Radioen

On air

Notturno  |  Steve Gunn And David Moore - Painterly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dës 8 Acts triede beim "Screaming Fields" 2022 op

Newcomer Festival

Dës 8 Acts triede beim "Screaming Fields" 2022 op

De Screaming Fields gëtt zanter 2010 vum Rockhal Rocklab organiséiert. De Festival sicht, begleet an ënnerstëtzt jonk Artist:innen an der lëtzebuerger Musekszeen. Den Jamie Reinert a Marc Clement stellen déi aacht Acts fir, déi um Screaming Fields Festival dëse Samschdeg, 9. Juli an der Rockhal wäerte spillen.

auto_stories

5 min

De Screaming Fields Festival 2022 ass de 9. Juli an der Rockhal.

Sixo

Sixo

"Elo ass de Moment fir richteg Gas ze ginn an ze weise wien ech wierklech sinn" seet den 20 Joer jonke Rapper vun Iechternach. "Ech hunn eng Visioun fir mat Lëtzebuergeschem Rap international ze kommen, an ech wäert mat Lëtzebuergeschem Rap international kommen. Duerfir sinn ech do", esou de Sixo.

Sixoplay_arrow

Zirocco

Zirocco

"Wann iergendeng eng Band et fäerdeg bréngt Lëtzebuerger Metal Musek an eng nei Direktioun ze drécken ausserhalb vun der lokaler Zeen, da si mir et" esou de Sänger a Gittarist Sebastien Rengifo. D'Membere kommen aus der international Communautéit, doduerch géinge si och Lëtzebuerg mat sengem Multi-kulturellen Horizont representéieren. "Eist Zil ass et eppes Neies an Opreegendes ze kreéieren", seet de Gittarist Nick Kellam.

Ziroccoplay_arrow

Pinkspace

Pinkspace

"Ech fannen et wichteg datt d'Leit generell eng gutt Zäit hunn" seet de Lëtzebuerger Produzent Gil André. "Pinkspace soll net eppes Nationales sinn, et soll an d'Ausland kommen, ech ginn 200 Prozent fir datt dat soll geschéien." Vum Screaming Fields Festival erwaart hie sech nei Erfarungen ze sammelen an eng gutt Ambiance ze schafen.

Pinkspaceplay_arrow

Triana y Luca

Triana y Luca

"Et ass eis immens wichteg erëm zeréck ze goen an eisen Traditiounen", esou de Gittarist a Sänger Luca. Zesumme mat der Sängerin Triana géinge si traditionell Mexikanesch, Spuenesch, Latäin-Amerikanesch Musek op eng komplett nei an innovativ Manéier komponéieren. De Weekend an der Rockhal ze spille wier immens, seet de Luca: "Op der selwechter Bün ze si wéi all déi grouss Acts déi hei duerch Lëtzebuerg kommen... ech mengen ech hunn et nach ëmmer net realiséiert."

Triana y Lucaplay_arrow

Suffocate

Suffocate

Suffocate spillen Hardcore Metal a fäerten net, och emol géint de Stroum ze schwammen. Unzeschwätzen, wat net geet, ass hinne wichteg, sief et zu Froe vu mentaler Gesondheet oder anere Problemer. De Gittarist Philippe Mentz an de Bassist a Sänger Noé Steffenmünsberg hu sech nom Breakup vun enger anerer Band, Awakening the Seasons, zesummefonnt an der Band hiren Ustouss ginn.

Suffocateplay_arrow

Deep Dive Culture

Deep Dive Culture

De Bandleader vun Deep Dive Culture, de Kevin Heinen, ass och Solo ënnerwee mee hien huet mat der Band een Doheem fir seng Musek fonnt. No "Crumbling", engem Song, deen de Gebrauch vun Alkohol an emotional schwierege Situatiounen thematiséiert, kënnt hir nächst Single "Strange As You Are" Enn des Mounts, domat kuerz no hirem Optrëtt beim Screaming Fields, eraus.

Deep Dive Cultureplay_arrow

Scian

De Cover vu Scian hirem Album "Blue Sky Minimal Aesthetic", gemaach vum Ethan Carey.

Scian ass ee gälescht Wuert, wat an Irland nach ëfters benotzt gëtt, fir ee Messer ze designéieren. Den Ethan Carey, deen de Projet leet, huet schonn a senger Heemecht mat Post Rock, Metal a Folkprojet Spore gesammelt, an ass och Solo an engem Duo ënnerwee. Mat Scian huet hien zu Lëtzebuerg déi richteg Band fonnt, fir weiderzeschaffen. D'Songs huet hien Ufanks eleng geschriwwen, mat Stëmm a Rhythmusgittarist, éier d'Band zu den Arrangementer bäigedroen huet. D'Lidder waarden nach drop erauszekommen, an nom éischte gréissere Concert an der Rockhal fänkt d'Aarbecht un enger Release fir September un.

Scianplay_arrow

Trouble in Paradise

Trouble in Paradise

Trouble in Paradise sinn eng jonk Trupp aus verschiddene Schoulen, inklusiv Waldorf- an Europaschoul. Hire Projet hu si mat vill Schweess aus dem Buedem gehuewen, nodeem si aus Spaass de Song "Obnoxious" opgeholl haten, an op Gold gestouss sinn. Rock-Influenzen an R&B komme bei hinnen zesummen. De Fakt, datt jidderee vun hinne verschidden Instrumenter spille kann, an hir reegelméisseg Rendezvouse fir ze schreiwen an opzehuelen, erlaben et dëse passionéierte jonke Museker, alles ze verwierklechen, no wat hinnen d'Häerz gelëscht - an dozou gehéiert och Geschichten erzielen.

Trouble in Paradiseplay_arrow