Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Album vun der Woch: E Gedankefloss aus der Banalitéit vum Alldeeglechen

Dry Cleaning: Stumpwork

Album vun der Woch: E Gedankefloss aus der Banalitéit vum Alldeeglechen

Den neien Disk "Stumpwork" zementéiert den Hype ronderëm déi brittesch Band Dry Cleaning. Gepräägt vu Post-Punk Gittaren an dem lakonesche Spriechgesang vun der Frontfra Florence Shaw, knäppt "Stumpwork" un de Sound vu sengem Virgänger un, ouni dësen ze kopéieren oder ze widderhuelen.

auto_stories

3 min

Lescht Joer eréischt koum den Debutalbum "New Long Leg" eraus, mat deem Dry Cleaning sech direkt un d'Spëtzt vun den Charts an an d'Häerzer vun de Musekskritiker gespillt hunn. Den neien Disk "Stumpwork" zementéiert elo den Hype ronderëm d'Band.

De berüchtegten zweeten Album ass jo fir vill Bands eng schwéier Affär, besonnesch wann den Debut esou erfollegräich war wei am Fall vun Dry Cleaning. Dem eegene Sound trei bleiwen a sech awer weiderentwéckelen - meeschteren Dry Cleaning dëse Spagat op Stumpwork?

Max Tholl: Ganz klore Jo vu menger Säit! Stumpwork knäppt un de Sound vu sengem Virgänger un, ouni dësen ze kopéieren oder ze widderhuelen. Den Album ass ëmmer nach vu Post-Punk Gittaren an dem lakonesche Spriechgesang vun der Frontfra Florence Shaw gepräägt, mee et ass eng natierlech Progressioun ze spieren.

Grad déi lescht Songs um Debutalbum hu schonn eng gewëss méi experimentell Säit vun der Band ugedeit, an dës réckt elo op Stumpwork méi an de Virdergrond. Schonn direkt den éischte Song "Anna Calls From The Arctic" iwwerzeegt duerch verdreemten Ambient-Soundscapes a Blosinstrumenter, déi een sou nach net vun der Band héieren huet.

War den Aarbechtsprozess fir dësen Album dann een anere wéi nach beim Virgänger, oder gëtt et och hei vill Iwwerschneidung?

Et war quasi eent-zu-eent de selwechte Prozess. Si waren am selwechte Studio an hanner dem Mëschpult souz och dës Kéier de bekannte Museker a Produzent John Parish, deen ee villäicht als musikalesche Sidekick vun der PJ Harvey kennt. D'Band selwer seet, beim Debut hätte si nach e staarken Hochstapler-Syndrom an eng gewëss Angscht am Studio verspiert, déi awer elo duerch eng Loscht um Experimentéieren an Improviséieren ersat goufen.

A scheinbar hu sech och hir Ping-Pong-Skills an der Studiozäit däitlech verbessert, wéi d'Band matdeelt. Ech weess net, ob dat elo e signifikanten Impakt op den Disk hat, mee op alle Fall ass erauszehéieren, datt Dry Cleaning sech trauen, neien Territoire ze betriede mat Songs ewéi "Hot Penny Day" deen duerchaus als funkege Psychrock duerchgeet, oder mat méi poppege Stécker ewéi "Kwenchy Kups", dat esou séiss kléngt ewéi dat Zockerschock-induzéierend Gedrénks, dat dem Lidd den Numm gëtt.

Max, du sos musikalesch huet sech d'Band weiderentwéckelt, wéi gesäit et da bei de Songtexter aus?

Och op "Stumpwork" stinn nees der Florence Shaw hier dadaistesch a surreal Alldagsobservatiounen am Mëttelpunkt vun den Texter. Dës sinn awer dës Kéier méi intim a politesch, well se duerch verschidde Stierffäll an de Famillje vun de Bandmemberen inspiréiert goufen, an natierlech och déi politesch Situatioun a Groussbritannien genuch Material liwwert.

Wat d'Texter vun der Florence Shaw esou eenzegaarteg mécht, ass hiren Don aus eigentlech ganz abstrakten an krypteschen Zeilen trotzdeem eng Stëmmung ze schafen, déi immens vill Contenuen transportéieren. Et ass ee Gedankefloss aus der Banalitéit vum Alldeeglechen, deen awer ongeheier aussergewéinlech kléngt.