Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dent May - I Could Use A Miracle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi perfekt Well

Album vun der Woch

Déi perfekt Well

The Waeve ass eng nei Band vun albekannte Gesiichter: Wann d'Rose Elinor Dougal an de Graham Coxon zesumme Musek maachen, da stëmmt d'Chimie. Dat beweist hiren Debut-Album "The Waeve".

auto_stories

3 min

Solle mer e Lidd zesumme schreiwen? Dat ass déi Fro, déi d'Rose Elinor Dougall enges Daags am Joer 2020 gestalt huet - an zwar kengem anerem wéi dem Graham Coxon, bekannt ënner anerem als Gittarist vun der brittescher Formatioun Blur. Dee war zu deem Zäitpunkt grad an enger kreativer Kris an huet no enger neier Richtung gesicht an déi hie sech musikalesch kéint orientéieren. Aus engem Lidd sinn der e puer ginn, an aus dem Rose Elinor Dougall an dem Graham Coxon eng richteg Band: The Waeve.

Albekannte Gesiichter

Mat Dougall a Coxon treffe sech keng Newcomer. De Graham Coxon huet duerch säi Gittarspill de Sound vum Britpop mat definéiert, d'Rose Elinor Dougall war Deel vum Trio The Pipettes, déi hir Musek als Hommage un déi grouss Girlbands aus de 50er a 60er Jore verstanen hunn. Si sinn dann och an entspriechenden Outfits a mat passende Choreographien opgetrueden.

"The Waeve" ass awer elo kee Britpop trëfft Motown-Album, och wann een déi Influenze plazeweis erëm fënnt. Zum Beispill an den epesche Sträicher vun Drowning, déi sech net a melodeschem Wuelgefalen opléisen, mee amplaz dovun ënner ginn, am Dausche vun de Gittaren an dem Donnere vun enger Batterie mat vill Hall.

Wéi de Bandnumm et schonn undeit, spillen d'Mier an iwwerhaapt d'Element Waasser eng zentral Roll an der Musek an den Texter. D'Schreifweis vun The Waeve spillt dann och op d'Manéier un, fir am alen Engleschen The Sea ze buschtawéieren, also Sae. "Drowning" heescht eent vun de Stécker, en anert ass nom Waassergeescht "Undine" benannt.

Däischter Folkgeschichten

Post-Punk, Pop, Prog - um Debut-Album vun "The Waeve" gläicht kaum ee Stéck deem aneren. Een Element, dat déi zéng Stécker zesummenhält, ass d'Begeeschterung fir den englesche Folk. Awer net déi Zort Folk, déi kengem wéi deet - d'Rose Elinor Dougall an de Graham Coxon interesséiere sech fir déi däischter Geschichten, déi de Folk zielt. Referenze sinn ënner anerem den Duo John & Beverly Martyn, awer och d'Sandy Denny vu Fairport Convention.

The Waeve geléngt et, all dës ënnerschiddlech Aflëss mateneen ze verbannen, op engem Album, fir deen ee sech e bëssen Zäit muss huelen. Den Duo huet hei net nëmme selwer komponéiert, mee och produzéiert, opgeholl an all d'Instrumenter gespillt. De Graham Coxon huet souguer de Saxophon erëm ausgepaakt, dat Instrument, dat hie viru senger Karriär bei Blur geléiert hat. De leschte Schlëff huet der Produktioun um Enn de James Ford ginn, an d'Sträicher goufe vum Elysian Quartet agespillt.

Wéi de Cover vum Album eng schwaarz-wäiss Foto mat knallegen Neon-Faarwe kombinéiert, sou ass The Waeve bestëmmt vu Kontraster, schéin an düster, melodesch an dann erëm dissonant, heiansdo Pomp an dann erëm Punk, an duerch déi Dynamik ebe spannend.