbergaze-Tune besteet net nëmmen aus digitale Sampelen. D'Harmonie entsteet eréischt wann d' Melodie an all minimalistesch Geräischer hir Plaz fonnt hunn.